Tabelleneischt Mamer an Stroossen loossen d'Punkten zu Walfer

great job buddy by losttraveler-d4pbs7t

Den eischten Match war geschter Owend um 6 Auer ugesat. Eis Meedercher hun den Tabelleneischten aus Mamer empfang. Eng kleng Rechnung stoung hei nach op, d'Walfer Dammen haten d'Punkten am Hinmatch jo missen zu Mamer loossen. Sie haten sech vill fiergeholl an wollten den Match onbedengt gewannen, fir na emol en Zeechen fireum Playoff ze setzen.


Allerdengs koumen eis Meedercher nemmen ganz schweier an den Match. Iwwert en 10-3 an 12-5 Reckstand hun se sech missen an den Match kämpfen an konnten schlussendlech mat 25-22 gewannen. Et war en Match deen fierun allem duerch excellent Servicer vun beiden Seiten domineiert gouf. Mamer konnt am 2. Satz ausgleichen. 1-1. Et gouf weider gudd gekämpft op beiden Seiten an et sollt och dofier op den leschten an entscheedenden Tiebreak ukommen. Walfer konnt sech vun Ufank un oofsetzen an gewennt schlussendlech an 5 Sätz geint Mamer.

Dei eigentlech Iwwerraschung vum Owend sollt awer reicht kommen. D'Hären hun sech geschter mat Stroossen gemooss. Dem Tabelleneischten aus dem Härenchampionnat. Den Vice-champion vum leschten Joer huet missen op den Diagonalspiller Salon verzichten, deen verletzungsbedengt nemmen op der Tribün soutz. Eis Jongen hun ganz konzentreiert ugefang an hun keng Angscht fierun deem scheinbaar iwwermächtegen Geigner gewissen. Duerch en gudden Service an den gudden Block konnt den Geigner emmer enner Drock gesat gin.
Den eischten Satz as domat un Walfer gang. Am zweeten Satz konnten sie sech och schnell ofsetzen an haten eng ganz Rei Satzbäll bei 24-16. Eng Serie um Service vum agewiesselten Max Funk huet Stroossen awer nees mei no runbruecht. Beemol stoung et nemmen nach 24-23. En Fehler um Service huet den Satz dun awer ofgeschloss an Walfer war 2-0 fir.

Am dretten Satz as een emmer engem 2-3 Punktenreckstand nogelaf. 22-19 fie Stroossen stoung et an der Schlussphase vum Match. Duerch konzentreiert ageieren konnten eis Jongen den Satz awer nach dreinen an gewannen iwwerraschen kloer mat 3-0 geint Stroossen. Erfierzehiewen sin dei gudd individuell Leeschtungen vum Max Kiffer an Jerome Cremer dei geschter vill zum Succes beigedro hun.

Zu gudder Lescht huet dann och nach an der Haal nierwendrun den d'Résidence Walfer geint den T71 Diddeleng gewonnen. Dei 3 Tabelleneischt aus den verschidden Championnater hun demno hier Punkten zu Walfer missen leien loossen.

En gelongenen Weekend fir den Walfer Sport.

Gilles

Retour au menu ...

Coupe D'Europe - Loterie

Picture 5

GAGNANTS LOTERIE
MATCH RSR WALFER - FAMAGUSTA du 21.11.2013
      No Tombola
1er prix Bon de 200 € offert par Voyage Ecker - Steinsel  1188
2e prix Bon de 100 € - Hifi International   1376
3e prix Gâteau Surprise 10 personnes offert par Geckege Bäcker Gerard 1930
4e prix Alarm Clock Radio (with iPhon Dock)  25
5e prix Alarm Clock Radio (with iPhon Dock)  1268
6e prix Fondue électrique    124
7e prix 2 tickets VIP - Match du 19/12 - RSR Walfer contre Mulhouse 326
8e prix La petite bibliothèque des marques de toujours  666
9e prix Panasonic Stereo Headphones   969
10e prix Expert Sèche-cheveux   2312
11e prix 2 Entrées - Match du 19/12 - RSR Walfer contre Mulhouse 777
12e prix 2 Entrées - Match du 19/12 - RSR Walfer contre Mulhouse 707
13e prix 1 Entrée - Match du 19/12 - RSR Walfer contre Mulhouse 1573
14e prix 1 Entrée - Match du 19/12 - RSR Walfer contre Mulhouse 856
Les lots peuvent être repris lors de notre prochain match de Challenge CUP - 19/12/2013 contre Mulhouse (En cas d'empêchement, contactez le 691 524 787)

