Skip to main content

Walfer Team an Supporter ennerwée op Innsbruck

23h00 : Den Startschoss fir an den 2ten Déel vun der 2016 CEV Challenge Cup - Aventure gouf geschter Owend gin.

Innsbruck

 

Et as Alles annescht ewei en Trip an de Wantersport, mais des Rées verlaangt esou Munsches vun eisen Damen an Supporter. Op Innsbruck flitt en net esou einfach mam Flieger (och wa mir nemmen 2 min. vum Innsbrucker Flughafen logeieren). 10 Stonnen Bus sin ugesot an t'Meteoskonditiounen net dei Bescht.

Wei emmer huet de Serge alles dru gesaat fir t'Strapazen esou agreabel ewei meigelch ze gestallten an den halwe Bus mat Miniardisen an Gedrengs ze belageren. Merci Coach ! Mat engem klengen Schnarchen lenks engem deiwen Geotems rechts hannen huet een den aneren an den Schlof geschaukelt an eisem Walter (eisem Buschauffeur dei ganz Verantwortung iwerloss).

An hien huet dat richteg gudd gemaach och wann e Pack Schnei him t'Liewe schweier gemaach huet. Mais et as halt e Profi !

9h00 : Déi Ganz Delegatioun as gesond a monter an engem - ennert bloen Himmel - herrlech verschneiten Innsbruck ukomm.

9h30 : de Programm as einfach - e vitaminreichen Kaffi, duerno raschten, duschen an Sightseeing vun Innsbruck.

Objektiv : aclimatiséieren fir Muer den Owend eng memorabel Prestatioun ze bidden, Spillerinnen ewei och Supporter !

Mir hallen Iech Informeiert, hei op deser Seit ...

Kuckt heiansdo eran !

 

5. CEV Challenge

  • Hits: 2823