Championnat Demi-Finale 2015
- Hits: 2887
Dikrech 2014 - 1 Ronn
D’Dammen hunn dësen Weekend den Ufank zu Dikrech gemaach.
Eis Meedercher sinn onverännert zum leschte Weekend an den Match gaang. Den nämmlechten six de base sollt et zu Dikrec...h riichten. Relativ gutt ass een an de Match komm an huet den 1. Satz mat 25-16 gewonnen.
Am 2. Satz wollten d'Walfer Meedercher awer neischt ubrennen loossen. Si sinn nees ganz konzentréiert an den Satz eragaangen an hunn den Dikrecher Meedercher d’Liewen schwéier gemaach an konnten och den 2. Satz mat 25: 16 fir sech entscheeden
Mat voller Motivatioun sinn d'Dammen an den 2. an dann och leschten Satz gaang. Si hunn weiderhin konzentréiert gespillt an hunn déi 2. Victoire vun der Saison kloer gemaach. 25-19 an domat 3-0 an den Sätz.
Interview mam Nora Kalich vum RSR WALFER nom Match:
Dikrech ass op alle Fall een Géigner den een dëst Joer net ënnerschätzen däerf. Si hun nei Spiller am Kader an dowéinst vläit nach puer Schwieregkeeten fir hiren Rhythmus ze fannen. Mee mir sinn iwwer déi dräi Sätz konzentréiert bliwwen, hunn duerch eise Block Drock ausgeübt, an der Defense gutt gekämpft an dann mat eiser Attaque den Punkt gemaach. Mir konnten eisen Match spillen an eis taktesch Virgaben ëmgesat.
No den Damen war et nees un eisen Hären
Eis Jongen sinn no der Défaite géint Stroossen mat voller Motivatioun an de Match gaangen an konnten laang iwwerzeegen.
D'Jongen haten sech vill virgeholl an wollten dëse Match onbedéngt gewannen. Am éischte Satz kruten si dat net ganz ëmgesat, si hunn vun Ufank un mat Dikrech matgehaal, mee no puer Fehler haaptsächlech um Service hun d’Jongen vun Dikrech den 1. Satz mat 25:22 gewonn.
Am zweeten Satz ass Walfer dunn besser an den Match komm. D’ Receptioun gouf weider stabiliséiert an d’Akzenter an der Attaque konnten gesaat ginn. Sou konnt een dem Géigner d’Lierwen schweier maachen, an de Satz mat 25-19 gewannen.
E ganz spannenden Match huet sech annoncéiert. Am 3. Staz huet Walfer sech nees schwéier gedoen an d’Dikrecher, ugefouert vum Duo Tunchev-Cloot konnten nemmen schwéier gestoppt ginn. Mat 25-20 goung den 3. Satz un de Géigner.
Den 4. Satz sollt dunn nees zu Gonschten vun Walfer verlaafen. Si waren nees méi konzentréiert an hunn manner Fehler gemaach. Londiniere an Malcolm hun e ganz starken Match gewissen, a konnten die gutt Virarbeshct vun de Matspiller emmer nees a Punkten verwandelen. Mat 25-21 war et en relativ ongefärdeten Satzerfolleg fir eis Jongen.
Et goung also an den 5. Satz.
An do hunn béid Equipen fir all eenzelen Ball gekämpft wéi wann et den leschte wier. Bis zum Stand vun 8 – 8 war de Satz komplett ausgeglach. Nodeems Walfer puer Fehler an der Attaque respektiv um Service gemaach hun, konnt Dikrech sech mat 10-8 ofsetzen. Eis Jongen konnte sech awer nees rappen an hu sech lues an lues rëm un Dikrech rufgeschafft an hu beim Stand vun 12-12 nees gläichgezunn. Dikrech huet seng Erfahrung souverän spillen gelooss an konnt den 5. Satz mat 15:13 gewannen.
Dëse Match war definitiv eng gutt Reklamm fier den lëtzebuerger Volleyball! Eis Jongen hun alles ginn a waren definitiv op Aanheicht mat Dikrech.
No engem ganz spannende Match hun eis Hären den 2. Mach vun der Saison mat 3:2 verluer, wat allerdengs net weider schlemm ass, wann een sech déi zwee éischt Géigner ukuckt.
Interview mam Nils Bichel vum RSR WALFER nom Mätch:
Fir mech war et e Match op ganz heigen Niveau. Mir huet dësen Match virun allem gewisen, dass mir matt Dikrech op Aenhéicht agéieren a mir eis net verstoppe mussen. Mir hun de ganze Match iwwer gudd gespillt, eis Receps war stabil an eise Sideout hu mir gréissten Deels gemach. Den Teamgeescht war vun Ufank bis zum Schluss ze gesinn. Mir hun och wéineg Fehler gemach, leider déi puer déi gemach goufen, waren zum falschen Zäitpunkt. Wat eis och enorm gehollef huet war d Stëmmung déi eis Supporter gemaach hunn.
Mir wëssen u wat mir musse schaffen a wäerten eise Pflichten nogoen.
Nächsten Weekend kënnt bei den Dammen wei och bei den Hären Péiteng op Besuch.
