Skip to main content

7. Spilldag an der Novotel Ligue

Fir de Konnt vum 7. Spilldag waren eis zwou Seniorsequippen zu Stroossen op Besuch. Mam Match géint de VCS ass d'Hironn scho clôturéiert ginn an d'Equippen hunn sech domat all schonn emol matenee gemooss.

 

20161015182702_AZ8_8201.jpg

 

Eis Dammen hunn den Ufank um 17.30 Auer gemaach. De Coach Serge Karier konnt op de komplette Kader zréckgräifen an eis Meedercher sinn no der Victoire géint de VC Mamer ganz selbstbewosst an de Match gestart. Vis-à-vis war et eng jonk Stroossener Equipe, déi lescht Joer als 7. esou just nach an der Novotel Ligue bléiwe konnt. Den Tabellefëneften huet no der dach knapper Victoire géint de Virleschte V80 Péiteng eng Reaktioun wëlle weisen an huet motivéiert ugefaangen.

 

Déi ufänglech Euphorie konnten eis Meedercher awer relativ schnell ënnerbannen. Si hunn d'Stroossener Meedercher vun Ufank un ënner Drock gesat a gewise wisou si d'Poleposition an der Novotel Ligue hunn. 25-10 war dat kloert Resultat no der éischter Manche.

 

Och am zweete Saz ass déi Walfer Maschinn op Héichtoure gelaf, och wann hiert Spill e bëssen un Niveau verluer hat. Trotzdem koume si ni a Bedrängen dësen 2. Saz missen ofzeginn. Mat 25-16 hu si op 2-0 an de Sätz erhéicht.

 

Am 3. Saz ass de Match dunn e bëssen dohigeplätschert an eis Dammen hu just nach dat Néidegst gemaach fir och de leschte Saz ze gewannen. Volleyballeresche Kaviar kruten d'Supporter zu Stroossen net onbedéngt gebueden, si hu sech éischter misse mat enger duerchschnëttlecher Prestatioun zefridde ginn. 25-20, an 3-0 huet et schlussendlech geheescht an eis Dammen dierfen sech Hierschtmeeschter 2016/2017 nennen.

 

Um 20.00 Auer hunn eis Hären hire Match géint den aktuelle Champion ugefaangen an och do war d'Ziel als éischten an d'Réckronn ze starten. Dass dëst awer kräfteg no hanne lass goe sollt huet een sech net geduecht. Den Ufank vum Match war nach ganz enk. 3-3 a 5-5 waren déi éischt Tëscheresultater. Ab dem éischten techneschen Temps-mort huet de VC Stroossen awer e Gang méi héich geschalt an eis Häre sinn engem Réckstand vun 2-3 Punkten hannendrugelaaf. Bei 16-13 huet den Arbitter déi 2. technesch Auszäit gepaff. An der Endphase ass den Ecart dunn awer nach gewuess a si hunn den éischte Saz um Enn kloer mat 25-19 missen ofginn.

 

Vu bausse konnt ee gesinn dass eis Hären definitiv net un den Niveau vum leschte Weekend uknäppe konnten an sech immens schwéier mat deenen héich motivéierte Stroossener gedoen hunn. Am Ufank vum 2. Saz huet een dunn awer gemengt dass d'Jongen sech erkréie géingen. 16-12 stoung et dës Kéier fir Walfer an et huet ausgesinn, wéi wann dëse Saz un eis Jonge géing goen. Du koum awer e Lach vu 5 Punkten. Bei eise Jongen ass näischt méi zesummegaangen an de Virsprong ass schnell geschmolt. Um Enn konnte si no der 4 Punkte Féierung just nach 3 Punkte maachen an hunn de Saz nees missen op 19 ofginn.

 

Am drëtte Saz ass dunn alles esou komm, wéi een sech dat nu wierklech net gewënscht hat. Di Stroossener hu mat enger Liichtegkeet gespillt, déi si dës Saison nëmme seele konnten op de Parquet bréngen an bei eise Jongen ass näischt méi gangen. 8-2 stoung et ganz schnell am éischte Saz an et konnt een sech denke wourop dat erauslaafe sollt. Stroossen ass Punkt vir Punkt fortgezunn an eis Jonge konnten nëmmen nach nokucken, wéi Stroossen sech dës Victoire geséchert huet. Mat engem 25-17 konnt een de Schued am 3. Saz dunn nach esou just a Grenzen halen.

 

Um Enn muss ee soen dass e Samschden déi besser Equippe gewonnen huet an dass eis Jongen hir Schlëss elo mussen zéie fir an der Réckronn nees op déi richteg Piste ze kommen. Duerch des Defaite ass den RSR Walfer op déi 3. Tabelleplaz erofgerutscht an huet elo 2 Punkte Retard op de VC Fenteng an 1 Punkt op de VC Stroossen.