Championnat vum 22 Januar 2013
Desen W.E. stoungen op Vereinsniveau ieschter Prestigematcher op dem Program!
Vir dass d'Kirch am Duerf bleiwt an den Opstiegsmatcher, huet eis 2° Damenequipe ''1 Tâche accomplie'' réalisiert & die Strossener Opstiegskandidatinnen vun der Tabellenspoetz eweggehaalen. Eis 2° Haerenequipe huet hiert Ziel och errecht & Fenteng2° mat 3-1 geschloen.
Die 3° Haeren durften eroem mat hiren gleichaltregen Kollegen aus Diekrech catchen & setzen hir Matcher zukuenfteg all op 5 Saetz un!
Walfer 4° geet op Esch wannen & huet elo 3 Punkten Avance op eis jonk 3°Haerenequipe, waat deen een oder aaneren dierft heemlech fréen.
Eis Dammen3° ,obwoul sie dest Joer grouss Fortschroetter gemaach hun,verlieeren 0-3 geent Esch2°, mee all ''série'' daerft 1 Enn krieen,courage die Meedercher!
De Samsten ze Owend sinn eis 1° Haeren op 1 Sprong op Lorentweiler gefuer.Beid Mannschaften woren liecht geschwaecht, durch d'Absencen vum Bartek weenst Congé & bei Lorentzweiler den Kurowski weenst Grippe & den Match huet och net op 1 hiegen Niveau ungefaangen. Den Serge hat secherlech sengen Spiller mat op den Wee ginn, dass och esou 1 Match kann gewonnen ginn, waat wichteg Punkten op der Lee bedeiten.Esou gouf och den 1° Satz knapp 25-27 gewonn, mee Lorentzweiler huet sech den 2° Satz geschnappt.Durno goung de Niveau erop, waat eiser Equipe Confiance ginn huet & sie diszipliniert weider gespillt huet. Vielleicht huet Lorentzweiler mat hirern ''vieux cracken'' Karel & Laurent ze spaet réagiert & Lorentweiler huet den Tiebreak och missen oofginn.Elo hun mir 2 Punkten Avance op eis direkt Verfolger & daat ass net schlecht!
Ier ech den Sonnden ze Owend op den Match Iechternacher Damen geent eis Meedercher kommen haat ech bei ''World & Official Competitions'' vun der FIVB geliess ,dass Mindesttemperatur vir a Match an der Haal net oennert 10°C (50°F) leien dierft. Ah bee, esou woul om Terrain e wie op den Gradinen hun mir geziddert & Iechternach haett gudd gedinn 'Gluehwein' ze offrieeren.Vu dass neischt mieh om Spill stung, hun eis Meedercher den absoluten Minimum gemmach, vir net anzefrieeren & schon's haaten sie den 1° Satz verluer.Wie am 2° Satz nach oemmer Frascht am Gedriff woar, huet den Serge den Anorak & den Paltong ausgedoen & oni Wieder ze verlieeren d'Hiem erop gestroeppt & schon's koumen eis Gazellen op Trapp & hun schnell die next 3 Saetz gewonnen.Schued dass weenst desen Oemstaenn eis jonk Talenter kaum zum Asaatz koumen.
Mol kucken waat geent Esch leeft!
- Hits: 2476