Eis Dammen haten et mam Opsteiger Stroossen ze dinn, vun där jonker Equipe gouf sech vill erwaart.
Direkt vun Ufank un hunn d’Meedercher vu Walfer näischt ubrenne gelooss. Sie si konzentréiert an den 1. Satz gaangen an hunn deene Strossener Meedercher kaum Zäit gelooss fir an de Match zekommen. Sou goung den 1. Satz relativ schnell a souverän mat... 25:10 un Walfer.
Stroossen konnt sech am 2. Satz e bësse fänken. Eis Walfer Meedercher sinn ewéi am 1. Satz weider ganz konzentréiert opgetrueden, a Betty Hoffman a Co hunn fir déi néideg Akzenter an der Attaque gesuergt. Mat 21:18 goung den 2. Satz un Walfer.
Am 3. an decisive Satz war d’Loft bei deene jonke Stroossener Meedercher dunn nees e bësse raus. Eis Meedercher hunn nach emol opgedréit, an sou goung och den 3. Satz mat 25:15 kloer un Walfer.
D’Damme vu Walfer konnten sech deemno an hirem 1. Match kloer géint Stroossen mat 3:0 behaapten.
No den Damme war et dunn un den Hären.
Fir den Ufank vun der Saison hunn d’Hären et direkt mam Champion vu leschter Saison Stroossen ze di kritt. No enger laanger an ustrengender Preparatioun wollten eis Häre Stroossen d’Liewen esou schwéier ewéi méiglech maachen.
Den éischte Satz war deementspriechend knapp. Allerdéngs hunn sech puer Fehler an der Receptioun ageschlach, an sou konnt Stroossen den éischte Satz mat 21:25 fir sech entscheeden. Nodeems een d’Receptioun stabiliséiere konnt, ass Walfer am zweete Satz besser an de Match komm. Den Tame Malcolm an de Jean-Pierre Londiniere konnten hier Bäll an der Attaque verwandelen, a Walfer huet de Satz verdéngt mat 25:21 gewonn.
Am drëtte Satz hunn eis Jongen sech nees schwéier gedoen. D’Problemer an der Receptioun sinn nees méi grouss ginn, an den Sprongservice vum Stroossener Diagonalspiller ass ëmmer méi staark ginn. Eng Differenz vum 5 Punkte war schnell verbucht an eis Jongen haten et schwéier d’Konzentratioun an dësem Satz héich ze halen. Mat 25-12 goung den 3. Satz kloer un de Géigner.
Nodeems den Trainer Serge Karier zum Schluss vum 3. Satz déi Jonk Spiller Philippe Glesener a Laurent Weber spille gelooss huet, huet ee gehofft dass d’ Walfer Jongen e bësse recuperéiert haten an de 4. Satz mat volle Kräft attackéiere kennen. Den Ufank vum Satz huet villes versprach. Walfer huet nees gutt an de Match fonnt an konnt den Ecart bis zum Stand vu 16:13 op 3 Punkten halen. Dono huet déi Stroossener Stäerkt um Service nees gegraff, an eis Jonge konnten net méi vill dergéintsetzen. Sou goung de 4. Satz mat 25:17 un Stroossen.
D’Häre verléieren no engem spannende Match mat 3-1 géint Stroossen.
Nächste Weekend sinn eis Dammen ewéi Hären zu Dikrech op Besuch.
FOP Group Fiduciaire, en extrem staarke PARTNER wéisst sech richteg generéis vis-à-vis vum RSR WALFER.
Sämtlech Hären-Equipen (i.e: 60 Spiller) vum RSR WALFER kréien nei Trikote.
Passend zur Eröffnung vun der neier Saison 2014/2015 woren t'Trikoten fir t'éischt Equipe prett, gesponsert vun eisen treien Supporter, der Famill Nelly an Thierry Bichel, stellvertriedend fir t' "FOP Group Fiduciaire". Gären ënnerstëtzen si ëmmer erëm den Walfer Volleyball (mir erënneren, virun 4 Joer - all Meedercher Equipen, lescht Saison hu si den Meedercher hir CEV Challenge Tenuen geschenkt) mat dem sie an hir Firma sech gären identifizéieren. Engagement, den Wëllen Eppes zu stanen ze bréngen, Equipe- an Gemeinschaftsgeescht an dat an engem familiären Ëmfeld si Valeur déi si schätzen an fir déi t'Nelly an den Thierry mat hirer Firma an Mataarbechter sech all Daag nei asetzen.
Am éischten Match géint den absoluten Favorit vun dëser Saison - Strossen-, sollten t'Gesiichter an deenen néien Trikoten ëfters zum Strahlen kommen. Zur Zäit nach eng Nummer ze grouss fir Walfe, konnt en richteg gutt Usetz erkennen .... Méi demnächst op der Facebooksäit vum RSR Walfer, like eis Säit a gitt elo schonn e bëssi stöberen ....
An deenen nächsten Deeg wäerten dann och eis 2, 3 an 4 Equip hiren Saatz Trikoten kréien an dann kann perfekt gekleet op allen Niveauen gekätscht gi.
