Skip to main content

Eischten Double an der Walfer Vereinsgeschicht

Eng Evidenz ass et meeschtens NIE.

Wann een sech zeréckversetzt virun de Match dann wés en dass dat waarden e Gefill ass wei virun engem Examen. An desem Fall en Examen an eisem Liiblingsfach : dem Volleyball an t'Erausfuerderung den Doublé huelen.

Dat Gefill geif ech esou beschreiwen  : Et huet en sech mega op dësen Moment preparéiert, dat ganzt Joer haart an éiergäizeg geschafft, et probéiert een de Moment vum Test esou laang ewéi méiglech ze verdrängen, bis en enges gudden Daags opsteet an feststellen muss : haut ass DEN Dag, den Dag wou ech Top a Form muss sinn, net dass Alles emsoss wor. Kann bei menger Joeresmoyenne déi exemplaresch as (op menger Zensur as eng 3-0 ageschriwwen) nach eng schif goen? 

Wann en Bilanz vun deenen leschten Méint zitt dann muss et ganz einfach haut klappen ... 24 Matcher ongeschloen, mat der Coupe, des Saison just 5 Sätz verluer, Mamer am Championnat  3 mol 3-0 geschloen ... wat soll dann do passéieren ? 

An awer, hängt do net nach am Hannerkapp, den wichtegen Coup-Match, "do loung Walfer 2-0 hannen", oder dee leschten WE, wou Mamer an engem Krimi gewisen huet dass si des Saison awer nach e Wuert em den Titel wëllen matrieden !

Op mengem Wee an t'Haal, hunn dann 2 vun eisen Walfer Frënn gemengt si hätten e schlecht Gefill ... dëst huet mech net wierklech beonrouegt, well ech wousst des zwee stinn net um Terrain :o) mais déi Meederscher déi gëschter um Freideg Owend en ganz disziplinéierten Training vollbruecht hunn.

Du wor et esou weit, de Mätch as ugepaaf an elo wessen mer gleich, wou mer dru sin : No 2 Minutten Spillzäit steet et 5-1 fir Mamer, wat ass nëmmen lass .... sin des Mamer Meedercher eisen haut esou iwerléen? Keng Angscht, eis Meedercher an hir Trainergespann haten ALLES am Grëff. Kalbliddeg an konzentréiert hunn si den Service erëm geholl an Punkt fir Punkt Terrain gutt gemaach. Mat 8-6 fir Mamer gouf den éischten techneschen Time-out gepaff, an dëst sollt ganz frei am Match en vun deenen leschten Momenter sinn wou Mamer nach un sech gleewen konnt. Vill ze vill Fehler an de Attack an och um Service hunn et Mamer kaum erlaabt t'Spannung vun virun 8 Deeg ze toppen. Enert dem Impuls vun den Walfer Hooligans, goufen t'Meedercher esou richteg no vir gepeitscht ... an déi hunn esou richteg Spaass dru font déi ofgemaachten Taktik vum Virowend emzesetzen. Et wor dunn och t'Liz wat mat e puer fantasteschen Servicer den Walfer Virsprong vergréissert huet an mat dem engen oder aneren Ace/"Service Gagnant" déi Mamer Meedercher zum Verzweiwelen bruecht huet.

Am zweeten Saatz ass et net vill anescht gelaf. Zu all Moment haten déi Walfer Damen eng Léisung parat an hunn der Receptioun vum Géigner net den Hauch vun enger Chance ugebueden. All eis Attakanten woren héiss ewéi Lava, an hat den Géigener sech fest virgeholl bei der nächster Attack vum Betty eng Mauer opzeriichten huet de klengen "frechen ;o)" Breuerchen den Ball hannerzeg iwwert t'Schëller op dem Géigner seng Linne gepescht. Chapeau !!!

Leider konnten e puer Leit sech vir dësen wichtegen Rendez-Vous net frei maachen, déi déi sech doriwwer freeën wäerten sin eis GSM-Proveideren. Live-Ticker bis op Palma an op t'Côte d'Azur woren e "Must", an den Walfer Buergermeeschter gouf vun Palma aus au Courant gehalen .....

Eis Nougatbäckeren och "Walfer Hooligans" genannt hunn t'Hal esou richteg zum kachen bruecht, et gouf keng Sekonn Rou, Brëllen an Trommelen haten am 3ten Saatz t'Soen. Ganz séier haten déi Mamer Meedercher hir Bengelen bei t'Tromm geheit an hunn t'Laascht just nach komme gelooss. Zu Palma wor eisen Prési och net méi ze halen an hien huet sech live iwwert Telefon an des memorabel Minutten bäigeschalt. Beim Stand vun 24-16 wor et eisen Sledgehammer Betty dat den Sack dun zou gemaach huet. 

Am Numm vum Comitée : Merci Meedercher, Merci Coach fir des wonnerschéin emotional Momenter, är grouss Disziplin an domat den éischten Doublé an der Veräinsgeschicht mecht eis ganz houfereg.

