Skip to main content

21 September 2013 : 1 Championnats-WE vun der Saison 2013-2014

DEN INSTITUT DE BEAUTE - GRAIN DE SABLE (KIRCHBIERG) AN FOP GROUPE FIDUCIAIRE MUNSBACH) INVESTEIERT WEIDER AN DEI WALFER MEEDERCHER              

Mat ganz vill Freed hun t'Nelly an den Thierry BICHEL den Walfer Meedercher hir Equipement fir déi kommend wichteg Volleyball-Saison iwerecht. Et as an Zweschenzeit bekannt dass, eis Damen - als Gewënner vun der Coupe de Letzeuerg - den Ticket kritt hun fir 2013/2014 un dem Challenge Cup deelzehuelen. Den Géigener hesscht wéi bekannt Famagusta aus Zypern, deenen sie als éischt am Hinmätch Donneschdes den 21 November 2013, 19.00 Auer, zu Walfer géigeniwer stin (Retour as Densdes den 26 November 2013 zu Limasol). Den Organisatiounscomité, mat hirem Président Michel Klepper, as ganz ambitiéis, an an der Organisatioun ganz eifreg. Dest soll én Aushängeschöld fir den Volleyball zu Letzebuerg an de Sport zu Walfer gin. An déi zwou nei Uniformen sollen hei virun gerammelt voller Kulisse éierwürdeg an den Asaatz kommen. 

Am Numm vum Organisatiounscomité vum Challenge Cup, am Numm vun den Walfer Meedercher an am Numm vum Walfer Comité, e ganz grousse Merci un t'Nelly an Jil BICHEL (Institut de Beauté - Grain de Sable) an un den Thierry BICHEL (FOP GROUPE FIDUCIAIRE) fir hir generéis Ennerstëtzung.

An domat sollt den Startschoss an déi nei Saison gin sin. Den Géigener fir desen éischte Mätch vun der neier Saison sollt den onbequemen Géigener vun Iechternach sin. Onbequem, am positiven Sënn vum Terme - well et sin alles ganz fein a léiw Meedercher - mais bekannt dass sie mat ganz vill Wöllenskraft op den Terrain kommen a kéen Ball lichtfankeg faalen lossen. 

Op Walfer Sait gouf eisen neien Recrut vun der Gym Bouneweg (an och letzebuerger Championne am Beachvolleyball) Nora Kalich erwaart, dat der Equipe nach e bessi méi Stabilitéit um Terrain soll brengen, an durch méi Präsenz am Block, Schlagkräftegkéet an der Attack an engem gudden Service den Damen erlaaben misst den Titel ze attakéiern.

Kommen  mer  zum Mätch. Eigentlech get et hei ganz séier wéineg ze soen an ze analyséieren. Gerechend haaten mer jo mat enger Iechternacher Equipe, géint déi et wéi gesot bis elo ëmmer extrem schéier wor den Ball op de Buedem ze kréien. Trotz hirem Geheimrezept - sie hun et ëmmer erem färdeg bruecht eng Hand ennert den Ball ze brengen, war des kämpferesch Equipe des Kéier net mat desn Qualitéiten unzetreffen. Oder louch et dach un denen villen Serien vun ganz gudden "secheren" an awer trotzdem plazéierten Servicer, déi eis Meedercher vun Ufank un drop haaten? Quasi zu kengem Moment kruten déi Iechternacher Spillerinen t'Receptioun stabiliséier an hun esou dem Kikki et onméigelech gemaach fir seng Ugreiferinnen e bessi korrekt unzespillen.

Et wor also en éischter lichten Optaktmätch, den nächsten WE, géint t'Péitenger Damen, get secher en aneren Défi. Mais bis dohinner bleiwen jo nach e puer Traininger fir fleisseg Gas ze gin. 

                 Block Lara Ernster / Nora Kalich                                      Eisen NOUGAT (dat as den ouni Brëll)                                                                             Freen fir all Ball

Bei den Hären wor et é ganz aneren Mätch den op eis - zu 60 % nei Formatioun - gewart huet. Vill Froen woren op : Wéi hun eis puer jonk Männer, Stef, Nils, Kiffi a Co sech am Summer entweckelt, wéi fit as eisen Charly, hat hien leschte Méindeg nach en häftegen Examen. Net ze schwätzen vun engem JP, Rob an Gilles. Sin sie schons prett fir hir Erfahrung komplett auszespillen?

