Skip to main content

RSR Seniors Damen:1 Saison= 2 Titelen

20130323 FM NLD VCM RSRW 401

Den Doublé an enger Saison ass secherlech net einfach & vill Chance gehiert och derzou!

Trotzdem koennen eis Meedercher op 1 erfollegreich Saison zereck kucken.Mat engem starken Kader konnt den Trainer iwert ganz Saison a professionellen Training oofhaalen.                

Och wann eis Uelzecht Crew am Ufang vun der Saison noemmen loues an Schwong koum, huet sie sech gesteigert,vir , wie eisen Trainer Serge oemmer seet,am Play-off & am Final Four om Top ze sinn.Oni grouss Verletzung ausser dem Mischi seng Schoelleroperatioun sinn sie hoech motiviert durch d'Saison gerudert & all Troendel & Steen oemschoefft & den 3. Februar hun sie zu Rodange Vereinsgeschicht geschriwen & d'Coupe gewonnen.Durno gouf et just nach 1 Ziel, den Doublé, och 1 Première vir den Club.

Wann een fairerweis die 3 lescht Matcher geent Mamer bewert, muss een gestoen dass den Champion verdengterweis op Mamer goueng, och wann et statistesch 6:6 an den Setter stoung.Vice-Champion ze ginn ass keng Schaan, mee 1 Leeschtung ,well den Schwees om Training iwert d'ganzt Joer belount gouf.

Eroennert iech noemmen un den 2° Final Match zu Walfer; genialen Volleyball op Topniveau,1 mega Leeschtung, voll Tribuenen,formidabel Stoemmung mat iwert 100 gemoosenen Decibel,deen Match bleiwt an Eroennerung!

Dovir soen iech die vill Supporteren,die vir die formidabel Ambiance gesuergt hun,d'Sponsoren,d'Memberen vum RSR,de Comité & ech persoenlech villmols merci vir dess formidabel Saison, och mir haaten Spaas !!!!!!

Walfer              Waalfer            Walfer        Waalfeer

Retour au menu ...

 

1. Championnat

  • Hits: 2599