Skip to main content

CEV CHALLENGE CUP - Countdown

Le Champion de Luxembourg 2014, le RSR Walfer mérite une 2ième chance contre les Pro de Mulhouse. Rendez-Vous mardi 11 novembre à 19h30 à Walferdange.

 

Plus que 1 jour avant que les portes du "Circus Maximus de Walferdange" s’ouvrent au public des fans du volleyball. Si en 2013, l'équipe de Serge Karier a su profiter du moment pour écarter les chypriotes de Famagusta, cette 2e édition du Challenge Cup ne donne plus rendez-vous à des inconnues. Le tirage au sort a voulu que Walferdange affronte une fois de plus les Pro de Mulhouse, équipe qui en 2013 avait éliminée nos filles au 3e tour du challenge Cup. Mais la capitaine Lara Ernster et ses co-équipières veulent tenter leur 2e chance et ne plus se battre à armes rompues. Elles veulent offrir aux spectateurs, qu'elles espèrent nombreuses, un combat ouvert et montrer qu'une équipe peut grandir sous l'impulsion d'un grand esprit d'équipe, d'une volonté combative et d'un public brûlant.

Venez nombreux et passer un agréable moment.

Commandez votre billet d'entrée par SMS au 621 290 426 (Nom + nb de billets) et profitez du prix réduit de 5 € (vs 8 € en caisse du soir). 

 

 
 
 
 

5. CEV Challenge

  • Hits: 3316

United World Games

Walfer vertrett Letzebuerg bei den United World Games zu Klagenfurt.

UWG

"Förderkader 2014 - 2ter Akt" :

Genau wéi am Virjoer, sollt och t'Enn vun der Saison 2013-2014 am Zeechen vun der Jugendförderung stoen. Den Veräin huet sech ganz kloer als Ziel gesat, déi vum Serge K. agefouert Initiative weider liewen ze loossen, andeems e bëssi méi intensiven Trainingscontenue a Volumen fir eis Cadets (ettes) an Junioren (innen) sollt ugebueden gin. Dës Fördermodulen sollen et den Jugendlechen erlaben den Rhythmus ze steigeren an si iwert dé Wee dem Spillniveau vun eisen éischten Equipen méi no ze brengen.

Mam Friedrich Rodenberg, huet Walfer sech erëm en "alen" dh en fréieren Trainer mat an t'Boot geholl fir eis Jugendaarbecht besser ze koordinéieren. Domat haten mir och t'Geleegenheet eisen Meedercher den Förderkader unzebidden. Gläichzäiteg haten mer schon e bëssi mam Gedanken gespillt fir eis Jugend och emol op een Auslandsturnéier ze schécken, engersäits als Belounung fir déi gutt geleeschten Aarbecht, an op der anerer Säit fir déi jeeweileg Jugendlecher als Equipe (Eenheet) nach e Stéck méi zesummen ze schweessen.

Gesicht gouf also en Event mat internationalem Flair, wou den Spaassfaktor grouss geschriwwen gëtt. Ganz séier ass den Serge op en absolut Dram-Event gestouss, wou sech méi wei 5.000 Jugendlecher treffen fir Sport ze maachen an och nei Sportler kennen ze léieren.

Op den Programm goufen "United World Games (UWG) 2014 zu Klagenfurt" geschriwwen, wou mir als Walfer als éischt Equipe an der Geschicht vun den UWG, Lëtzebuerg vertrieden dierften. Fir t'Editioun vun den UWG 2014 sin 6.000 Spiller (innen) aus 30 Natiounen ageschriwen, déi an 8 Sportaarten géinteneen untrieden sollten. Eenzeg an eleng t'Prüfungszäit sollt dem engen oder aneren e Strich duerch t'Rechnung maachen. Schued, well se hun eppes verpasst.

RV wor en Donneschdeg den Owend zu Walfer fir mat 15 Sportler, 3 Coachen an 5 (an en Hallwen) Betreier déi laang Rees (11 Stonnen Bus) op Klagenfurt unzetrieden. Des Belaaschtung sollten mir awer net bedaueren, well Moies frei (7h00) huet een absolut g**len Sportkomplex op eis gewaart wou an allen Ecker Sportler op hier éischt Asätz gelauert hun. Den Fussballstadion, den fir t'Euro 2008 erricht ginn wor, ass en absoluten Bijou,  an awer héich funktionell.

