Skip to main content

1st Game, 1st Challenge

151508 volley88 11

1st Game, 1st Challenge

Eis Dammen haten et mam Opsteiger Stroossen ze dinn, vun där jonker Equipe gouf sech vill erwaart.
Direkt vun Ufank un hunn d’Meedercher vu Walfer näischt ubrenne gelooss. Sie si konzentréiert an den 1. Satz gaangen an hunn deene Strossener Meedercher kaum Zäit gelooss fir an de Match zekommen. Sou goung den 1. Satz relativ schnell a souverän mat... 25:10 un Walfer.

Stroossen konnt sech am 2. Satz e bësse fänken. Eis Walfer Meedercher sinn ewéi am 1. Satz weider ganz konzentréiert opgetrueden, a Betty Hoffman a Co hunn fir déi néideg Akzenter an der Attaque gesuergt. Mat 21:18 goung den 2. Satz un Walfer.

Am 3. an decisive Satz war d’Loft bei deene jonke Stroossener Meedercher dunn nees e bësse raus. Eis Meedercher hunn nach emol opgedréit, an sou goung och den 3. Satz mat 25:15 kloer un Walfer.

D’Damme vu Walfer konnten sech deemno an hirem 1. Match kloer géint Stroossen mat 3:0 behaapten.

No den Damme war et dunn un den Hären.
Fir den Ufank vun der Saison hunn d’Hären et direkt mam Champion vu leschter Saison Stroossen ze di kritt. No enger laanger an ustrengender Preparatioun wollten eis Häre Stroossen d’Liewen esou schwéier ewéi méiglech maachen.
Den éischte Satz war deementspriechend knapp. Allerdéngs hunn sech puer Fehler an der Receptioun ageschlach, an sou konnt  Stroossen den éischte Satz mat 21:25 fir sech entscheeden. Nodeems een d’Receptioun stabiliséiere konnt, ass Walfer am zweete Satz besser an de Match komm. Den Tame Malcolm an de Jean-Pierre Londiniere konnten hier Bäll an der Attaque verwandelen, a Walfer huet de Satz verdéngt mat 25:21 gewonn.

Am drëtte Satz hunn eis Jongen sech nees schwéier gedoen. D’Problemer an der Receptioun sinn nees méi grouss ginn, an den Sprongservice vum Stroossener Diagonalspiller ass ëmmer méi staark ginn. Eng Differenz vum 5 Punkte war schnell verbucht an eis Jongen haten et schwéier d’Konzentratioun an dësem Satz héich ze halen. Mat 25-12 goung den 3. Satz kloer un de Géigner.

Nodeems den Trainer Serge Karier zum Schluss vum 3. Satz déi Jonk Spiller Philippe Glesener a Laurent Weber spille gelooss huet, huet ee gehofft dass d’ Walfer Jongen e bësse recuperéiert haten an de 4. Satz mat volle Kräft attackéiere kennen. Den Ufank vum Satz huet villes versprach. Walfer huet nees gutt an de Match fonnt an konnt den Ecart bis zum Stand vu 16:13 op 3 Punkten halen. Dono huet déi Stroossener Stäerkt um Service nees gegraff, an eis Jonge konnten net méi vill dergéintsetzen. Sou goung de 4. Satz mat 25:17 un Stroossen.

D’Häre verléieren no engem spannende Match mat 3-1 géint Stroossen.
Nächste Weekend sinn eis Dammen ewéi Hären zu Dikrech op Besuch.

1. Championnat

  • Hits: 3585