Skip to main content

28 September 2013 : 2. Championnats-WE , ons Hären op Besuch zu Lorentzweiler

2. knapp Victoire fir ons Hären

Ween mengt dass dat spannendst um Weekend den "Tatort" Sonndesowes wier huet des Saison secherlech nach keen Match vun eisen Hären gesin. Un Spannung huet et an den 2 eischten Matcher vun deser Saison nämlech definitiv nach net gefeelt. Nom Krimi leschten Samsten (Walfer konnt desen Match mat 3-2 fier sech entscheeden) war et desen Samsten den "Derby" geint d'Noperen vun Lorentzweiler deen fier masseg Entertainment gesuecht huet. 
Esouvill kennen mir fierweghuelen, et war keen Match fier Leit mat schwachen Nerven.

Eis Jongen hun dei 2 eischt Sätz weit enner hieren Meiglechkeeten gespillt. An allen Bereicher huet et un der neideger Konzentratioun an Prezisioun gefeelt. Lorentzweiler huet hiert Spill konsequent duerchgezun an konnt dei 2 eischt Sätz verdengt an och relativ kloer gewannen.
Zum Schluss vum 2. Satz hun wahrscheinlech vill Zuschauer geduecht dass se frei doheem wieren an sech en gemittlechen Owend vierun der Tele keinten machen. Ma dei Leit haten d'Rechnung ouni eis Jongen gemach. 

Schon zum Schluss vum 2. Satz war ze bemierken, dass d'Walfer Hären desen Match nach lang net opgin haten. Lues an lues as d'Maschinn un d'rullen komm an Walfer as emmer besser an d'Spill komm. D'Reaktioun war awer bessen ze speit komm an sou huet Lorentzweiler den 2. Satz awer nach gewonnen.

Et sollt den leschten sin fier desen Owend. Ab dem 3. Satz war et wei wann eng aner Equipe um Terrain geng stoen. Et huet ausgesin wei wann een sech dat ganzt spillerescht Kennen fier d'Sätz 3,4 an 5 opgehuewen hätt. Ugefouert vun engem excellent opgeluechten J-P Londiniere konnt Walfer Punkt fier Punkt machen an huet Lorentzweiler emmer op mindestens 3-4 Punkten Ofstand gehaal.

Um Spill vun eisen Jongen konnt een an den 3 leschten Sätz kaum eppes bemängelen. Den Stefan Lafontaine an den Rob McLean hun d'Receps sou gudd un den Filet bruecht, dass den Gilles Braas weineg Problemer hat fier seng Attaquanten an Szene ze setzen. Lorentzweiler huet sech mat allen Mettel gewiert fier den Match netmei aus den Hänn ze gin, mee D'Haaptakteuren op Walfer Sait, den J-P Londiniere an den Rob McLean hun d'Bäll praktesch all verwandelt an Walfer zum knappen awer schlussendlech wuel verdengten Sieg gefouert.

VC Lorentzweiler - RSR Walfer: 2 -3 (25-16, 25-22,19-25, 23-25, 9-15)

Ween lo op den Goût komm as an sech dat ganzt live well ukuken as en Samsten um 20:30 Auer herzlech op Walfer inviteiert fier d'Equipe z'ennerstetzen.

GB

 

Bei den Damen : 2 Matcher 2 Victoiren 

Desen Week-end waaren eis Meedecher zu Peiteng op Besuch.

Deen eichten Saatz konnten eis Damen matt 25:19 gewannen, trotz klengen Startschwieregkeeten. Duerno hued et un Konzentration an Disziplin gefeelt an dofir ass deen Saatz un Peitengen Damen gaangen.
No deem verschenkten Saatz hun eis Damen sech rem gesammelt an gewisen waat se konnten,dofir hun sie den dretten Saatz matt 25:12 gewonnen.

Eis Damen wollten dun den Saak definitive zou maachen,obwuel dei Peitenger sech gutt gewiert hun,konnten d'Walfer Meedecher des Victoire matt heem huelen!

Nexten Week-end spillen se doheem geint Bertrange um 18:30!!!!!!

NB

1. Championnat

  • Hits: 3280