Skip to main content

1. Succès fir eis Hären

normal 20140927 MB NLH CHEV RSRW 049

D'Häre wannen hiren éischte Match vun der Saison, d'Damen erhéijen op 3 Victoiren no 3 Matcher
 
Nom 3:0 leschte Weekend géint Stroossen wollten d’Walfer Meedercher näischt ubrenne loossen, an hunn vun Ufank un ganz konzentréiert gespillt a kaum Fehler gemaach. Walfer huet direkt Drock um Service ausgeübt, wouduerch Péiteng ...Problemer an der Receptioun hat an hiert Spill net richteg opzéie konnt. Esou goung den 1. Satz mat 25:16 un Walfer. Och am 2. Satz hunn d’Walfer Meedercher weder an der Attaque nach um Service vill Fehler gemaach a konnte mat 8:1 an den 1. techneschen Temps-mort goen. Och nodeems de Péitenger Trainer e puer mol gewiesselt huet a probéiert huet neie Wand an d’Equipe ze bréngen, konnten seng Meedercher den Uschloss an dësem Satz netméi fannen.Virun allem duerch en staarke  Block konnt Walfer op 18:3 erhéijen. Bei Péiteng war d’Loft an dësem Satz eraus a Walfer konnt sech am 2. Satz kloer mat 25:6 behaapten. No deem kloren 2. Satz sollt deen 3. Satz nees méi spannend ginn. Péiteng ass besser an de Match komm a konnt Walfer a Verleeënheet bréngen. An der Attaque ewéi och um Service hunn eis Meedercher vill Fehler gemaach an esou war Péiteng bis zur Mëtt vum Satz un Walfer drun. Nom Temps-mort vum Serge Karier bei 19:17 sinn ons Meedercher méi konzentréiert an de Schluss vum Satz gaangen an hunn den 3. Satz mat 25:19 fir sech entscheed.   Eis Damë behaapten sech am 2. Heemmatch kloer mat 3:0 géint Péiteng.
Nodeems eis Häre leschte Weekend knapps géint de Vize-Champion Dikrech verluer hunn, haten d’Häre Péiteng op Besuch. Vun Ufank un sinn eis Häre konzentréiert an de Match gaang an hunn kaum Fehler gemaach. No enger Serie vun 8 Servicer vum Jean-Pierre stoung et am 2. Temps-mort 16:11 fir Walfer. Ewéi och leschte Weekend konnte Malcom a Co. déi néideg Akzenter an der Attaque setzen a sou goung den 1. Satz verdéngt mat 25:16 un Walfer D’Jonge vu Walfer sinn onverännert an den 2. Satz gaang. Bis zum Stand vun 10:8 konnt Péiteng am Gleichschrett mat Walfer matzéihen. Nodeems de Gilles Braas sech ëfters am Block behaapte konnt, konnt Walfer sech eng Avance vu 5 Punkten erschaffen. Score: 19-14. No en puer Konzentratiounsproblemer zum Schluss vum Satz ass Péiteng ëmmer besser an de Match komm, konnt allerdéngs net verhënneren, dass Walfer och den 2. Satz fir sech entscheed. Den 2. Satz ass mat 25:20 un Walfer gaang. Wann ee gemengt hätt Péiteng hätt opginn, huet een sech geiert. D’Häre vu Péiteng si mat vollem Asatz an den 3. Satz gaangen a konnte mat gudder Arbescht an der Defense bis zum Stand vu 15:15 mat de Jonge vu Walfer mathalen. D’Walfer Hären hunn awer näischt ubrenne gelooss an hunn den 3. Satz mat 25:21 gewonn. Am 2. Heemmatch wannen d’Hären hiren éischte Match verdéngt mat 3:0 géint Péiteng.
Nächste Weekend hunn eis Damen d’Gym an eis Häre Fenteng op Besuch. Gespillt gëtt ewéi ëmmer um 18:00 an 20:00 Auer.

1. Championnat

  • Hits: 3270