Gudd Teamleeschtungen

YES-Oct2010Geschter war zu Stengefort suwuel bei den Dammen wei och bei den Hären den Match VC Stengefort geint RSR Walfer ugesat. Den Optakt hun des keier mol eng keier d'Hären um 6 Auer gema.

Eis Jongen waren beim Opsteiger op Besuch, dei bis dato nach ouni Victoire do stoungen . D'Ziel vun eiser Equipe war et konzentreiert an den Match ze goen, den Geigner net ze ennerschetzen an sou weider 2 Punkten mat heem ze huelen.
Vun Ufank un war Walfer iwwerleen an d'Jongen hun hiert Spill vum eischten bis zum leschten Ball konsequent duerchgezunn. Stengefort konnt duerch gudd Servicer vun Walfer nie en richtegt Spill opbauen an as demno nemmen selten wierklech gefeierlech um Netz gin. Op Walfer Seit war d'Receps dogeint emmer do wou se soll sin an d'Jongen um Netz konnten hier Bäll direkt verwandelen. Insgesamt kann een soen, dass Walfer duerch eng gudd Mannschaftsleeschtung den Match souverän an deitlech mat 3-0 (25-7, 25-11, 25-13) gewonnen huet.

Elo war et un den Meedercher.

Fier sie war et fierum Match bessen eng aner Situatioun. Sie sin zwar grad wei d'Hären als Favorit an den Match gang, mee ouni d'Nora Kalich, dat aus perseinlechen Grenn net dobei konnt sin, an eng Stengeforter Equipe, dei sech an den leschten Joer zu engem potenziellen Kandidat fier den Play-off entweckelt huet, hun sie desen Geigner net op dei liicht Scheller dierfen huelen.
Et war vun Ufank un en nervösen Match, deen emmer rem duerch vill lichtsenneg Feeler op beiden Seiten ennerbrach gouf. Et hat een d'Gefill dass dei zwou Equipen net richteg an den Match fonnt haten an sou as den eischten Deel vum Match sou dohin geplätschert.


Op Walfer Seit gouf vill gewiesselt, um Enn haten dei drei Passeusen hieren Deel zum Match beigedro. Vun do un sollt dun och bessen mei Spillfloss entstoen an d'Zuschauer konnten deen een oder aneren gudden Ballwiessel mat spektakulärem Ofschloss op beiden Seiten bestaunen. Zum Schluss vum Match hun eis Meedercher awer grad wei d'Jongen verdengt mat 3-0 (25-18, 25-20, 25-15) gewonnen. Domat bleiwen sie weider ongeschlo.

En gelongenen Ofschloss huet den Spilldach fier d'Dammen- an d'Härenequipe bei engem gemeinsamen Iessen fonnt.

Gilles Braas                                                                                                                                              Retour au menu ...

Merci dir Meedercher,....

 

Volleyball - Challenge Cup: Walfer verléiert och de Retourmatch géint Mulhouse mat 0-3

RTL - 20.12.2013, 00:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.12.2013, 06:17

Keng Chance haten en Donneschdegowend d'Walfer Volleyballdammen an hirem Retourmatch am Kader vum Challenge Cup géint Mulhouse.

© Marc Burelbach

D'Géignerinnen aus dem Elsass hunn zu Lëtzebuerg och mat 3-0 gewonnen, genee wéi am Allersmatch.