Déi éischt 2 Punkten woren relativ easy an dat - bravo Max - grace à 2 perfekt Blocken vun eisem 2m-Bouw, dat versprecht esou munches. Wat du koum wor relativ onglecklech, 3-4 diskutabel Bäll, ze schnell fir dem 2ten Schiri seng Aan, leider huet den Ball ëmmer erem missten op t'Sait vu Bouneweg gerullt gin. An éier mir eis emkucken konnten, stoung et 8-3. Dat konnt et jo wuel net sin, do haten mir eis dach esou vill virgeholl.

Am techneschen Time-Out goufen e puer Detailer gereegelt, fir endlech an de Mätch ze fannen. An esou lues as den Zuch un t'Rullen komm. Den Gilles krut seng Aussenugreifer ëmmer besser ugespillt, an de Charel an Max an der Mött hun t'Diffrenz gemaach. Mat engem knappen, zum Schluss awer verdengten 25-22 wor t'Eis gebrach. Den 2ten Saatz sollt dowéinst dann vun Ufunk un ganz annescht laafen. Opgefall sin virunallem, gudd Receptiounen vum Stef, an och an der Defense wor hien, bei e bessi méi delikaten Bäll, ëmmer erëm um Ball. Och den Service war an deser Phase vum Mätch eng gudd Waff, 25-13 woren no 17 min Spillzeit séier an der Täsch.

Dat misst fir haut gelaaf sin - esou war, menger Mehnung no, t'Analyse an den Käpp vun eise Spiller ... Denks de !!! Mir hätten dat vum leschte Joer wössen missten, dass des Bouwen den Kapp net hänken lossen an weider un en Erfolleg glewen. Den am zweeten Saatz agewiesselten 2. Libero koum ëmmer besser an t'Spill, den Mickäel Marcelle huet sain beschtend Spill ausgepak, den Felix Polfer war eng echt geféierlech Alternativ, an den Slim Kammoun huet no Loscht en Block-Out nom aneren gemaach. 22-25 fir den VCB. Och den 4. Saatz konnt net vun Walfer genotzt gin fir den éischten Mätch vun der Saison héem ze fuehren.

Den Start an den 5. Saatz wor eng richteg Katastroph, een onnéidegen Fehler nom aneren. Zwée wonnerschéin erausgespillte Bäll op den JP sollten eis définitif t'Geneck briechen .............

Née née, hei as et nach laang net eriwwer, é Gleck !!!! Beim Spillstand 12-14 (dh fir den VCB), rifft den Serge eisen jonken Max Braas erbei - ALL IN - wor t'Devise, an dat huet desen Kärelchen och ganz cool erofgespillt. 3 perfekt Servicer hun et den Bouneweger net erlaabt den Mickäel perfekt unzespillen, mais au contraire, Walfer - mat 2 x Block vum Rob an 1 brutalen Block vum Charly - huet et erlaabt et erem spannend ze maachen. 15-14 / Service vum Max an den AUS 15-15 (vun dëser Plaaz aus trotzdem all Respekt Bouw) / eng Killing-Attaque durch t'Mött vum Charel 16-15 / an den leschte Mätchpunkt .... den 1ten Schiri weisti op t'Sait vu Walfer - déi flippen aus vun Freed  .... /  Ah jo-née do wor jo nach den 2ten Arbiter, deen hat ofgepaff (iwergetröppelt ???? ) / Hmmm Décisioun vum 1. Arbiter : balle à remettre - den VCB mëcht den Punkt net, perfekt Réceps vum Stef op den Gilles - wat léeft, du freche Jong - / eng kaalbliddech 2.  Hand - Punkt Schluss / Halleluia.

Wat ee WE - Respekt un den VCB - gudd zreck an de Mätch komm. Ech färten ganz do mussen nach e puer Equipen sech waarm undinn fir géint des Kämpfertrupp net ënner ze goen.

                         ----- Block Max Kiffer / JP Londiniere              Hmmm wat mëch dem JP seng Hand do?                     Fréen se sech esou op der anerer Séit                      Esou fréet sech e Prési 

1. Championnat

  • Hits: 4138