Skip to main content

Championnat vum 13 Januar 2013

normal 20130126 FM DND RSRW EVBC 039Wow, daat wor 1 Krimi!

Loosen mir eis den verdengten Dessert vir zum Schluss opbewahren. Während eis Jugend mie oder manner erfollegreich an der Coupe de Luxbg gekaempft hun, wie och eis Seniors Reserven Equipen,huet den Championnat no dem Novotel Turnier mat den Matcher RSR Maenner- Stroosen & Damen-Gym démariert.

Bei den Haeren woren mir secher net als Favorit oder Aussenseiter gestart, neen mir haaten 1 schwieer Aufgab & hun och 0-3 verluer.D'Differenz un Punkten an deenen 3 Saetz huet awer dem Stroosener Trainer et net erlabt, sein Noowues anzesetzen,schued well do haetten eis Youngsteren sech mat hieres Gleichen koennten miessen.

Bei den Dammen stoung oni Zweifel den Spoetzenmatch vum letzeburger Championnat om Program & dovir haaten sech och d'Gradieen bis op die leschten Plaatz gefoellt

 Hei wor d'Haaptfro:setzt sech d'Gym mat hirer Equipe durch, die waehrend 4 Wochen sech konnten an aller Rouh mat Trainingsmatcher & Froendschaftsmatcher op desen wichtegen Event virbereeden oder sinn et eis Meedercher, die sech mat Courage & Intelligenz an den Match giffen werfen.Net ze vergiessen, dass der Gym och nach der Scouting vum Novotel Cup zur Verfuegung steet,waat hinnen erlabt sech beschtens ob den RSR Walfer(an Mamer) anzestellen.

An esou huet och den Match ungefaangen!D'Gym huet iwert hir Aussenpositiounen sech oemmer eroem een lichten Virdeel verschaaft, waat eisen Meedercher vill physesch & psychesch Kraft kascht huet.Esou goufen die iescht 2 Saetz verluer & deen een oder aaneren treien Supporter huet sech un d'Explicatioun Mamer-Walfer virun 1 Mount eroennert!No der cleverer Oemstellung vun der Equipe durch den Trainer Serge gouf den 3 Saatz ungefangen, deen mir dann mat der noedeger Réussite oofgeschloss hunn,gerad esou wie den 4 Saatz , wou mega Ballwiesel op hoegem Niveau présentiert goufen, woubei d'Spectateuren oennert dem Impuls vun eisem Gaascht-Haalenanimateur ,den Ben Hoffmann, beid Equipen tatkraefteg oennerstetzt hun & schons stung et 2-2.

Oennen an der Haal huet eist Mischi Breuer, daat un 1 Schoelleropératioun laboriert,missten den Maetch vun baussen verfollegen & huet mat den Welsch Schwesteren em all Punkt mat geziddert.

Obwoul d'Gym besser an den entscheedenen 5 Saatz erann koum, hun eis Meedercher sech un Mamer eroennert & konzentriert Punkt vir Punkt opgeholl & ausgebaut ,vir zum Schluss souverain & verdengt ze gewannen.

Dobei hun die 4 zesummen gestreckten bekannten Kaepp am Eck vun der Haal noom Match och neischt mieh veraennert.

Bravo un eis Meedercher & hiren Trainerstab, merci un d'Arbiteschkoppel,merci un eisen Catering & merci un die vill Spectateuren.

Deen nexten Rdv koennt geschwoenn.

Marc E

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 2678