Live ticker Famagusta

Betty fir Grimmel, Fehler um Service fir FA an MAtchball BETTYYYYYY Pummm Service gagnant an fir 2 gewonnt …. Wouw wahnsinneg wei t'Mädels sech zreck an den Match gemellt hun an och mat ALL den Spillerinnen des Viktoire agefouert hun

20 : 23 Drei Matchbäll

16 : 20 2 wonnerschein kurz Passen durch t‘Moett iwert Lena, Padabumm, an elo grad eng genial frech Line vum Grimmel, Lena Service gagnant ….

15 : 18 Eis Lili moecht dat super … Absolut kee Respekt spillt hat ganz variable seng Matspillerinnen un … an t‘FAen schneiden eng Schn …

12 : 13  An elo kritt dann och t‘Lili t‘Chance sech um internationalen Terrain ze beweisen, Hat mecht dat dann och direct mat 2 super Servicen. Verleieren woellt Walfer desen Saatz op kee Fall , an dem Gusty seng Fraen versenken hir Baell just nach an den Tribuenen … A weider Mädels … dei hunk eng ze mellen  

10 : 11 Super Service Lena – Attak vun FA -> Out

8 : 9 Walfer leist net labber, gudd Attak Datty, 2 Hand Alex

8 : 7 Leider gin mer op en Servicefehler vum Nora an den TOT

4 : 6 Den Niveau huet nogeloss, mais Walfer mat hiren zwou freschen Spillerinnen schleit sech gudd. TO FA … do get et eng fatzeg Rafescht …

1 : 2 Servicefehler op beide Seiten

An elo den 4ten Saatz : An elo sin Lena, Fabie an Grimmel am Umarsch … dat hun se verdengt

21 : 25 An do as en … Non Passe vun FA …. Einfach GEIL, ech ziteieren, Mulhouse, mir kommen.

19 : 24  Hammerattak vum Betty … FA elo op 21 erun TO Serge

17 : 23 Service gagnant vum Lara an super Defense vun dem Selweschten … wouw wat e Match

17 : 22Et as herrlech  1 Arbiter iwerstemmt Linienrichter, 3 Punkten trennen eis vum 2 ten Tour …

17 : 19 obwouhl Alex den Block verstaerkt huet happert et den Moment um Ofschloss vum  Punkt, mais dat aenneren mere lo direkt . An et erem eng Finte vum Lara an en Ball an den Aus vun FA dei eis a Feierung brengen …

15 : 17 Och wann ech se net all hei ernimmt kreien se spillen all grandios

13 : 16 Starke Punkt vum Fabie ganz relax mat 2 Haenn an t‘Lach, gefollegt vun engem perfekte Block … den Zyprioteschen Kommentator nierwt mir as e gudd Steck mei roueg gin … komesch ;o)

10:10 Peschball fir t‘Datty, ball bleiwt um Netz haenken an roult gemittlech an den Aus, t‘Nora scored mat enger super Attak. Den Moment haalen mir gudd den Drock … Leider gleich FA mat engem Dankeball aus … Wei kann eis esou en Ball iwerraschen … Fabie fir Nora um Service,… Allez eng kleng Serie

7 : 8 Block-out vum Datty, Service op t‘Line an eng mega Attak Betty … Den Moment as et ganz stark hei … gudd Defense an … endlech eng wonnerbar Finte op 3ml vum Betty … touché – coule …

3 : 4 Mir bleiwen drun, mis et get Zeit et och emol durch t‘Moett ze probeieren

An den Saetz steht et 1 : 1, dat do wor kaalschneizeg ofzerveiert a weider geet et

10 : 25 Den Marriusss as top an den Baell an et as t‘Mischi wat mat engem Ace den 1 Saatz fir Walfer ofschleisst. Weider esou. Elo hun mer tßHallschend gepackt …

9 : 20 FAprobeiert et permanent iwert Mischi, mais si hunk eng ze mellen, Grimmel fir Mischi … Betty super Block

8 : 18 De Moment rullt Alles op Walfer Seit FA kann keng PAroli bidden … Ace DAtty

7 : 16 Endlech mei Drock um Service …weider Datty

7 : 14 t‘Fans vun FA sin net all ze fair an bueen eis Spillerinnen um Service, mais sie behaalen e kloren Kapp, elo hescht et dei 7 Punkten Virrsprong ze verteidegen

