Wichteg Victoire fir eis Hären, d'Damme bleiwen ongeschloen
D'Damme ware kuerzzäiteg um nämmlechte Virus erkrankt wéi d'Hären zu Bartreng.
Den 11. Spilldag an der Novotel Ligue huet den Heemmatchsquattro agelaut. Fir eis zwou Equippen war dëst den éischte vun insgesamt 4 Heemmatcher, déi si elo am Championnat viru sech hunn.
D'Häre rutschen onerwaart um Bartrenger Glaateis aus, eis Dammen wannen iwwerdeems verdéngt mat 3-0 géint d'Gym Bouneweg.
Erfollegräiche Weekend fir eis Dammen an Hären
No enger ganz turbulenter Woch beim RSR Walfer mam Highlight Coupe d'Europe huet de Ligaalldag eis Equippen erëm.
Walfer Damme wéider souverän, Hären nees mat Victoire
E Samschde stoung den 1. Match vun der Réckronn um Programm. Um 7. Spilldag sinn eis Hären um Belair an eis Dammen zu Stengefort am Asaz gewiescht. Béid Equippen haten di jeeweileg Hironnematcher gewonnen a wollten dës Victoiren och an der Réckronn widderhuelen.