Am Numm vun alle Spiller, dem Walfer Comité, kuerz der ganzer Walfer Volley Family en ganz groussen an härzlechen MERCI un FOP Group Fiduciaire, dem Nelly an Thierry Bichel. Fir all är Fiduciaire Aarbechten stin sie Iech selbstverständlech mat professionnellem Know-How zur Séit. Zeckt net a meldt Iech bei hinnen.
... with renowned teams out of 8 nations !
We are really proud to announce that once again top volleyball teams out of Germany, France, Belgium, the Netherlands, Denmark, Switzerland, Luxembourg and even Romania will join the 4th RSR Challenge Cup, the largest international preparation tournament in our country and the whole region, featuring both men's and women's teams. A unique opportunity to see top teams playing in Luxembourg.
The Men's Tournament is headed by the following top European teams, VSGCoburg, from Germany, VBCEinsiedlern from Switzerland and by two teams from the Eredivisie, the Dutch premier league, TAURUSHouten and VCVPrins. We are keen to see the Danish team from LyngbyVolley from the second danish league. The panel is completed with our Belgian colleagues from the VCAthus (2nd Division), the VCStabulois and Munnalux Bouillon(3rd Division), and finally the two German teams, TV05Waldgirmes, who just were promoted to the 2nd Bundesliga and the VCBliesen (3rd League), both well-known through their loyal participation at our International Youth Cup in June. Luxemburg is represented by the Top 3 teams of the 2013/2014 season, the champions from Strassen, vice-champion Diekirch and the 3rd RSR Walferdange and also our neighbors from Lorentzweiler (5th in 2013/2014).
Headliner of the Womens tournament will certainly be the following four teams out of the best European Volleyball Leagues: first, our CEV 2014 & 2015 Challenge Cup opponent, the team from ASPTTMulhouse, followed by the team from Terville, both teams playing in the Ligue A, the premier league in France. From the Netherlands we welcome two clubs from the Eredivisie, the Dutch premier league, the play-off finalist and vice-champion from season 2013/2014: Sliedrecht Sport and the SV Dynamo Appeldorn. We should also pay attention to the Rumanian team from CSMSatuMare, who was promoted in spring to the highest Division in Rumania. Remaining teams come from France, ConstantiaStrasbourg (2nd League)and ASVS 67 (3rd League) and from Belgium, VCMosanYvoir and MUNALUX Bouillon. The only Luxembourgish team will be the 2013/2014 Luxembourg Champion from RSR Walferdange.
In short, a high-carat event. So join us ... to share some exceptional sporty moments ...
RSR Walferdange
... mat prestigiéisen Equipen aus 8 Natioune.
Mir kënnen dëst Joer erëm op d'Participatioun vun Top Mannschaften aus Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland, Dänemark, der Schwäiz, Lëtzebuerg an esouguer Rumänien zielen. Déi zwee Deeg wärt Top-Volleyball gewise ginn esou wei een dat seelen zu Lëtzebuerg ze gesi kritt.
Bei den Hären hu sech effektiv Top-Teamen ugemellt wéi den VSGCoburg (D) an och de VBCEinsiedlern (CH) a virun allem och zwou hollännesch Equipen, den TAURUSHouten an de VCVPrins aus der Eredivisie, der éischter Liga. Gespaant si mer och op dat dänescht Team vu LyngbyVolley aus der zweethéchster dänescher Liga. Kompletéiert gëtt den Tableau mat eise belschen Kollegen vum VCAthus (N2), dem VCStabulois (N3) a Munnalux Bouillon (N3), an den zwou däitschen Equipen fir d'éischt de TV05Waldgirmes, deenn grad den Opstieg an déi zweet Bundesliga gepackt huet an och de VCBliesen (3 Liga), déi mer allen zwee gutt vun eisem YouthCup kennen. Aus Lëtzebuerger Siicht begréisse mer niewent dem RSR Walfer, d'Equipe vu Luerenzweiler, Dikrech a Stroossen.
Bei den Damen si mer frou direkt e puer Top Teamen empfänken ze kennen, virun allem eisen Europapokal Géigner vum ASPTTMulhouse, zesumme mat der Equipe vun Terville aus der éischter franséischer Liga. Aus Holland kommen direkt zwou Equipen aus der Top-Liga, den 2ten an der Saison 2013-2014 den Sliedrecht Sport an och den SV Dynamo Appeldorn. Interessant ass sécher och dat rumänescht Team vum CSMSatuMaredéi des Saison an déihéchstenDivisiounopgestigensinn. Weider kommen dann aus Frankrïich den ZweetdivisionärConstantiaStrosbuerg an aus der drëtter Divisioun den ASVS 67. Aus der Belsch kommen de VCMosanYvoir an d'Meedercher vu MUNALUX Bouillon. Déi eenzeg lëtzebuergesch Equipe ass eise Champion 2013-2014 vu Walfer.
Bref, et annoncéiert sech en héichkarätegen a spannenden Tournoi. Mir hoffen Dir fannt all Zäit bei eis laanscht ze kommen ...
RSR Walferdange