6 : 10 Gudd Attak Nora an Datty, t‘Fabie versicht sein Gleck um Service. D‘Datty -> Longline an Punkt

4 : 8 Et as ziemlech Ausgeglach, en Touche get eis net zougesprach, mais t‘Liz let den Ball gescheckt iwert den Block zum 4 : 8

1 : 6 Exzellente Start an den 2 Saatz endlech freen eis Meedercher sech och. Den Zyp. Coach hiewt den Toun … dat schwetz fir sech

1 : 2Gudd Attak Betty an endlesch lescht FA sech och emol e Fehler

2 Saatz – 0 : 0

25 : 19 as den Score bei dem t‘Seiten gedreint gin … Eisen Passeur muss zevill km laafen an FA weisst seng Klass. Et hescht schnell desen Saatz ofhaaken an am 2 manner direct Fehler maachen …. Serge : Mir huelen zevill Baell dei aus gin … Let‘s go  Walfer

23 : 19 Fab fir Lara um Service

21 : 18 endlech dei eischt Combi gefollegt vun gudder 3m Line, mais et happert nach emmer un der Receps an dem Block

20 : 17 Meedercher fannen endlech besser an t‘Spill Wiessel Alex fir Mischi – de Block muss gestaerkt gin

19 : 15 Gudd Attak Datty an 3 riskeierten Service vum Liz

16 : 12 …. 2 TOT Meedercher gleewt un Iech

15 : 11 FA steht mei haannen an der Receps, mir brauchen Finten

12 : 10 et left e bessi besser … Block  an Attack

11 : 7  Lossen mer schon den Kapp haenken ? FG as omnipresent, si hun den Start den mir virun 1 Woch kannt hun. Mir mussen nach mei Drock um Service maachen an och probeieren den Punkt mat der eischter Attack ze maachen …

8 : 5 TO technique, Walfer weisst zevill Respekt an FG (Famagusta) ketsht em all Ball

6 : 5 Hei zu Limassol geet kee Ball verluer, dat get spannend – Echangen vun 7-8 x

4 : 1 Fehler um Service, mat eisen Attaken kommen mir net durch an den Block vun Famagusta steht

0 : 1 an den eischte Punkt get no 2 Attaken vum Nora op Walfer

0 : 0 T‘Equipen gin opgeruf … nach emmer 30 Zuschauer

0 : 0Genau 30 zypriotesch Zuschauer, dei miss tech eleng pakken ;o)

0 : 0 Six de Base Walfer  - Michele / Liz / Lara / Nora / Betty  an Datty – Libero : Maryse

0 : 0 Debut 1er Set

Mardi 26 novembre 2013 – di lescht 60 min. laafen

Et as esou weit, t‘Gemidder vun verschidden Zyprioteschen Responsablen leien blank, mais net mam Mexx, den lesist sech jo awer net grad Alles gefaalen. Wei mer den Owend an t‘Haal komm sin wor eis Internetkabel fir t‘Liveiwerdroung verschwonnen a mir kruten gesot mir dirften dat net maachen ... Du wor ecng lass hei ech kann Iech et soen ...

Hoffen mir behaalen elo eis Leitungen an dann get et en absolut g...roussen Owend. Haut schreiwt Walfer Geschicht. 

Klengen Clin d‘oeil : dei naechste Keier mussen mir dem Serge Musek op sein IPhone setzen, dann hun t‘Maedels weinstens e bessi Stemmung fir sech opzewiermen …

