Skip to main content

Dikrech 2014

normal 20140927 MB NLH CHEV RSRW 016Dikrech 2014 - 1 Ronn

D’Dammen hunn dësen Weekend den Ufank zu Dikrech gemaach.
Eis Meedercher sinn onverännert zum leschte Weekend an den Match gaang. Den nämmlechten six de base sollt et zu Dikrec...h riichten. Relativ gutt ass een an de Match komm an huet den 1. Satz mat 25-16 gewonnen.
Am 2. Satz wollten d'Walfer Meedercher awer neischt ubrennen loossen. Si sinn nees ganz konzentréiert an den Satz eragaangen an hunn den Dikrecher Meedercher d’Liewen schwéier gemaach an konnten och den 2. Satz mat 25: 16 fir sech entscheeden
Mat voller Motivatioun sinn d'Dammen an den 2. an dann och leschten Satz gaang. Si hunn weiderhin konzentréiert gespillt an hunn déi 2. Victoire vun der Saison kloer gemaach. 25-19 an domat 3-0 an den Sätz.
Interview mam Nora Kalich vum RSR WALFER nom Match:
Dikrech ass op alle Fall een Géigner den een dëst Joer net ënnerschätzen däerf. Si hun nei Spiller am Kader an dowéinst vläit nach puer Schwieregkeeten fir hiren Rhythmus ze fannen. Mee mir sinn iwwer déi dräi Sätz konzentréiert bliwwen, hunn duerch eise Block Drock ausgeübt, an der Defense gutt gekämpft an dann mat eiser Attaque den Punkt gemaach. Mir konnten eisen Match spillen an eis taktesch Virgaben ëmgesat.

No den Damen war et nees un eisen Hären

Eis Jongen sinn no der Défaite géint Stroossen mat voller Motivatioun an de Match gaangen an konnten laang iwwerzeegen.
D'Jongen haten sech vill virgeholl an wollten dëse Match onbedéngt gewannen. Am éischte Satz kruten si dat net ganz ëmgesat, si hunn vun Ufank un mat Dikrech matgehaal, mee no puer Fehler haaptsächlech um Service hun d’Jongen vun Dikrech den 1. Satz mat 25:22 gewonn.
Am zweeten Satz ass Walfer dunn besser an den Match komm. D’ Receptioun gouf weider stabiliséiert an d’Akzenter an der Attaque konnten gesaat ginn. Sou konnt een dem Géigner d’Lierwen schweier maachen, an de Satz mat 25-19 gewannen.
E ganz spannenden Match huet sech annoncéiert. Am 3. Staz huet Walfer sech nees schwéier gedoen an d’Dikrecher, ugefouert vum Duo Tunchev-Cloot konnten nemmen schwéier gestoppt ginn. Mat 25-20 goung den 3. Satz un de Géigner.
Den 4. Satz sollt dunn nees zu Gonschten vun Walfer verlaafen. Si waren nees méi konzentréiert an hunn manner Fehler gemaach. Londiniere an Malcolm hun e ganz starken Match gewissen, a konnten die gutt Virarbeshct vun de Matspiller emmer nees a Punkten verwandelen. Mat 25-21 war et en relativ ongefärdeten Satzerfolleg fir eis Jongen.
Et goung also an den 5. Satz.
An do hunn béid Equipen fir all eenzelen Ball gekämpft wéi wann et den leschte wier. Bis zum Stand vun 8 – 8 war de Satz komplett ausgeglach. Nodeems Walfer puer Fehler an der Attaque respektiv um Service gemaach hun, konnt Dikrech sech mat 10-8 ofsetzen. Eis Jongen konnte sech awer nees rappen an hu sech lues an lues rëm un Dikrech rufgeschafft an hu beim Stand vun 12-12 nees gläichgezunn. Dikrech huet seng Erfahrung souverän spillen gelooss an konnt den 5. Satz mat 15:13 gewannen.
Dëse Match war definitiv eng gutt Reklamm fier den lëtzebuerger Volleyball! Eis Jongen hun alles ginn a waren definitiv op Aanheicht mat Dikrech.
No engem ganz spannende Match hun eis Hären den 2. Mach vun der Saison mat 3:2 verluer, wat allerdengs net weider schlemm ass, wann een sech déi zwee éischt Géigner ukuckt.
Interview mam Nils Bichel vum RSR WALFER nom Mätch:
Fir mech war et e Match op ganz heigen Niveau. Mir huet dësen Match virun allem gewisen, dass mir matt Dikrech op Aenhéicht agéieren a mir eis net verstoppe mussen. Mir hun de ganze Match iwwer gudd gespillt, eis Receps war stabil an eise Sideout hu mir gréissten Deels gemach. Den Teamgeescht war vun Ufank bis zum Schluss ze gesinn. Mir hun och wéineg Fehler gemach, leider déi puer déi gemach goufen, waren zum falschen Zäitpunkt. Wat eis och enorm gehollef huet war d Stëmmung déi eis Supporter gemaach hunn.
Mir wëssen u wat mir musse schaffen a wäerten eise Pflichten nogoen.

Nächsten Weekend kënnt bei den Dammen wei och bei den Hären Péiteng op Besuch.

1. Championnat

  • Hits: 3569