Skip to main content

Championnat vum 15 Dezember 2012

15 DezemberSpannenden W.E. an Richtung Champion

Desen W.E. stoung am Bleckfeld vun der Revanche vum Match Walfer-Mamer, deen eis Dammen e bessje onerwardt mat 2-3 verluer haaten. Desweideren wollten eis Damen hir Form eroem no ouwen bewegen & daat geent 1 onveraennert Mamer Equipe, die sech innerhalb 1 Joer als kompakter duerstellt.

A bee, eis Dammen sinn net an den Match komm, well 1 Spillerin no der aaner eroem vir Momenter onstabil gouf.Schnell goufen die 2 iescht Saetz verluer & 1 Wett op a Retour haett ech secher net gemaach. An trotzdem! No den richtegen Wieder vun hirem Trainer den Serge,hun eis Dammen sech gerappt & den 3 Saatz gewonnen. Esou wie se opgehaalen haaten, sinn se an deen 4 Saatz eran gaangen, kruten sech weider gesteigert & och den 4 Saatz dunn souverain gewonnen. Am Tiebreak luchen mir schnell 3-0 vir, ginn mat 6-8 am Hannertreffen an den Wiesel, fieeren eroem mat 13-10, vir dann den Sack net zou ze machen & op 13-15 ze verlieren!Fazit:total oni Selbstvertrauen & Kampf an den Match, vir dann iewer un hir Kapazitaeten ze gleewen & baal 3 Saetz en suite ze gewannen! Schued mee trotzdem 1 Kompliment un eis Dammen.

Eis Haeren hun Rees op Fenteng ungertrueden,wou sie op1 Equipe getraff sinn, die dest Joer eroem woellt ganz ouwen matspillen.Eis Equipe confirmiert eroem, dass se mam Blaine mieh Selbstvertrauen weist & den 1 Saatz knapp op 23 verliert,d 'Spannung wor also do! Den 2 Saatz gouf zwar mieh deitlech verluer, net well Fenteng besser gouf, mee sech Oofstoemmungsfehler bei eis angeschlach hun.Den 3 Saatz wor eroem korrekt & zum Schluss haat Fenteng d'Nues eroem mat 25-23 vir.Den Match woar secher net vir ze gewannen, mee eis Equipe huet trotzdem gewisen, dass sie sech no ouwen orientiert & ech prognosistieeren am Play-Down die 5 oder 6 Plaatz.

Elo steet Kreschtaag virun der Dier,vergiesst net eisen schoenen Clubkalenner 2013 ze kaafen & iech vir eis Kreschtparty den nexten 22 Dezember unzemellen.

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 2550