Skip to main content

2. Playoff vum 16 März 2013

IMG 9590FULL HOUSE - ENG IRREPROCHABEL LESCHTUNG VUN DEN WALFER DAMEN

Full House - endlech emol eng Keier d'Bud voll, den Volleyball kritt bei sengen Finale emol endlech déi Unerkennung déi en verdengt.

A Verspéidung ënnerwée koum ech an enger Haal un, déi an den Tribünen bal aus allen Néit geplazt as, genau wéi an den gudden aalen Walfer-Basket's Zeiten, an genau des Bridder a Schwesteren haten den Wee bei eis fond vir eis Meedercher mat hirem jäzegem Organ ze ënnerstetzen. Mais och eng Reih Schoulfrëndinnen a Frënn vun eisen Mädels, Famil, Aarbechtskollegen an Volleyunhänger, genau wéi Walfer Bierger wollten sech dese WE näicht entgoen lossen .... Mamer hat t'Werbetrommel natirlech och kräfteg geréiert an huet déi aner 2 formidabel décorréiert Halschecht vun den Tribuenen besaat. De Walfer Comité seet mer Merci vir des genial Kuliss. Ech hoffen dass mer et färdeg brengen genau esou vill (virwat net nach méi) Léit op den décisiven Mätch nächsten Samsdeg op Mamer ze kréien ...

Full House Musek an Entertainement

Och an dem Bereich huet sech extrem vill gedin, an dat verdengt ervirgehuewen ze gin. Mat vill Professionalitéit an Engagement huet eisen Duo t'Charly - Rom t'Haal mat hirer Muesek an t'Jingels agehéizt, dat ganzt mat der Ënnerstetzung vun eiser clever verstoppten Glecksméischen ¨Jil¨;o) Net ze vegiessen eis Trommler, déi esou agespillt sin dass se emol keng Bloderen méi kréien :o) Ënnert dem Impuls vun dem engen oder aneren néien Slogan, z.b: 1,2,3 Nougat ... sin eis Meedercher richteg opbebléit an hun et färdeg bruecht, ech zitéieren "dass denen Mamer Damen den Nougat wuehl net esou richteg geschmaacht huet".

Full House Start ...

Mat engem 300% geglecktem Start stung et ganz séier 12-5 fir Walfer, an folgend Fro wor berechtegt : Hun mer en besseren Laaf wéi leschten Samsdeg (wou wer och ganz séier vir lungen duerno awer Punkt vir Punkt ofgeholl kruten) oder huet en déi lescht Woch eppes beigeléiert? Bei 16-12 wor den Virsprong nach emmer komfortabel as allerdengs lues a lues geschmolt. Et konnt en awer erkennen dass den selweschten Wöllen éwéi déi lescht Woch bei Mamer net um RV wor, esou dass sech owiesselnd all Equipe den Side Out geholl huet, bis den Schiri bei 25-22 Walfer den éischten Saatz zougestanen huet.

 Walfer Meedercher weisen eng echt Poker Face

Den 2 Saz wor alt erem ähnlech ewéi den 1ten. Walfer lung direkt mat 2-3 Punkten vir, mais huet et nie wirklech färdeg bruecht vir den "Ecart" ze maachen. Emer méi a besser huet t'Mamer Passeuse t'Annalena angesat, dat mat strammen Attaquen dem Alex an sengen Matspilerinen den Bass gehaalen huet. Den Bogdan wollt mam Debora Feller dem Saz du och nach en aneren Stempel opdrecken, mais eis Meedercher hun mat eiskaalem Bleck an Wöllen dergéint gehaalen. Mat 25-22 zu Gonschten vun Walfer konnten eis Supporter erlichtert opootmen an t'Stëmm fir en hoffentlech leschten Saz schmieren.

Mat engem Full House an der Hand riskéieren mir en "All IN"

An grad zu desem Moment sollten mer e bessi ziederech Knéien kréien, well éier mir eis emsin haten luechen mir 8-5 hanen. Am Temps Mort huet den Serge den Meedercher hir exzellent Hand nach eng Kéier gewissen (i.e. Full House) an huet gemengt den Bogdan hät just eng ¨Pair", höchstens en "Triplet" ze bidden. An lass, elo get gezockt ... an wéi en Donnerwieder mat Knöppelsteng stung et 20-11, an kurz duerno haten mer eng Dozen Mätchbäll. Hmmm mais du woren en schons erem do, den onerklärlechen Walfer Phänomen : Mir brengen et einfach net färdeg desen leschten Punkt mat engem enzegen Echange ze maachen, mais soit .... dat as dem Coach seng Hausaufgab fir des Woch. Mat engem heich verdengten 25-14 vir Walfer gouf desen 3te Saz klor gewonnen an beid Equipen an't Vestairen gescheckt. Nächsten Samsdeg gin t'Kaarten néi gemöcht! Wärt déi Equip gewannen déi et färdeg brengt zur richteger Zeit ze zocken an ze blöffen an déi richteg Hänn auszespielen.

Ech gin Iech all RV, nächsten Samsdeg 18h00 zu Mamer

Mexx

Retour au menu ...

1. Championnat

  • Hits: 3064