Skip to main content

12. Spilldag an der Novotel Ligue

D'Damme ware kuerzzäiteg um nämmlechte Virus erkrankt wéi d'Hären zu Bartreng.

 

16114832_1815261888696395_2333162676150628774_n.jpg

 

Wann een d'Endresultat (3-2) vum leschten Dammematch geséit, kann ee mengen, dass de Match dem gerecht gouf, wat een sech am Viraus erwaart hat. Kuckt een sech dann awer déi eenzel Säz méi genau un, geséit een, dass de Match deelweis guernet esou spannend war, ewéi deen 3-2 et vermudde léist.

An deenen zwee éischte Säz hat nämlech alles dono ausgesinn, ewéi wann eis Meedercher déi kloer Victoire aus dem Himatch widderhuele kéinten. Mat 25-17 an esouguer 25-8 goungen d'Säz nämlech méi wéi kloer un d'Heemequippe. Walfer huet en héijen Tempo virginn, deen di Diekircher Meedercher, bei deenen déi zwou etatméisseg Mëttelblockerinne Lara Wagner a Katrina Reuter verletzungsbedengt nëmmen op der Bänk Plaz konnten huelen, net matgoe konnten. Virun allem um Service konnten di Walfer Dammen nees iwwerzeegen, a sou hunn esou muench Bäll de Wee net bis bei d'Passeuse vun Diekirch fonnt. Ganz vill Drock konnten eis Meedercher esou ausüben an hunn dem Géigner keng Chance gelooss an de Match ze kommen.

Am drëtte Saz hunn déi zwou Härenequippe sech schonn op der Säit warm gemaach, war dach jiddereen dovun ausgangen, dass de Match elo séier fäerdeg wier. Ob et elo dru louch, dass eis Hären sech esou no hannert der Walfer Bänk gestretcht hunn a si d'Meedercher esou mam geféierleche Virus vum leschte Match géint Bartreng ugestach hunn, sief dohigestallt. Op alle Fall haten eis Meedercher net méi déi selwecht Reussite um Service ewéi an de Säz virdrun an esou sinn di Diekircher ëmmer besser an de Match komm. Et goung elo Schlag op Schlag a keng Equippe huet sech ofsetze kennen. No deenen zwee klore Säz ass elo Spannung opkomm a keen an der Haal konnt elo soe wien dëse Saz géing fir sech entscheeden. Den éischte Sazball huet d'Isabelle Frisch nach mat engem Servicefehler verschenkt, den 2. konnten d'Nordstaater dunn awer verwäerten a gewannen de Saz mat 26-24. Domat war gouf et nieft den néien Trikoten, déi eis Dammen e Samschde fir d'éischt unhaten, eng weider Premiere. Dëst war den éischte Saz, deen eis Dammen dës Saison hu missen ofginn.

Am véierte Saz koumen eis Dammen nach ëmmer net richteg zou sech an et huet näischt méi sou geklappt ewéi am Ufank. Mat engem schnellen 3-0 ass de CHEV besser an de Saz gestart. Trozt de Wiessel, déi de Coach Serge Karier getätegt hat, konnt een d'Leeschtung vum Ufank net nees opruffen. Positiv war allerdengs, dass een trotz der dach duerchwuessener Leeschtung ëmmer no un den Diekircher bléiwe konnt, an een d'Säz serréiert gestalte konnt. Mee och de véierte Saz goung mam Score vu 25-23 un d'Gäscht.

D'Meedercher hunn et also missen am alles entscheedende fënnefte Saz riicht béien. Dass dat net einfach ass, konnt ee virun zwou Wochen nach bei eisen Häre gesinn, déi no engem 2-0 Virsprong nach mat 3-2 de Kierzere géint Bartreng gezunn haten. De leschte Saz war vun Ufank un ganz ëmkämpft. Béid Equippen hu probéiert déi eege Fehler ze vermeiden a si manner Risiko agangen ewéi an de leschte Säz. Punkt fir Punkt hu béid Equippe lues awer sécher gesammelt, a mat serréiertem Score ass de Match an d'Endphase gangen. Um Enn weisen di Walfer Meedercher Nerven a verhënneren di éischt Defaite dës Saison nach knapp. Mat 15-13 schléisse si den drëttleschte Match vun der regulärer Saison of a sinn theoretesch zwar nach vun der éischter Plaz ze verdrängen, mee do misst et op den zwee leschte Spilldeeg nach zu enger Partie gréisseren Iwwerraschunge kommen.

Mat enger Dräivéierelsstonn Retard op de geplangte Matchstart hunn eis Hären dunn ugefangen. De bessere Start an de Match haten di Diekircher, déi bei gefillte Minustemperaturen (d'Arbitter hu missen en decke Pullover undoen) éischter op Toure komm sinn. Op der Säit vun de Gäscht koum en ale Bekannten zum Asaz, dee kuerz virum néie Joer nach verpflicht gouf. De Slawomir Kudlaczewski, dee virun e puer Joer nach beim VC Fenteng un d'Netz gaangen ass, huet de Wee zréck op Lëtzebuerg fonnt. Leider war säin Optrëtt nëmme vu kuerzer Dauer. Am éischte Saz verletzt hien sech no engem Block onglécklech um Fouss a konnt net méi weiderspillen.

Eis Hären hu lues a lues besser an de Match fonnt, a konnte virun allem an de Beräicher Block an Defense iwwerzeegen. Punkt fir Punkt hu si sech nees un déi Diekircher erugekämpft a konnten den éischte Saz um Enn mat 26-24 gewannen.

Och am zweete Saz koumen déi Diekircher nees besser op den Terrain a konnten e klenge Virsprong erausspillen. Mee och hei konnten eis Jongen hier Virdeeler um Netz ausspillen an de Score nees zu hiere Gonschten dréien. Mat 25-20 geet dee Saz och un d'Haushären.

Am drëtte Saz war d'Loft dunn eraus. D'Géigewier vun den Diekircher huet nogelooss a Walfer huet de Saz um Enn kloer mat 25-10 fir sech entscheeden, a konnt an der Schlussphase nach alle Spiller bësse Spillpraxis schenken. Mat 3-0 konnte si sech also géint de CHEV Diekirch behaapten.

D'nächst Woch stinn dann d'Heemmatcher géint Mamer a Fenteng um Programm.