Mardi 26 novembre 2013 - 11h00

Haut as et esou weit, den Daag wou dei Walfer laang gewaart hun as elo endlech do. No engem perfekt gelongenen Hin-Match gelt et haut ze beweisen dass mir kapabel sin des Prestatioun nach eng Keier ofzerufen. Leschten Donneschdeg wor et den Meedercher vun Ufang un gelongen den Geigener mat risikovollen Servicer ener Drock ze setzen. Mir erroenneren drun dass Anorthosis Famagusta doweinst dei 2 eischt Saetz hir Receptioun guer net stabilisöiert krut a guer net an t‘Spill font hat. Am 3. Saatz wor dat awer licht anescht an et huet en erkennen koennen dass den Match geint des Equipe kee Freilous as. Haut setzen mir op dei selwescht Taktik, mir brauchen 2 Saetz fir weider ze kommen (Korrektioun zu dem LW Artikel), eleng dei Tatsaach misst den Drock op t‘Famagusties nach e bessi erheigen. Vun deser Plaaz aus, well ech awer och den Responsabelen vun Famagusta Merci soen, sie probeieren mat allen Moyenen eis dei Gastfrendlechkeet erem ze gin dei sie zu Letzebuerg erliewt hun. Mat der Moettesglack laafen elo dei lescht 8 Stonnen, mir mellen eis of bis kurz virum Match.

Lundi 25 novembre 2013 - 21h00

Famagusta 1Walfer as fir den Retour- Battle (des Keier zu Limassasol) ugemeldt. Ab elo laafen dei lescht 24 Stonnen. Ech soen Iech, wann den Maedels hir Messeren (i.e. Servicer) esou scharw sin ewei haut dann get et richteg beiss. T'Stemmung as exzellent, t'Haal extrem grouss, bis 1.500 Leit koennen hei Plaaz fannen. Mais esou wei et ausgeseit erwaarden sie just 150 Leit ... domat hun eis 8 Stoembaenner an 8 Haenn a Feiss och eng kleng Chance sech bemirkbar ze maachen. Eis 3 trei Supporter, Stef, Nils a Joe hun de Public-Viewing och getest, domat koennen dei Walfer de Beier an der Haal fir muer den Owend kaal stellen.

Kleng Info fir eis Mammen : kaaft muer t'XL Ariel Packung, well dei mauve Trikots waerten donkel-gro heem kommen. Ech mellen mech muer  vun hei erem hei erem, ech hoffen dir sidd all trei um RV.

Lundi 25 novembre 2013 - 15h30

All eis Meedercher sin an Zweschenzeit gut zu Limassol ukomm an hun sech, och wann et de Moien bis mer agetcheckt haten, richteg speit wor (2h00), ganz gudd aclimatiséiert.  Um 20h00 geet et an t'Kampfarena op Limassol, wou Liz, Breuer, Welsch a Co sech eng eischte Keier op den Fight vu Muer den Owend koennen virbereeden. Natirlech brauchen t'Maedels all méigelech moralesch Ennerstetzung vun hiren Fans. Dofir mein Opruf un Iech : Bleiwt muer all doheem, oder -fir eis Memberen- git op Walfer an t'Hall fir en "Public Viewing". Hoffentlech klappt dest, léiw IT loss eis wegl net am Stach fir des Première. A wann dir ALL hoelleft dann get dat, ech zitéieren "richteg geil ", an dem Gusty seng Fraen "hu keng ze mellen".  Voilà dat wor et fir de Moment hei vum Mexx aus Limassol ... zreck op Walfer.

Jeudi 21 novembre 2013 - 20h30

Victoire fulgurante du RSR Walferdange face à l'equipe Anorthosis Famagusta. Après moins d'une heure et demi, l'équipe chypriote s'incline sur le score de 3:0 (25-17 / 25-16  / 25-21).

Retour au menu ...

28 September 2013 : 2. Championnats-WE , ons Hären op Besuch zu Lorentzweiler

2. knapp Victoire fir ons Hären

Ween mengt dass dat spannendst um Weekend den "Tatort" Sonndesowes wier huet des Saison secherlech nach keen Match vun eisen Hären gesin. Un Spannung huet et an den 2 eischten Matcher vun deser Saison nämlech definitiv nach net gefeelt. Nom Krimi leschten Samsten (Walfer konnt desen Match mat 3-2 fier sech entscheeden) war et desen Samsten den "Derby" geint d'Noperen vun Lorentzweiler deen fier masseg Entertainment gesuecht huet. 
Esouvill kennen mir fierweghuelen, et war keen Match fier Leit mat schwachen Nerven.