Hei e puer sponztan Aussoen a Gedanken nom Mätsch resp. frei de Moien : 

Coach - Serge : Meng éischt Gedanken woren " Aus Kanner sinn Erwuessen Leit ginn ... Sinn stolz ob meng Meedercher ... Dat hunn si sech an 7 Joer haarder Aarbecht verdéngt...esou kennen mir déi nächst puer Joer nach Nationaldivisioun rocken an obmeschen... Schued dass den Presi, de Misch an t'Famill Bichel dat elo verpasst huen...!
Ah jo an dann nach : Hoffentlech mécht den Mexx keen Häerzinfarkt mat der Schwéngerei déi meng Konfettikanounen ugeriicht hunn"

Ass. Coach - Bob : "Freed pur, perfekt Saison, endlech hun t'Meedercher hiert Ziel erreecht"

Ass- Coach - Fitti : "Ech sinn stolz en Deel vun der Mannschaft ze sinn, déi een vun hiren beschten Matcher gewisen huen. Si woren haut als "TEAM" net ze schloen."

Präsident - Marc Ernster : "och op Distance wor ech net am Stach geloos ginn, also schilderen ech daat als Auslandskorrespondent.Ech wor op Livestream, op What's App, op Live Handy + op Sms. Daat heescht ech wor gut informeiert ginn + zum Schluss esouguer op Skype. Waat ech matkruut hun,ass dass eis Dammen konzentriert+wann et drop unkoennt souverain gespillt hun.Daat zechnet se aus,well mat dier Reservebaenk ass om Terrain keng Schwaecht erlabt.Dovir och Chapeau un eis Baenk. 1 decken mega Merci un Meedercher,Trainerstaab,Aktiv Memberen +un eis onverzichtbar Supporteren"

Capitaine -  Lara : "Et mécht mech sou stolz en Deel vun dëser Ekipp ze sinn an mat den beschten Meedercher den Doubleeeee dierfen ze feieren!!!!!"

Maryse : "Bei 24 hat ech mega Gänsehaut duerch t'Supporteren déi eis sou mega gäil ënnerstëtzt hunn! Nom Match waren et einfach nëmmen Erliichterung an Glécksgefiller well et endlech mam Doublé geklappt huet! En bëssen mäi spéid nom Match war ech einfach nëmmen stolz dass ech zu Walfer däerf spillen an dass ech dat Erliefnis zesummen mat den Meedercher an eisen Supporteren bis spéid an Nuecht konnt feieren"

Michèle : "endlech den Double!!! Wat fir eng Bommestëmmung grad hei ass!"

Fabienne wor iwwerglécklech an huet geduecht: "YESSSSS endlech hunn ma den Double an der Täsch wou ma esou laang drun geschaaft hunn!lo ass partyyyy ugesot"

Nathalie B. : "Stolz, Freed, Spaass!" woren direkt präsent hu mer awer soss nach geduecht :"wat maachen mer lo op engem samstech Owend ouni Volleyball? Mir hunn déi geilsten Hooligans!"

Lili : Net nëmmen en perfekten Ofschloss vun enger erfollegräicher an flotter Saison hunn mir gëschter erlieft, mee ech mengen mir hunn all di kleng Ongewëssheet an di kleng Zweiwel, di iergendwou an de Gedanken houngen, duerch Gewëssheet an eng sécher Victoire ersat.

Lena : "Doubleeeeee!!!. E grandiost an erliichtert Gefill dass daat Ziel, daat en sech virgeholl huet, mat der Equipe och wierklech areecht ze hunn:)

Betty : "Wouw, mega frou wor ech, an virun allem stolz dass mir sou gutt als Equipe zesummen gespillt hunn."

Caroline : "Scho während dem leschten Satz ass Opreegung an Freet ëmmer méi grouss ginn, mee wei mer dunn och den leschten Punkt gemaach hunn, war ech richteg frou. Mir hunn eist Ziel erreecht an hunn eis den Doublé geholl. Supporteren waren ëmmer dobäi an ech mengen ouni si, wier Stëmmung net sou gewiergt wei se Gëschter war: MEGA!"

Nathalie W. : "Wéi de leschte Punkt gefall as wor et just e Gefill vun Erliichterung, no esou laanger Zesummenaarbecht den laang erhoften Doublé an der Täsch ze hun. Duerno huet jidfereen un eng gudd Pizza an Drenken geduecht an selbstverständlech non-stop Party" 

Nora : "Ech konnt et guer net sou riichteg gelewen wo den leschten Punkt fir eis gefal as. Ereischt zu Walfer an der Hal wou mer mat eisen Supporteren konnten unstossen, hun ech realiseiert dass eng Medaille un mengem Hals hänkt. Et war eng grandios Saison, kée Match verluer - dat hun ech nach nie erliewt"

Pamela : "Endlech huet Walfer gewisen wat se kennen"

Homepage

1. Championnat

  • Hits: 4283