Skip to main content

Grouss Leschtung

Walfer huet de WE extrem staark opgetrompt

Ween elo mengt ech géif hei vun eiser Damen oder Härenequipe schreiwen, den muss ech besserem beléieren. Wuell ass den Ausgang op desem Niveau ni eng Evidenz, an trotzdem hunn eis béid Senior-Equipen hiren Soll erfëllt esou ewéi dëst den aktuellen Resultater no e bëssi Pflicht wor.

 

Nee dësen WE stoungen eis Kleng (Scolaires) a ganz Kleng (Minimes) am Fokus vun eisem Interesse.

Den Ufank sollten eise Minimes dësen WE zu Jonglënster maachen wou t’Aachtel, Véierel an Halleffinalen vun der Coupe ugesat woren. T’Coupe huet bekannterweis seng eegen Gesetzer mais ass dofir esou speziell well en sech keen awer guer keen „Faux Pas“ leschten kann. En verlueren Match bedeit deemno den direkten OUT aus dëser Competitioun. Ganz konzentréiert sinn si géint hiren éischten Géigner un t’Wierk gaangen an konnten hei eng ganz louwbarLeeschtung ofruffen. Mat 2-1 gewannen si ganz verdéngt de Match an kruten et dunn mat Stengefort ze dinn, eng absolut haard Noss. An déi wor dunn leider och den Daag netz e knacken. Och wann en Schluss nach e bëssi knapps ginn ass huet Stengefort e Match fir sech entscheed an och spéider gewisen si Kandidat fir den Titel sinn dh si um En vum Dag sech fir t’Final qualifizéiert hunn. Respekt un eis Equipe fir déi gutt Prestatioun.

E Sonndeg wor et du nun eisen Scolairen, si sollten probéieren et nach e Stéck besser ze maachen wéi hir jonk Komeroden, dh Halleffinall, nujé firwat ,net direkt Final wor hiert Ziel. Dat klengt op engem Sonndeg Moien éischter no gutt gedreemt, oder …? Nee ganz a guer net … Déi 7 Scolaires woren total ausgerascht an gutt virbereet fir des schwéier Aufgab unzegoen. Mat engem secken 2-0 hunn si déi Amber an t’Vestiairen geschéckt an haten e puer Stonnen Zäit fir sech op den nächsten Géigner virzebereeden, i.e. Stengefort. Des si bekannt fir guddJugendaarbecht, deemno keen Selbstléefer … An dach sollt och hei den finalen Score weisen dass eis Scolairen den Moien net op Lënster komm si fir mat eidelen Hänn erëm Heem ze fueren. 2-0 fir Walfer an domat wor t’Halleffinall fir eis gebucht. Do huet Mamer op eis gewaart, sécher och keen vun deenen bequemsten Géigner, si sinn och meeschtens voll motivéiert a wëllensstaark. Mais och si wor dësen Sonndeg Walfer net gewuess. Sifra, Loris, Gilles a Co hunn näischt ubrennen gelooss an hunn mat engem relativ kloren 2-0 den Ticket fir Finalen gepëtzt kritt. Domat hunn si eisen Senioren et vir gemaach an evidenter Weis eis Helden vum Weekend.

Bravo, grouss Lëschtung !!!!

 

1. Championnat

  • Hits: 2832