Eis Jongen hun dei 2 eischt Sätz weit enner hieren Meiglechkeeten gespillt. An allen Bereicher huet et un der neideger Konzentratioun an Prezisioun gefeelt. Lorentzweiler huet hiert Spill konsequent duerchgezun an konnt dei 2 eischt Sätz verdengt an och relativ kloer gewannen.
Zum Schluss vum 2. Satz hun wahrscheinlech vill Zuschauer geduecht dass se frei doheem wieren an sech en gemittlechen Owend vierun der Tele keinten machen. Ma dei Leit haten d'Rechnung ouni eis Jongen gemach. 

Schon zum Schluss vum 2. Satz war ze bemierken, dass d'Walfer Hären desen Match nach lang net opgin haten. Lues an lues as d'Maschinn un d'rullen komm an Walfer as emmer besser an d'Spill komm. D'Reaktioun war awer bessen ze speit komm an sou huet Lorentzweiler den 2. Satz awer nach gewonnen.

Et sollt den leschten sin fier desen Owend. Ab dem 3. Satz war et wei wann eng aner Equipe um Terrain geng stoen. Et huet ausgesin wei wann een sech dat ganzt spillerescht Kennen fier d'Sätz 3,4 an 5 opgehuewen hätt. Ugefouert vun engem excellent opgeluechten J-P Londiniere konnt Walfer Punkt fier Punkt machen an huet Lorentzweiler emmer op mindestens 3-4 Punkten Ofstand gehaal.

Um Spill vun eisen Jongen konnt een an den 3 leschten Sätz kaum eppes bemängelen. Den Stefan Lafontaine an den Rob McLean hun d'Receps sou gudd un den Filet bruecht, dass den Gilles Braas weineg Problemer hat fier seng Attaquanten an Szene ze setzen. Lorentzweiler huet sech mat allen Mettel gewiert fier den Match netmei aus den Hänn ze gin, mee D'Haaptakteuren op Walfer Sait, den J-P Londiniere an den Rob McLean hun d'Bäll praktesch all verwandelt an Walfer zum knappen awer schlussendlech wuel verdengten Sieg gefouert.

VC Lorentzweiler - RSR Walfer: 2 -3 (25-16, 25-22,19-25, 23-25, 9-15)

Ween lo op den Goût komm as an sech dat ganzt live well ukuken as en Samsten um 20:30 Auer herzlech op Walfer inviteiert fier d'Equipe z'ennerstetzen.

GB

 

Bei den Damen : 2 Matcher 2 Victoiren 

Desen Week-end waaren eis Meedecher zu Peiteng op Besuch.

Deen eichten Saatz konnten eis Damen matt 25:19 gewannen, trotz klengen Startschwieregkeeten. Duerno hued et un Konzentration an Disziplin gefeelt an dofir ass deen Saatz un Peitengen Damen gaangen.
No deem verschenkten Saatz hun eis Damen sech rem gesammelt an gewisen waat se konnten,dofir hun sie den dretten Saatz matt 25:12 gewonnen.

Eis Damen wollten dun den Saak definitive zou maachen,obwuel dei Peitenger sech gutt gewiert hun,konnten d'Walfer Meedecher des Victoire matt heem huelen!

Nexten Week-end spillen se doheem geint Bertrange um 18:30!!!!!!

NB

RSR Walfer - Mulhouse

La fête ne fait que commencer!:19/12/2013 um 19:00 CEV Challenge RSR Walfer-Mulhouse

 

 
 

CEV Coupe RSR Walfer-Famagousta

Challenge Cup1Liew Sportsfroenn,

koomt allegur eis Volleyball Dammen den Donneschten um 19:00 geent Famagousta oennerstoetzen.

Mir bidden och 1 Rahmenprogramm virum & waehrend dem Match.