Mat Playerstown (okay dat wor en absolut léiwen Camping nierwt dem wonnerschéinen Wörthersee, den Shuttelbusen an der Erëffnungszeremonie huet sech ganz séier e Stéck olympeschen Flair verbreed, eis Sportler woren méi ewéi zefridden.

 [widgetkit id="7" name="UWG - Slideshow"]

 

Sollt elo een vu Iech erwaart hun hei präzis sportlech Resultater ze fannen, dann muss ech Iech leider enttäuschen; mir wossten jo dass mer näischt géint Equipe ewéi : Kobylka Torstar (POL), Galatasaray (TUR) oder Ledenitzen (AUT) ze sichen hätten. Den Fitti huet no ganz aneren Wärter gesicht an och fond : Dësen Tournoi huet him et erlaabt éischt Schrët a Richtung Formatioun vun enger Equipe ze maachen, an éischt wichteg Erfahrungswärter als Trainer ze sammelen - "Ech sin deck zefridden". "Eng absolut golden Medaille huet sech t'Liz verdengt", wat den Encadrement vun den Meedercher méi ewéi perfekt assuréiert huet". Do schléisst sech den President a Secretär ouni Bedenken un !!! Merci Liz.

Eis Jongen haten mat den Serben vun Zeleznicar, den Léiwen vum Wörthersee (AUT), an Schöneiche, déi Daitschland vertrueden huen, kaum Chance e Match ze gewannen. Fir den een oder aneren Satz hätt et kënnen duer goen, mais do fehlt den Moment nach - wei den Philippe ganz richteg resuméiert - "den néidegen Bëss". Sie sin geléiert gin weider un sech ze schaffen (sech fuerderen an förderen ze loossen) dann kënnen se et och an t'Starting 6 vun Walfer packen oder virwaat och net, mat vill Spaas um Volleyball dem RSR an denen aneren Equipen trei bleiwen.

Fir den Rescht huet déi néideg Fräizäit, um wahnsinneg flotten Wörthersee, hinnen et hoffentlech erlaabt déi néideg Energie ze tanken fir déi lescht 3-4 Wochen an der Schoul an Ugrëff ze huelen. Iech All: bonne Chance! Mir gesin eis spéitstens bei der sportlecher Rentrée.

Servus

3. Club News

  • Hits: 3097

Karfreideg 2014

Flyer Poisson 2014 Vendredi Saint

Leiw Memberen

Och 2014 organisiert den RSR Walfer den 18. Abrell op Karfreideg den traditionnellen gebaakenen Feschverkaaf.Mir bieden iech alleguer den Verein ze oennerstetzen & aeren Foesch ze reservieeren.Macht mat ,dir waert et net regrettieeren!

Dear Members

Also in 2014 we organize our traditional baken fish sale on the 18th of April and we should be happy to see booking your fish and to support our club.

Thank you very much.

3. Club News

  • Hits: 3185

Game Changers 2

GC2Den ultimativen Match steet fierun der Dier


Nodeems eis Meedecher doheem 3:1 geint Mamer gewonn hun,steet et 1:1 an den Matcher.
Daat heescht lo gett et richteg spannend.

Desen Samsden den 29/03/2014 um 18H00 zu Mamer gett em den TITEL GEKÄMPFT.

Mir hun eis Meedecher sou gudd no fier gedriwwen, an daat packen mir och nach engkeier.
Brengt alles matt waat Kammeidi mescht an helleft eisen Damen ze kämpfen wei nach nie.


ALLEEEEEZ WALFEEEEER!!!!!!!!!!!!! VACHE GELIIIIIIFFFFFFFFT!!!!!!!!!!!!!!

