Skip to main content

We did it

We did it 4

Ausgleich!!! 
Wat en Match, wat eng Stemmung!! 
An enger gudd gefellter Haal hun eis Dammen den Ausgleich geschter gemach. An engem ganz spannenden 2. Match vum Best of 3 konnten eis Dammen an 4 Sätz geint Mamer gewannen an hun domat en 3. Match erzwongen. 
Den Match gouf op engem gudden Niveau gespillt an huet d'Zuschauer emmer rem matgerappt. D'Stemmung an der Haal war excellent an d'Walfer Supporter hun eis Meedercher dei eng oder aner Keier an schwieregen Phasen nees no fir gepeitscht. 
Mat deser Victoire haalen eis Meedercher d'Chance fir d'nächst Woch zu Mamer Champion ze gin. Nom 1-3 am Himatch an dem 3-1 geschter, gedd am 3. an decisiven Match en Samsten um 18:00 zu Mamer em den Championstitel gekämpft. 
Mir hoffen, dass vill Walfer Supporter den Wee op Mamer fannen an eis Meedercher och do tatkräfteg ennerstetzen. Bis en Samsten!!
Alllleeeeez Waaaaalfer!
by Gilles B

1. Championnat

  • Hits: 2676