Allez Walfer

21 September 2013 : 1 Championnats-WE vun der Saison 2013-2014

DEN INSTITUT DE BEAUTE - GRAIN DE SABLE (KIRCHBIERG) AN FOP GROUPE FIDUCIAIRE MUNSBACH) INVESTEIERT WEIDER AN DEI WALFER MEEDERCHER              

Mat ganz vill Freed hun t'Nelly an den Thierry BICHEL den Walfer Meedercher hir Equipement fir déi kommend wichteg Volleyball-Saison iwerecht. Et as an Zweschenzeit bekannt dass, eis Damen - als Gewënner vun der Coupe de Letzeuerg - den Ticket kritt hun fir 2013/2014 un dem Challenge Cup deelzehuelen. Den Géigener hesscht wéi bekannt Famagusta aus Zypern, deenen sie als éischt am Hinmätch Donneschdes den 21 November 2013, 19.00 Auer, zu Walfer géigeniwer stin (Retour as Densdes den 26 November 2013 zu Limasol). Den Organisatiounscomité, mat hirem Président Michel Klepper, as ganz ambitiéis, an an der Organisatioun ganz eifreg. Dest soll én Aushängeschöld fir den Volleyball zu Letzebuerg an de Sport zu Walfer gin. An déi zwou nei Uniformen sollen hei virun gerammelt voller Kulisse éierwürdeg an den Asaatz kommen. 

Am Numm vum Organisatiounscomité vum Challenge Cup, am Numm vun den Walfer Meedercher an am Numm vum Walfer Comité, e ganz grousse Merci un t'Nelly an Jil BICHEL (Institut de Beauté - Grain de Sable) an un den Thierry BICHEL (FOP GROUPE FIDUCIAIRE) fir hir generéis Ennerstëtzung.

An domat sollt den Startschoss an déi nei Saison gin sin. Den Géigener fir desen éischte Mätch vun der neier Saison sollt den onbequemen Géigener vun Iechternach sin. Onbequem, am positiven Sënn vum Terme - well et sin alles ganz fein a léiw Meedercher - mais bekannt dass sie mat ganz vill Wöllenskraft op den Terrain kommen a kéen Ball lichtfankeg faalen lossen. 

Op Walfer Sait gouf eisen neien Recrut vun der Gym Bouneweg (an och letzebuerger Championne am Beachvolleyball) Nora Kalich erwaart, dat der Equipe nach e bessi méi Stabilitéit um Terrain soll brengen, an durch méi Präsenz am Block, Schlagkräftegkéet an der Attack an engem gudden Service den Damen erlaaben misst den Titel ze attakéiern.

Kommen  mer  zum Mätch. Eigentlech get et hei ganz séier wéineg ze soen an ze analyséieren. Gerechend haaten mer jo mat enger Iechternacher Equipe, géint déi et wéi gesot bis elo ëmmer extrem schéier wor den Ball op de Buedem ze kréien. Trotz hirem Geheimrezept - sie hun et ëmmer erem färdeg bruecht eng Hand ennert den Ball ze brengen, war des kämpferesch Equipe des Kéier net mat desn Qualitéiten unzetreffen. Oder louch et dach un denen villen Serien vun ganz gudden "secheren" an awer trotzdem plazéierten Servicer, déi eis Meedercher vun Ufank un drop haaten? Quasi zu kengem Moment kruten déi Iechternacher Spillerinen t'Receptioun stabiliséier an hun esou dem Kikki et onméigelech gemaach fir seng Ugreiferinnen e bessi korrekt unzespillen.

Et wor also en éischter lichten Optaktmätch, den nächsten WE, géint t'Péitenger Damen, get secher en aneren Défi. Mais bis dohinner bleiwen jo nach e puer Traininger fir fleisseg Gas ze gin. 

                 Block Lara Ernster / Nora Kalich                                      Eisen NOUGAT (dat as den ouni Brëll)                                                                             Freen fir all Ball

Bei den Hären wor et é ganz aneren Mätch den op eis - zu 60 % nei Formatioun - gewart huet. Vill Froen woren op : Wéi hun eis puer jonk Männer, Stef, Nils, Kiffi a Co sech am Summer entweckelt, wéi fit as eisen Charly, hat hien leschte Méindeg nach en häftegen Examen. Net ze schwätzen vun engem JP, Rob an Gilles. Sin sie schons prett fir hir Erfahrung komplett auszespillen?