1. Championnat

  • Hits: 5516

We did it

We did it 4

Ausgleich!!! 
Wat en Match, wat eng Stemmung!! 
An enger gudd gefellter Haal hun eis Dammen den Ausgleich geschter gemach. An engem ganz spannenden 2. Match vum Best of 3 konnten eis Dammen an 4 Sätz geint Mamer gewannen an hun domat en 3. Match erzwongen. 
Den Match gouf op engem gudden Niveau gespillt an huet d'Zuschauer emmer rem matgerappt. D'Stemmung an der Haal war excellent an d'Walfer Supporter hun eis Meedercher dei eng oder aner Keier an schwieregen Phasen nees no fir gepeitscht. 
Mat deser Victoire haalen eis Meedercher d'Chance fir d'nächst Woch zu Mamer Champion ze gin. Nom 1-3 am Himatch an dem 3-1 geschter, gedd am 3. an decisiven Match en Samsten um 18:00 zu Mamer em den Championstitel gekämpft. 
Mir hoffen, dass vill Walfer Supporter den Wee op Mamer fannen an eis Meedercher och do tatkräfteg ennerstetzen. Bis en Samsten!!
Alllleeeeez Waaaaalfer!
by Gilles B

1. Championnat

  • Hits: 2906

Game Changers

RSR1LO GEET ET RICHTEG LASS
**********************

Eis Meedecher hun zwar deen eichten Match an der Final geint den VC MAMER verluer, mais lo ass deen 2en Match an do hun eis Meedecher naischt mei ze verleieren,daat heecht lo gett gekaempft.

DESEN SAMSDEN UM 18.00 AUER ZU WALFER

KOMMT DOHIN WELL LO GEET ET RICHTEG LASS


ALLEEEEEEEEZ WALFER

1. Championnat

  • Hits: 3237

Schluss vun der Saison 2014 ...

NLD VCM RSRW 047Schluss vun der Saison fir d'Hären, Dammen am 2. Match gefuerdert

Fir eis Hären as d'Saison den Weekend op en Enn gangen. Sie hun am Match fir d'3. Platz geint den VC Bartreng gewonnen an schleissen d'Saison op enger gudder 3. Platz of.

Eis Dammen hun den Weekend hieren eischten Match an den Playoff finalen gespillt. No enger duerchwuessener Leeschtung hun se sech missen mat 3-1 zu Mamer geschloen gin.
An der Woch gelt et elo sech fir den Retourmatch ze prepareieren an alles ze gin fir an eegener Haal nees auszegleichen. En Samsten um 18:00 as den 2. Match zu Walfer ugesat! Kommt all an ennerstetzt eis Meedercher an desem wichtegen 2. Match.

Allez Walfer!!

1. Championnat

  • Hits: 2533

2. Halleffinal vum Playoff

8042014VBWALFERDIEKIRCH16Bei den Häre stoung no der 1-3 Defaite am Himatch de Retour an der eegener Hal um Programm. Nodeems den Himatch allgemeng op engem relativ schwaachen Niveau gespillt gouf, sollten d Volleyballfrënn an dësem Match awer eng kollektiv Leeschtungssteigerung vu béiden Equipe gesinn. De Match gouf op engem ganz aneren Niveau gespillt wei nach ...den Himatch, an déi zwou Equipen hunn gudde Volleyball gewisen.

D'Resultat sollt awer dat nämlecht si wei am 1. Match. De CHEV Diekirch, ugefouert vun engem staarken Arnaud Maroldt huet eise Jongen, bis op den éischte Satz vill Drock gemach a konnt de Match mam nämmlechte Score wei am Himatch gewannen.

Fir eis Hären heescht et elo an hirem leschte Match vun dëser Saison déi 3. Platz aus dem reguläre Championnat ze verteidegen. Sie spillen de Weekend géint Bartreng déi an der 2. Halleffinall 3-0 géint de VC Stroossen verluer hunn.

 Bei den Damme war en anert Bild. Sie sinn als kloren Favorit an den 2. Match gaangen. No der 3-0 Victoire am Himatch, hunn se sech allerdéngs schwéier géint eng ganz motivéiert Bartrenger Equipe gedoen. Zwar konnten se de Match mat 3-1 fir sech entscheeden, d'Walfer Supporter hunn awer zu Momenter kräfteg missen ziddere well d'Meedercher net ganz konzentréiert geschéngt hunn.
Sie kruten sech awer nach emol gerappt an hunn d'Victoire leschte Satz assuréiert.

Fir eis Dammen heescht de Weekend "FINAL géint Mamer".
Den eischte Match ass auswäerts zu Mamer.

Mir hoffen, dass vill Walfer Supporter de Wee op Mamer fannen an eis Meedercher gutt ufeieren.

Allez Walfer!

1. Championnat

  • Hits: 3543