Skip to main content

14. Spilldag an der Novotel Ligue

Wichteg Victoire fir eis Hären, d'Damme bleiwen ongeschloen

 

normal_16586583_10212351719407656_601506298_o.jpg

Nodeems eis Dammen leschte Weekend géint de VC Mamer gewanne konnten, an eis Häre géint de VC Fenteng de Kierzere gezunn hate, stoung dëse Weekend de leschte Match vun der regulärer Saison um Programm.

Fir eis Walfer Equippen hunn d’Géigner alle béid VC Stroossen geheescht. D’Ausgangslaag war a béide Matcher awer net déi nämmlecht. Sinn eis Dammen, als klore Favorit an de Match gaangen, sou waren eis Hären éischter d’Erausfuerderer am Match géint den aktuellen Doublégewënner.

Eis Dammen hunn den Ufank géint déi jonk Stroossenerinne gemaach. Am éischte Saz hunn eis Meedercher sech nach e bësse schwéier gedoen, an hunn e bësse gebraucht, bis se an de Match fonnt haten. De VCS huet gutt matgehalen an huet et eise Meedercher d’Liewen ganz schwéier gemaach. De längeren Otem haten eis Walfer awer, an esou ass den éischte Saz denkbar knapp mat 25-23 un d’Heemequipp gaangen.

Dëse knappe Sazerfolleg sollt eis Dammen awer reselen. Am zweete Saz sinn si vill méi konzentréiert zu Wierk gaangen, an hunn deene Stroossenerinnen hiert Spill opgedrängt. Mat vill Drock an allen Elementer an der néideger Reussite hunn eis Meedercher sech schnell en Ecart erspillt. An dësem Saz war vun Ufank u kee Kraut géint di Walfer gewuess, a sou konnte si sech kloer mat 25-10 behaapten.

Och am drëtte Saz hunn eis Meedercher (obschon di hallef Equippe huet missen op de Match vun der Reservenequippe goen) näischt ubrenne gelooss. De leschte Saz gewanne si mat 25-17 a bléiwen an der regulärer Saison ouni Defaite.

Fir eis Hären ass et um 14. a leschte Spilldag nach eng Kéier em d’Wurscht gaangen. No der Defaite géint Fenteng waren si op déi 3. Tabelleplaz gerutscht a konnte sech nëmmen duerch eng Victoire nees op déi 2. Plaz katapultéieren. Duerch eng 2. Plaz hätt een dann an engem eventuellen 3. Match an der Playoff-Halleffinall Heemrecht.

Mat deem Ziel virun Aen, sinn eis Jongen an de Match gestart. De Starting-6 ass par Rapport zum Match géint Fenteng nëmmen op enger Plaz changéiert ginn, de Ben Angelsberg huet dem Nils Bichel seng Plaz ageholl. Et huet ee sech vun Ufank un op eng ganz serréiert Partie agestallt, an der keng Equippe der anerer eppes schenke géing. Virun allem eis Jongen wollten no der dach klorer Defaite am Himatch esou muenches nees gutt maachen. Mat vill Risiko si béid Equippen an de Match gestart. Souwuel um Service, ewéi och an der Attaque hunn d‘Equippe vill Drock gemaach. Op Walfer Säit war et am éischte Saz ëmmer nees den Momo El Farh, deen fir déi néideg Akzenter suerge konnt. Ganz laang war den éischte Saz serréiert, an eréicht an der Schlussphase konnten eis Jongen fir den entscheedenden Ecart suergen. Mat 25-20 gewanne si den hiren éischte Saz dës Saison géint den amtéierenden Champion a gi mat 1-0 a Féierung.

Am zweete Saz ass et direkt nees mat 100 à l’heure ugaangen. D’Bäll si mat vill Kraaft an awer der néideger Präzisioun an de géignereschen Terrain gesmasht ginn. Laang Bällwiessel konnt een doduerch nëmmen seelen bestaunen. Entweder gouf den éischte Ball direkt verwäert oder en ass vum géignereschen Block nees zréck an den eegenen Terrain gaangen. Bis zum Schluss vun dësem Saz konnt keng Equippe fir e richtegen Ecart suergen, a sou ass de Saz an d’Verlängerung gaangen. Eréischt béi 27-28 konnt Stroossen vun engem Fehler op Walfer Säit profitéieren an hunn den 2. Saz fir sech entscheet.

Den 3. Saz war quasi eng Kopie vum 2. Saz. Keng Equippe huet sech ofsetze kënnen an den héije Risiko, deen déi zwou Equippen um Service gaangen sinn huet vill direkt Fehler mat sech bruecht. Wann de Service de Wee awer bis bei d’géigneresch Receptioun fonnt huet, dann gouf déi des öfteren virun eng schwiereg Aufgab gestallt. Virun allem de Philippe Glesener, deen an dësem Match déi meeschte Bäll ze receptionnéiere krut, huet awer bewisen, dass en dem Drock Stand hale kann. Erëm war d'Schlussphase vum Saz nees ganz ëmkämpft an esou huet och hei d’Entscheedung an der Verlängerung misse falen. Bis zum Score vun 28-27 konnt keng Equippe sech den néidegen Ecart vun 2 Punkten erspillen. Du war et awer nees e Fehler vum Géigner, des Kéier zu Gonschte vun den Haushären, deen de Saz ofgeschloss huet. Des Kéier war et also nees Walfer, déi de Sack zoumaache konnten, an de Saz mam nämmlechte Score wéi am Saz virdrun fir sech entscheede konnten.

Den Ufank vum 4. a gläichzäiteg leschte Saz gouf duerch eng gutt Opschlagserie vum Charel Ernster gepräägt. Eréischt bei 6-0 vir Walfer sinn déi Stroossener eng éischte Kéier op de Service komm. Et huet schonn no enger Virentscheedung gericht. Allerdéngs hunn déi Stroossener sech net esou einfach opginn, an hu bis zum Schluss weider gekämpft. Bei 13-12 sinn si esouguer nach emol a Féierung gaangen. Nodeems den Momo El Farh eng kleng Paus vum Trainer Serge Karier zougestane krut, ass hien an der Schlussphase vum Saz nach emol agewiesselt ginn, an huet direkt mat engem ganz wichtegen Block op sech opmierksam gemaach. De klenge Réckstand, deen déi Walfer zu deem Zäitpunkt haten, konnt egaliséiert ginn a Walfer konnt esouguer nach eng Schëpp dropleeën. Si konnten hirer Säit e puer Punkten um Steck sammelen a gewannen schlussendlech mat 25-22 a bezwengen de VC Stroossen um Enn mat 3-1.

Dëse Weekend gëtt dann den éischten Titel am lëtzebuerger Volleyball fir dëst Joer verdeelt. Um Belair stinn sech insgesamt 8 Equippen am Final-Four vun der Coupe de Luxembourg géigeniwwer. Mat dobäi sinn och eis Dammen an Hären, déi an hiren Halleffinallen jeeweils op Matfavoritten op den Titel treffen.

Am Dammematch, deen en Donneschdeg, den 9. Februar um 18.30 Auer gespillt gëtt, treffen eis Meedercher op de CHEV Diekirch.

Eis Häre spillen hire Match e Freideg, den 10. Februar um 18:30 Auer géint de VC Fenteng.

Kommt eis Equippen ënnerstëtzen an hëlleft hinnen et bis an d'Finall vun der Coupe ze packen, déi dann direkt Samschdes gespillt gëtt.