Skip to main content

Gudd Teamleeschtungen

YES-Oct2010Geschter war zu Stengefort suwuel bei den Dammen wei och bei den Hären den Match VC Stengefort geint RSR Walfer ugesat. Den Optakt hun des keier mol eng keier d'Hären um 6 Auer gema.

Eis Jongen waren beim Opsteiger op Besuch, dei bis dato nach ouni Victoire do stoungen . D'Ziel vun eiser Equipe war et konzentreiert an den Match ze goen, den Geigner net ze ennerschetzen an sou weider 2 Punkten mat heem ze huelen.
Vun Ufank un war Walfer iwwerleen an d'Jongen hun hiert Spill vum eischten bis zum leschten Ball konsequent duerchgezunn. Stengefort konnt duerch gudd Servicer vun Walfer nie en richtegt Spill opbauen an as demno nemmen selten wierklech gefeierlech um Netz gin. Op Walfer Seit war d'Receps dogeint emmer do wou se soll sin an d'Jongen um Netz konnten hier Bäll direkt verwandelen. Insgesamt kann een soen, dass Walfer duerch eng gudd Mannschaftsleeschtung den Match souverän an deitlech mat 3-0 (25-7, 25-11, 25-13) gewonnen huet.

Elo war et un den Meedercher.

Fier sie war et fierum Match bessen eng aner Situatioun. Sie sin zwar grad wei d'Hären als Favorit an den Match gang, mee ouni d'Nora Kalich, dat aus perseinlechen Grenn net dobei konnt sin, an eng Stengeforter Equipe, dei sech an den leschten Joer zu engem potenziellen Kandidat fier den Play-off entweckelt huet, hun sie desen Geigner net op dei liicht Scheller dierfen huelen.
Et war vun Ufank un en nervösen Match, deen emmer rem duerch vill lichtsenneg Feeler op beiden Seiten ennerbrach gouf. Et hat een d'Gefill dass dei zwou Equipen net richteg an den Match fonnt haten an sou as den eischten Deel vum Match sou dohin geplätschert.


Op Walfer Seit gouf vill gewiesselt, um Enn haten dei drei Passeusen hieren Deel zum Match beigedro. Vun do un sollt dun och bessen mei Spillfloss entstoen an d'Zuschauer konnten deen een oder aneren gudden Ballwiessel mat spektakulärem Ofschloss op beiden Seiten bestaunen. Zum Schluss vum Match hun eis Meedercher awer grad wei d'Jongen verdengt mat 3-0 (25-18, 25-20, 25-15) gewonnen. Domat bleiwen sie weider ongeschlo.

En gelongenen Ofschloss huet den Spilldach fier d'Dammen- an d'Härenequipe bei engem gemeinsamen Iessen fonnt.

Gilles Braas                                                                                                                                              Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 2676