Skip to main content

Tabelleneischt Mamer an Stroossen loossen d'Punkten zu Walfer

great job buddy by losttraveler-d4pbs7t

Den eischten Match war geschter Owend um 6 Auer ugesat. Eis Meedercher hun den Tabelleneischten aus Mamer empfang. Eng kleng Rechnung stoung hei nach op, d'Walfer Dammen haten d'Punkten am Hinmatch jo missen zu Mamer loossen. Sie haten sech vill fiergeholl an wollten den Match onbedengt gewannen, fir na emol en Zeechen fireum Playoff ze setzen.


Allerdengs koumen eis Meedercher nemmen ganz schweier an den Match. Iwwert en 10-3 an 12-5 Reckstand hun se sech missen an den Match kämpfen an konnten schlussendlech mat 25-22 gewannen. Et war en Match deen fierun allem duerch excellent Servicer vun beiden Seiten domineiert gouf. Mamer konnt am 2. Satz ausgleichen. 1-1. Et gouf weider gudd gekämpft op beiden Seiten an et sollt och dofier op den leschten an entscheedenden Tiebreak ukommen. Walfer konnt sech vun Ufank un oofsetzen an gewennt schlussendlech an 5 Sätz geint Mamer.

Dei eigentlech Iwwerraschung vum Owend sollt awer reicht kommen. D'Hären hun sech geschter mat Stroossen gemooss. Dem Tabelleneischten aus dem Härenchampionnat. Den Vice-champion vum leschten Joer huet missen op den Diagonalspiller Salon verzichten, deen verletzungsbedengt nemmen op der Tribün soutz. Eis Jongen hun ganz konzentreiert ugefang an hun keng Angscht fierun deem scheinbaar iwwermächtegen Geigner gewissen. Duerch en gudden Service an den gudden Block konnt den Geigner emmer enner Drock gesat gin.
Den eischten Satz as domat un Walfer gang. Am zweeten Satz konnten sie sech och schnell ofsetzen an haten eng ganz Rei Satzbäll bei 24-16. Eng Serie um Service vum agewiesselten Max Funk huet Stroossen awer nees mei no runbruecht. Beemol stoung et nemmen nach 24-23. En Fehler um Service huet den Satz dun awer ofgeschloss an Walfer war 2-0 fir.

Am dretten Satz as een emmer engem 2-3 Punktenreckstand nogelaf. 22-19 fie Stroossen stoung et an der Schlussphase vum Match. Duerch konzentreiert ageieren konnten eis Jongen den Satz awer nach dreinen an gewannen iwwerraschen kloer mat 3-0 geint Stroossen. Erfierzehiewen sin dei gudd individuell Leeschtungen vum Max Kiffer an Jerome Cremer dei geschter vill zum Succes beigedro hun.

Zu gudder Lescht huet dann och nach an der Haal nierwendrun den d'Résidence Walfer geint den T71 Diddeleng gewonnen. Dei 3 Tabelleneischt aus den verschidden Championnater hun demno hier Punkten zu Walfer missen leien loossen.

En gelongenen Weekend fir den Walfer Sport.

Gilles

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 2554