Skip to main content

Serge1Qu'est ce qui se passe, si une équipe sportive se partage la bonne humeur,la discipline, la stratégie, la volonté à gagner, l'intelligence, la confiance en soi et la santé?

Très simple, elle écrase son adversaire! A qui le tour?


Den vergaangenen Samsten hun d'Spectateuren zu Bouneweg ,an mengen Aan d'virgezunnen Finale erliewt,a Match mat voller Power & Niveau.

Die 2 Equipen Gym & Walfer hun sech neischt geschenkt & mat Vollgaz ungefaangen. Obwoul Walfer den besseren Start haat (3-0) ,(3-3)(6-3)(6-6), konnt Gym oemmer eroem nooziehen, mee den Walfer Drock huet net noogeloos, an lous a lous konnt Walfer sech oofsetzen, vir den 1° Saatz souverain op 16 ze gewannen.

Dem Serge seng Taktik huet den Gegner iwerrompelt: vir d'1° gouf Défense & speziell den Libéro mat Granatenopschlie zerstiert & wie dodurger d'Gym déstabilisiert woar, hunn eis Attackauen aus allen Lagen getraff!

An dunn koum den kuriosen 2° Saatz: ier sech aus Meedercher oemsinn haaten, d'Gedanken woren secherlech net om Terrain, louren sie 1-7 hannen!Mat der noedeger Konzentratioun & Coolness hun sie sech eroem erunn gekaempft,esou dass sie den 2° Saatz op 18 gewannen konnten,daat heescht waehrend Gym nach 11 Punkten erzielt huet, hun eis Meedercher der 24 gescort, also 1 Démontage.

Entretemps woren och all eis Supporteren unkomm,die haaten Matcher auswaerts,an Walfer kruut och d'Iwerhand op der Tribune. Trotzdem d'Gym 1 DJ engagiert haat mat 1 riesegem Répertoire(3 Lidder),haat desen keng Chance geent eisen Oskar mat senger Blechtrommel vum Guenter Grass, deen permanent nei Rythmusen ausprobiert huet.

Den 3° Saatz wor ieschter 1 Kopie vum 1° Saatz & bei 24-14 hunn eis Meedercher der Gym nach 4 Punkten geschenkt, vir op 18 ze gewannen.

Den Trainer Serge huet och desen Match weder den Paltong nach eppes aaneschtes missen ausdoen, dovir haat hien sengen Dammen awer an der Vestiaire virum Match 1 Rap virgedanzt, also 1 gellegen Motivatiounskuenstler!


En decken Merci un hien & seng Equipe,mir ginn eis all RDV den naechsten Samsten zu Mamer vir den 1° Final's Match.

Rédigé par mernster

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 2690