Déi éischt 2 Punkten woren relativ easy an dat - bravo Max - grace à 2 perfekt Blocken vun eisem 2m-Bouw, dat versprecht esou munches. Wat du koum wor relativ onglecklech, 3-4 diskutabel Bäll, ze schnell fir dem 2ten Schiri seng Aan, leider huet den Ball ëmmer erem missten op t'Sait vu Bouneweg gerullt gin. An éier mir eis emkucken konnten, stoung et 8-3. Dat konnt et jo wuel net sin, do haten mir eis dach esou vill virgeholl.

Am techneschen Time-Out goufen e puer Detailer gereegelt, fir endlech an de Mätch ze fannen. An esou lues as den Zuch un t'Rullen komm. Den Gilles krut seng Aussenugreifer ëmmer besser ugespillt, an de Charel an Max an der Mött hun t'Diffrenz gemaach. Mat engem knappen, zum Schluss awer verdengten 25-22 wor t'Eis gebrach. Den 2ten Saatz sollt dowéinst dann vun Ufunk un ganz annescht laafen. Opgefall sin virunallem, gudd Receptiounen vum Stef, an och an der Defense wor hien, bei e bessi méi delikaten Bäll, ëmmer erëm um Ball. Och den Service war an deser Phase vum Mätch eng gudd Waff, 25-13 woren no 17 min Spillzeit séier an der Täsch.

Dat misst fir haut gelaaf sin - esou war, menger Mehnung no, t'Analyse an den Käpp vun eise Spiller ... Denks de !!! Mir hätten dat vum leschte Joer wössen missten, dass des Bouwen den Kapp net hänken lossen an weider un en Erfolleg glewen. Den am zweeten Saatz agewiesselten 2. Libero koum ëmmer besser an t'Spill, den Mickäel Marcelle huet sain beschtend Spill ausgepak, den Felix Polfer war eng echt geféierlech Alternativ, an den Slim Kammoun huet no Loscht en Block-Out nom aneren gemaach. 22-25 fir den VCB. Och den 4. Saatz konnt net vun Walfer genotzt gin fir den éischten Mätch vun der Saison héem ze fuehren.

Den Start an den 5. Saatz wor eng richteg Katastroph, een onnéidegen Fehler nom aneren. Zwée wonnerschéin erausgespillte Bäll op den JP sollten eis définitif t'Geneck briechen .............

Née née, hei as et nach laang net eriwwer, é Gleck !!!! Beim Spillstand 12-14 (dh fir den VCB), rifft den Serge eisen jonken Max Braas erbei - ALL IN - wor t'Devise, an dat huet desen Kärelchen och ganz cool erofgespillt. 3 perfekt Servicer hun et den Bouneweger net erlaabt den Mickäel perfekt unzespillen, mais au contraire, Walfer - mat 2 x Block vum Rob an 1 brutalen Block vum Charly - huet et erlaabt et erem spannend ze maachen. 15-14 / Service vum Max an den AUS 15-15 (vun dëser Plaaz aus trotzdem all Respekt Bouw) / eng Killing-Attaque durch t'Mött vum Charel 16-15 / an den leschte Mätchpunkt .... den 1ten Schiri weisti op t'Sait vu Walfer - déi flippen aus vun Freed  .... /  Ah jo-née do wor jo nach den 2ten Arbiter, deen hat ofgepaff (iwergetröppelt ???? ) / Hmmm Décisioun vum 1. Arbiter : balle à remettre - den VCB mëcht den Punkt net, perfekt Réceps vum Stef op den Gilles - wat léeft, du freche Jong - / eng kaalbliddech 2.  Hand - Punkt Schluss / Halleluia.

Wat ee WE - Respekt un den VCB - gudd zreck an de Mätch komm. Ech färten ganz do mussen nach e puer Equipen sech waarm undinn fir géint des Kämpfertrupp net ënner ze goen.

                         ----- Block Max Kiffer / JP Londiniere              Hmmm wat mëch dem JP seng Hand do?                     Fréen se sech esou op der anerer Séit                      Esou fréet sech e Prési 

Login for mobiles