Skip to main content

Championnat vum 9 März 2013

 MEX 1871-216Eis Hären-Equip mëcht e weidere wichtege Schrött fir de Barrage-Mätch ze vermeiden, eis Meedercher weisen zevill Respekt a kënnen sech domat eng gudd agestallten Mamer Equipe net dominéieren.

4. Playdown-Mätch bei den Hären ...

Et wor dem Trainer an senger Equip klor wat bei desem Mätch um Spill stung. Well mat enger dach klorer Victoire vun eisen Nopperen Lourentzweiler géint Péiteng ze rechnen wor, huet eis Equip alles missten drun setzen fir géint -déi zur Zeit un sech zweifelnd Bouneweger Equipe- ze gewannen, an sech domat dem Risko vum Barrage-Mätch zu 99% ze entzéien.  Wei en rouden foudem -dixit vun dem engen oder aneren Zuschauer-  hu mer éis all Saatz schnell en komfortabelen Punktevirsprong ergattert fir et dann awer Bouneweg emmere erem ze erlaaben sech gemitlech erunzekämpfen an et bis zum leschten Ball spannend z ehaalen. Mat "Ach und Krach" gewannen mer in extremis den 2ten an 3te Saatz op 23. Nujé gewonn as gewonnen, eis Investissement an en starken an quasi-fehlerfreien, sympateschen Blaine huet sech heimat faktuel gelount.

1te Mätch an Directioun Doublé ...

Jo dat wor dat wat sech den Coupegewönner 2013 mat hirem Trainer gewönscht an och virgeholl haten. Leider sollt et um Schluss e bessi anescht ausgoen.

No 5 Minuten  stung et promt 6-1 fir Walfer, an et konnt en mengen eis Meedecher hätten sech drop agestallt hiren Géigner vun Ufunk un un t'Mauer ze drecken. Leider wor dest just e Streihféier an Mamer huet mat Routine, Kampf, engem diziplinéiertem Stellungsspiel an engem groussen Sang-froid eiser Equipe de Bass gehalen, an den Walfer TGV zum entgleisen bruecht. 25-20 zu Gonschten vun Mamer wor den Verdickt

Den Ufank vum 2te Saatz wor eng Copie Conforme : mat gudden Opschléi lungen mir direkt 7-2 vir, mir konnten desen Virsprong awer méi laang halen esou dass mir bei 24-23 én éischten Saatzball haten. Desen kruten mir awer net ugerechend, well t'Arbiteschgespann den Ball leider net esou gesin haten ewéi eis Supporter déi an der Verlängerung vun der Line soutzen. Opgepasst ! Wien den Pleséier huet, selwer heinsdo op dem héigen Stull ze setzen dass 50 An méi a besser gesin wéi 2 An. Wann dann och nach wéineg, a wann spéit Höllef vum 2ten Arbiter könnt, dann steht én schéin eleng do. Nujé zreck zu den Tatsaachen : wann én Zeitweileg mat 6 Punkten Virsprong den ganze Saatz féiert, därf én den net méi ofgin.

Wéi am 3te Saatz dun och nach périodesch den Equipe- a Kampfgescht versot huet, woren mer dem erhofften Dram weit eweg. T'Erléislung sollt dun eist Barbara mat e puer fantastesch plazéierten Opschléi brengen, e puer extremen glecklechen Netzroller huet t'Trommler fir Brochdeel u Sekonnen erstacht, mat eis et erlaabt als Ofwieselung den Saatz emol erem eng Kéier ze dréinen. Mat engem 25-23 fir Walfer an engem ugeschloenen Isabelle F. konnt en erem e bessi Hoffnung schöpfen. Leider huet Mamer seng Line konsequent weidergefouert; ob technesch gudd plazéierter oder knallhard Attacken sie haten emmer eng Hand oder en Arm zweschend dem Ball an dem Buedem, et wor fir ze verzweifelen. Domat gewannen sie verdengt den 5ten Saatz, och wann ech dest net gären schreiwen ;o)

Nujé, dest as nach laang ké Bébroch, mais eng Warnung un eis Meedercher déi et secher färdeg brengen aus deser Erfahrung ze léieren. Sie kennen hir Hausaufgaben an hun elo 2 Wochen Zéit fir un den Léisungen ze schaffen an se an denen 2 nächsten Mätcher emzesetzen. Nächst RVen : Samsdeg 16 März um 18 Auer zu Walfer an Samsdes den 23 März um 18 Auer zu Mamer fir den décisiven Mätch :o)

Eis aner Equipen woren och am Asaz ...

Ladies first, ugefangen bei den Cadettes déi Iechternach empfangen hun. Héi hun sech eis Meedercher mat 3-0 gudd aus der Affaire gezun, sin hun zeitweileg gewiesen dass den Opbautraining seng Friechten brengt an esou déi eng oder aner gudd Attack beim Géigener konnt plazéiert gin. Eis Damen 2 sin mat Minimalbesetzung géint Mamer 2 ugetrueden an hun sech missten mat 3-1 geschloen gin. Eis Haeren 2 haten secher net déi beschtméigelechst Equip vir géint den néien Opstéiger an t'Nationaldivioun unzetrieden, 25 Punkten an 3 Säz wor eng extrem knapp Belounung fir den Daag. Eis Youngsters hun dofir kurze Prozess (3-0) mat Péiteng 2 gemaach, an eis Hären 4 hun sech géint dat 50 jähregt Gebuertsdaagskand net weider gewiert. Bleiwt t'Equipe vum Trainergespann Carole B. an Nathalie B., eis Scolairen hun néischt ubrennen geloss an hir aktuell 2te Plaz souverain verdeedegt.

CU next in the Sportshaal

Mexx

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 3068