Skip to main content

Virbereedungstournoi zu Walfer

E spannenden Virbereedungstournoi zu Walfer fir t'Cadetten aus Bartreng, Iechternach an Walfer an den Walfer 3 Damen.

 

Tournoi Cadettes001

Bartreng Gewënner vum Tournoi, just am Endspurt haten sie eng Nueslängt Avance.

Op Initiative vum Walfer Cadettes Trainer Friedrich Rodenberg, sollten och dest Joer déi e bëssi méi Jonk t'Chance kréien fir virun der Saison eng Partie Sätz ze spillen an esou un hirer Technik ze feilen an déi eng oder aner Spillerinnen am Gruppe ze integréieren.

Gespillt goufen an engem "Jidderee géint jiddereen Modus", jeeweils 2 Sätz. An deenen 2 éischte Ronnen sollt et kengem vun den 3 Equipe geléngen sech ofzesetzen,1-1 esou t'Resultater von all de Mätcher, an et huet eng 3ten spannend Ronn gebraucht fir den Gewënner vun dësem Tournoi ze ermëttelen. Mat engem 2-0 géint Iechternach gewënnt Bartreng dësen éischten Preparatiounstournoi, déi 3 Damen vu Walfer kommen mat engem knappen Punktevirdeel vun 8 Pts op déi 2 Plaz, virun den Walfer Cadettes an dem Steve sengen Iechternacher Meedercher.

Alles an Allem eng interessant Initiative déi all Spillerin vill Spaass bereet huet, esou hunn ech dat emol op Basis vun der Gruppefoto entschlësselt. Elo kënne mer zouversiichtlech an déi nei Saison starten.

 

Homepage

4. Tournois

  • Hits: 2678