Skip to main content

Championnat vum 23 Februar 2013

Championnat 23022013

"Dies war Walfer's erster Streich .... "

Den RSRW-Supporter wor et kloer, dass t'Halleffinal vum Playoff vun der Saison 2012-2013 erëm eng ganz nei Erausfuederung fir dem Serge seng Meedercher géif gin. Eng CS Gym déi an extremis vun eisen "Ladies" an der Final vun der Coupe geknéckt goufen, hun sech den WE vum 23/02 an 02-03 März am Kalenner roud ugekréitzt, mam Vermierk "Hei mussen 2 Mätcher gewonnen gin, wann mir des Saison net wëllen mat eidelen Hänn heem goen" ! Beim Opwiermen vu béiden Equipen konnt en schons t'Knisteren um Filet héieren; béid Equipen haten hir Messeren gudd gewetzt.

 En Undenken un eisen treien Sponsor

Eier den Schiri zum éischten Ballwiessel ugepaff huet, huet den Serge t'Geleeënheet genotzt eisem treien Sponsor - der Famill Bichel vum Institut de Beauté "Grain de Sable", Kierchbierg - é goussen Merci fir hir onermiddlech Ënnerstëtzung fir den RSR Walfer auszespriechen an huet hinnen eng XXL-Versioun vun der Gewënnerphoto vun der Coupe de Lëtzebuerg 2013 iwerrecht ... Mir sin secher des fënd eng passend Plaz am Institut.

1te Saz - Endlech vun Ufank un duerchgestacht

Virun enger - vir lëtzebuerger Verhältnesser - gudd gefëllter Tribün, hun eis Meedercher sech op den Terrain gewot. Gezielten Opschléi an Disziplin huet hinnen et erlabt t'Gym ze kontroléieren, jo eigentlech ze dominéieren. Den Coach vun eisem Géigener wor ongewinnt roueg, irgendwéi esouguer "mal à l'aise", schwéier zu dem Moment ze wëssen wat a sengem Kapp virgangen as .... Huet hien et an denen 2 leschten Wochen net färdeg bruecht mat sengen Meedercher den "Out" aus der Coupe ze verdauen ...? Mat engem kloeren 25-20 geet den eischten Saz op Walfer ...

2te Saz - Eng kloer Saach

Am 2ten Saz sollt et fir den Doubléegewënner vum leschten Joer net wirklech besser goen. Au contraire, mat zevill Opschlagfehler hun t'Meedercher ronderem t'Myriam W. ëmmer méi den Fuedem verluer an ganz fréi am Saz den Kapp hänken geloss. Och verschidden extrem laang a spektakulär Ballwiesselen gungen meeschtens zu Gonschten vun eisen Damen aus. T'Auswiesselen vun der Passeuse wor dem Mischel säin leschten Hëllefruff an dem Saz, 21 Punkten wor den eenzegen Loun vir seng Gym-Meedercher.

3te Saz - T'Bänk rett bal desen Saz

Wien awer zu dem Zeitpunkt geduecht hat, mir kéinten en schnellen 3-0 mat op Walfer huelen, guef ganz fréi am Saz enttäuscht.Déi kleng Auszeit fir t'Stammpasseuse huet deser et erlaabt t'Konzentratioun an den gewinnten Spillwitz erëmzefannen an seng Ugreiferinnen optimal an Zeen ze setzen. Der Gym hiren Block wor och vill besser placéiert an huet et Betty a Co schwéier gemaach ze punkten. T'Awiesselen vum Nathalie W. fir t'Nathalie B. an t'Lena an Fabienne fir eis Mëtten, woren déi richteg ausgespillten Trëmp. Eis Equipe huet sech lues a lues erugekämpf, leider sollt et an desem Saatz net méi duer goen vir den Spiess nach emzedréinen. Mat desem gewonnen Satz vir t'Gym wor den Mätch dun eröm op. 

En déjà-vu?

Huet den Mischel sech en Exempel an der Coupe geholl, sollt t'Gym des Kéier den Mätch "in Extremis" gewannen? Den Serge wollt et net drop ukommen lossen an huet sein Paletong op't Seit geluecht an t'Ärm eropgekrämpelt ... Elo wor den Endspurt agelaut, mat engem fréien liichten Punktevirdeel am Bagage, hun déi trei Trommeler vun Walfer hir Equipe an allen Ballwiesselen ënnerstëtzt an haten 3 Mätchbäll beim Stand vun 24-21. Mais hei sollt et nach emol esou richteg spannend gin, well eis Mädels hun et einfach net färdeg bruecht, den Sak zouzemaachen. Den Gewënn vum 1 Mätch vun der best-of 3 Halleffinale sollt durch en Netzfehler vun der Gym, eisen Meedercher t'Erléisung brengen.

"Dies war Walfer's erster Streich .... "

Fir Walfer woren dobäi : Liz Alliaume, Lena Braas, Nathalie Braas, Lara Ernster, Pamela Hasanovic, Betty Hoffmann, Alex Ondelj, Barbara Thoennessen, Nathalie Welsch, Fabienne Welsch, Maryse Welsch, Karolina Zielinski.

Nächsten Mätch: CS Gym - RSR Walfer, den 2.3.2013 um 18.30 Auer zu Bouneweg.



Mexx

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 2910