Skip to main content

2. Halleffinal vum Playoff

8042014VBWALFERDIEKIRCH16Bei den Häre stoung no der 1-3 Defaite am Himatch de Retour an der eegener Hal um Programm. Nodeems den Himatch allgemeng op engem relativ schwaachen Niveau gespillt gouf, sollten d Volleyballfrënn an dësem Match awer eng kollektiv Leeschtungssteigerung vu béiden Equipe gesinn. De Match gouf op engem ganz aneren Niveau gespillt wei nach ...den Himatch, an déi zwou Equipen hunn gudde Volleyball gewisen.

D'Resultat sollt awer dat nämlecht si wei am 1. Match. De CHEV Diekirch, ugefouert vun engem staarken Arnaud Maroldt huet eise Jongen, bis op den éischte Satz vill Drock gemach a konnt de Match mam nämmlechte Score wei am Himatch gewannen.

Fir eis Hären heescht et elo an hirem leschte Match vun dëser Saison déi 3. Platz aus dem reguläre Championnat ze verteidegen. Sie spillen de Weekend géint Bartreng déi an der 2. Halleffinall 3-0 géint de VC Stroossen verluer hunn.

 Bei den Damme war en anert Bild. Sie sinn als kloren Favorit an den 2. Match gaangen. No der 3-0 Victoire am Himatch, hunn se sech allerdéngs schwéier géint eng ganz motivéiert Bartrenger Equipe gedoen. Zwar konnten se de Match mat 3-1 fir sech entscheeden, d'Walfer Supporter hunn awer zu Momenter kräfteg missen ziddere well d'Meedercher net ganz konzentréiert geschéngt hunn.
Sie kruten sech awer nach emol gerappt an hunn d'Victoire leschte Satz assuréiert.

Fir eis Dammen heescht de Weekend "FINAL géint Mamer".
Den eischte Match ass auswäerts zu Mamer.

Mir hoffen, dass vill Walfer Supporter de Wee op Mamer fannen an eis Meedercher gutt ufeieren.

Allez Walfer!

1. Championnat

  • Hits: 3230