Skip to main content

2. Spilldag an der Novotel Ligue

Dëse Weekend ass den 2. Spilldag vun der Saison 2016-2017 an der Novotel Ligue gespillt ginn.

 

 

14702484_1764519553770629_3786429155567421291_n.jpg

Souwuel d'Dammen ewéi och d'Hären hunn hir éischt Auswäertsmatcher missen absolvéieren. D'Damme ware beim V80 Péiteng op Besuch, déi säit dëser Saison mam Anne-Marie Lebon eng fréier Nationalspillerin als Spillertrainerin hunn. D'Hären hunn sech bei den Noper vu Lorenzweiler missen deplacéieren. Béid Matcher goufen um 18:00 ugepaff.

D'Matcher géint Lorenzweiler sinn ëmmer ganz speziell. Den Uelzechtdall Derby ass ëmmer ganz ëmkämpft an eis Walfer Jongen hunn sech schonn dat eent oder anert Joer ganz schwéier géint de VC Lorenzweiler gedoen. Erënnere mir eis nëmmen un déi puer lescht Joer, wou gefillt all Match mat 3-2 ausgaang ass. Oft konnte mir d'Matcher fir eis entscheeden, allerdéngs awer grad esou oft reicht no engem 0-2 Réckstand, dee mir hu missen ophuelen.

Dëse Match wollten eis Jongen dat net méi sou spannend maachen. Fir d'Defaite op eisem Virbereedungstournoi, deen de VC Lorentzweiler schlussendlech och gewonnen huet, wollt een sech onbedéngt revanchéieren. Deementspriechend konzentréiert sinn d'Walfer Hären och an de Match gaang. Offensiv war een dem Géigner vun Ufank un iwwerleeën. De Jean-Pierre Londiniere an de Rouven Watgen konnten des öfteren duerch d'Mëtt punkten, an och de Momo El Fahr war excellent opgeluecht. Eng gutt Série um Service vum Ben Angelsberg huet den Avantage ausgebaut a Lorenzweiler hat Krämpes déi präzis a fest Smashen, déi virun allem nees vum Matthias Cloot lassgelooss goufen ze verteidegen. Sou war relativ schnell entscheet, wien den éischte Saz fir sech géing entscheeden. Mat 25-16 hunn d'Walfer Hären den éischte Saz clôturéiert.

Am 2. Saz huet et laang d'selwecht ausgesinn. Walfer huet sech Punkt fir Punkt konnten ofsetzen an hat zum Schluss vum Saz eng komfortabel 20-16 Avance. De Charel Ernster war zwëschenzäitlech fir de Rouven Watgen op den Terrain komm, an de Stefan Lafontaine konnt seng Kënscht vum Service ënner Beweis stellen. An der Schlussphase hunn sech awer eng Partie Fehler an d'Spill vum Gaascht ageschlach. Dozou koumen dräi diskutabel Decisioune vun den Arbitter, an d'Partie sollt nees ganz enk ginn. No engem Block vum Jean-Pierre Londiniere konnt Walfer de Saz schlussendlech awer nach mat 26-24 fir sech entscheeden.

Am drëtten a leschte Saz hunn eis Jongen näischt méi ubrenne gelooss. D'Avance ass schnell op iwwer 10 Punkte geklomm, sou dass de Serge Karier dem jonke Max Have och nach bësse Spillpraxis gi konnt. Genau ewéi am éischte Saz konnt Walfer de Saz mat 25-16 gewannen a steet ouni Sazverloscht op der 1. Plaz an der Tabell. E Samschde spillen d'Jongen doheem géint de Volley Bartreng, déi hire Match mat 3-1 zu Esch verluer hunn.

De Walfer Kader: Gilles Braas, Momo El Fahr, Matthias Cloot, Ben Angelsberg, Jean-Pierre Londiniere, Rouven Watgen, Philippe Glesener, Stefan Lafontaine, Charel Ernster, Alex Neubauer, Laurent Weber, Max Have.

Zäitgläich haten eis Dammen déi bësse méi weit Rees op Péiteng ugetratt. D'Spillertrainerin Marina Antova gouf vum Friedrich Rodenberg ënnerstëtzt, deen d'Equipe vun der Säit gecoacht huet. Péiteng, wou nieft dem Anne-Marie Lebon och d'Coralie Watry säi Comeback geféiert huet, konnt de Walfer Meedercher am éischte Saz d'Stir net bidden, soudass den éischte Saz mam kloere Score vu 25-11 fir Walfer op en Enn goung.

Den 2. Saz war duerch vill Fehler gekennzeechent. Eis Meedercher konnten hiert Spill net méi sou opzéien, ewéi am éischte Saz a konnte keng ausschlaggebend Avance erausspillen. Bis zum Schluss vum Saz huet Péiteng näischt lachéiert a konnt d'Avance op 5 Punkte begrenzen. Schlussendlech goung de Saz awer mat 25-19 un den RSR Walfer.

De leschte Saz war, ewéi bei den Hären, ganz schnell entscheet. Ouni Grouss Problemer gewannen eis Dammen dëse mat 25-9 a stinn elo op der 2. Tabelleplaz an dat nëmmen, well se 2 Géigepunkte méi kruten, ewéi d'Gym Bouneweg, géint déi et nächste Weekend um 3. Spilldag geet.

De Walfer Kader: Marina Antova, Kelly Sakponou, Nathalie Braas, Betty Hoffmann, Liz Alliaume, Liz Beffort, Lara Ernster, Maryse Welsch, Caroline Martin, Sabine Mühlberger

Mir hoffen iech all e Samschden zu Walfer an der Haal begréissen ze kennen! Walfer brauch är Ënnerstëtzung!