Skip to main content

8. Spilldag an der Novotel Ligue

Walfer Damme wéider souverän, Hären nees mat Victoire

 

E Samschde stoung den 1. Match vun der Réckronn um Programm. Um 7. Spilldag sinn eis Hären um Belair an eis Dammen zu Stengefort am Asaz gewiescht. Béid Equippen haten di jeeweileg Hironnematcher gewonnen a wollten dës Victoiren och an der Réckronn widderhuelen.

 

 

Eis Dammen hu géint Stengefort net vill ubrenne gelooss. Ouni d'Kelly Schmit haten d'Haushäre vun Ufank u Krämpes fir den héije Rhythmus, deen eis Meedercher hinnen imposéiert hunn, matzegoen. Mat der richteger Mëschung zwëschen dem néidegen Drock um Service an awer engem Minimum u Fehler hunn eis Meedercher den éischte Saz dominéiert a mat 25-14 fir sech entscheeden.

De Coach Serge Karier konnt senge Meedercher alleguer Spillzäit ginn, a sou hunn sech d'Nathalie Welsch an d'Liz Beffort op der Diagonalpositioun an d'Maryse Welsch an d'Caroline Martin op der Liberopostioun ofgewiesselt. De Spillfloss ass doduerch net ënnerbrach ginn. Am Géigendeel souguer. Eis Meedercher hunn deene Stengeforter esouguer nach ee Punkt manner zougestanen. 25-13 huet et deementspriechend am 2. Saz geheescht.

 

Am drëtte Saz war den Ufank bëssen en anere wéi an deenen zwee Säz virdrun. Et waren dës Kéier déi Stengeforterinnen, déi sech e klengen Ecart erspille konnten an deen och bis kuerz virun di zweet technesch Auszäit geréiere konnten. Dunn ass déi Walfer Maschinnerie awer nees an d'Rulle komm, an eis Meedercher hu Punkt fir Punkt opgeholl a konnten hirer Säit a Féierung goen. A sou ass och den 3. Saz schlussendlech u Walfer gaangen. 25-16 an 3-0 war e weidert kloert Resultat vun eisen Dammen, déi domat weider ongeschloen op der éischter Plaz stinn.

 

Fir eis Häre war et iwwerdeems den éischte Match no der Defaite géint de Champion VC Stroossen. Si wollten an hirem leschten offizielle Match virum Knaller an der Coupe d'Europe géint Chaumont sou muenches gutt maachen.

An der Ufanksphase hu béid Equippen sech d'Punkte gerecht gedeelt a sou ass et bis nom éischten techneschen Temps-mort och ganz seréiert bliwwen. Ab der Mëtt vum Saz waren et dunn eis Jongen em de Momo El Farh, déi sech lues a lues ofsetze konnten a sech den éischte Saz geséchert hunn. Mat 25-17 ass den éischte Saz op de Konto vun de Walfer Häre gaangen.

 

Am zweete Saz konnten eis Jongen sech dunn direkt ofsetzen. Mat enger stabiller Receptioun ass et dem Passeur Gilles Braas liicht gefall déi richteg Attaquanten ze fannen, soudass de Matthias Cloot an de Ben Angelsberg och zu hire Punkte komm sinn. An der Mëtt vum Saz koum den Nils Bichel fir de Ben Angelsberg op den Terrain a konnt och nach weider Spillminutte sammelen. An och de Max Havé huet sech dierfen an de Statistike veréiwegen. Mat engem Block an zwee Ugrëffspunkten an der Schlussphase huet hie gehollef dësen zweete Saz beim Score vu 25-15 ze clôturéieren.

 

Den Nils Bichel ass dunn am 3. Saz vun Ufank u bruecht ginn a konnt duerch eng Réi gutt Ofwieraktiounen an eng konstant Receptioun op sech opmierksam maachen. Allerdéngs ass den drëtte Saz net esou verlaf, ewéi eis Jongen sech dat virgestallt hunn. Schnell hat een en Ecart vu fënnef Punkte géint sech um Tableau stoen. De Momo konnt net méi esou punkten, ewéi dat nach an deenen zwee éischte Säz de Fall war an och e puer kleng Serien um Service hunn et net erlaabt deene Belairer dëse Saz nach ofzeknäppen. Mat 25-18 huet een dëse Saz dach relativ kloer missen un de Géigner ofginn.

 

Déi véiert Manche sollt de Match dunn awer op en Enn bréngen. De Ben Angelsberg huet nees fir den Nils Bichel ugefaangen an de Jean-Pierre Londinière huet dem Rouven Watgen seng Plaz ageholl. Vun Ufank un war een nees méi konzentréiert an et huet een nees gesinn, dass Walfer awer verdéngt e puer Plaze virum Belair an der Tabell steet. Mat 25-12 konnt een de véierte Saz kloer fir sech entscheeden, a kann de Match trotz dem klengen Duerchhänger am drëtte Saz mat 3-1 fir sech entscheeden.

 

Elo heescht et mat Vollgas a Richtung Coupe d'Europe. Eis Jongen hunn nach 2 Trainingsunitéite virun sech an deenen se sech esou gutt et geet op de Géigner astelle kennen. Mir hoffen, dass mir iech all en Donneschdeg den 8. Dezember zu Walfer an der néier Haal begréisse kennen an en onvergiesslechen Owend mat iech verbrénge kennen.