Skip to main content

3. Spilldag an der Novotel Ligue

E Samschden ass et fir eis 2 Seniorsequippe fir d'drëtt des Saison em Punkte fir d'Generalklassement an der Novotel Ligue gang. Géigner waren dëse Weekend den CS Gym Volley an de Volley Bartreng.

normal_20161022_JG_NLD_RSRW-GYM_003.jpg      normal_20161022200844_FM_NLH_RSRW_VB_011.jpg

 (Photoen Gerard Jerry a Francis Manderscheid, volleyball.lu)

Den Ufank hunn nees eis Dammen um 18:00 Auer géint den Tabellenéischten Gym Volley gemaach. Béid Equippen hate virum Match vun e Samschden nach kee Saz missen ofginn. D'Gym konnt sech zweemol 3-0 géint de V80 Péiteng an de VB Amber-Lënster duerchsetzen; d'Walfer Meedercher konnten hier Partië mam nämmlechte Score géint de VC Stengefort an de V80 Péiteng gewannen. An der Tabell hu ganz genau 2 gespillte Punkten déi zwou Equippe getrennt.

Et huet een sech vu béide Säiten e ganz intressante Match erwaart. Eis Meedercher haten sech d'Woch iwwer ganz intensiv op de Géigner virbereet a konnten dem Match vun Ufank un hiere Stempel opdrécken. Et huet ee gemierkt, dass si direkt weise wollte wien de Chef an der Haal wier. D'Gym hat vum éischte Punkt u Problemer dem Rhythmus, dee Walfer hinnen imposéiert huet ze folgen. Mat 8-1 goungen d'Equippen an den éischten techneschen Temps-mort. Walfer huet weider Drock um Service gemaach an d'Gym hat weider Schwieregkeeten hiert Spill opzezéien. Den Ecart ass lues a lues weider gewuess. Mat 25-12 goung den éischte Saz kloer un den RSR Walfer.

Am zweete Saz huet een sech eng Reaktioun vum Tabellenéischten erwaart. Des sollt awer net kommen. Walfer war weiderhin déi spillbestemmend Equipe an huet der Gym och dëse Saz keng Geleeënheet gelooss Fouss ze faassen. D'Betty Hoffmann konnt seng Bäll mat aller Kraaft am Terrain placéieren an d'Marina Antova, dat dëse Match an d'Mëtt geréckelt ass, konnt och vun dëser fir hat ongewinnte Positioun punkten. 25-15 huet et um Enn vum 2. Saz geheescht.

Spéitstens no den éischte gespillte Bäll am 3. Saz konnten d'Supporter sech denken, dass et dëse Match keen anere Gewënner, wéi den RSR Walfer kéint ginn. d'Walfer Meedercher hunn hiert Spill Punkt fir Punkt duerchgezunn an hunn d'Gym net méi an de Match komme gelooss. De Serge Karier, deen de Coaching bei de Matcher fir d'Trainerin Marina Antova iwwerhellt, konnt dem ganze Kader Spillzäit ginn. Mat 25-12 war och den 3. Saz entscheet. Domat iwwerhuelen eis Meedercher als elo eenzeg Equipe ouni Sazverloscht d'Tabellespëtzt.

No de Meedercher war et du wei gewinnt un den Hären. Hei huet een sech misse mam Volley Bartreng moossen, déi bis dato eng Victoire (3-0 géint de VC Lorentzweiler) an eng Defaite (1-3 géint den Escher Volleyball Club) op hirem Kont haten. Eis Hären haten sech no deenen zwou duerchwuessene Partië géint de Belair a Lorentzweiler vill virgeholl a wollte weider 3 Punkten zu Walfer halen.

Nodeems de Start mat engem Blockpunkt vum Bartrenger Petko Tunchev net ganz gegléckt war, konnten eis Jongen awer schnell reagéieren an hunn d'Feirung bei 2-1 direkt eng éischte Kéier iwwerholl. Vun Ufank un war all Punkt op béide Säiten haart ëmkämpft a keng Equipe konnt sech entscheeden ofsetzen. de Score vun 8-7 an der éischter techneschen Auszäit huet dat och remginn. De Serge Karier schéngt awer déi richteg Wierder fonnt hunn fir seng Jongen ze motivéieren. Virun allem de Jean-Pierre Londiniere huet d'Differenz nom Temps-mort gemaach. Mat 4 Punkten aus 4 Bäll an 2 Blockpunkten am éischte Saz huet de J-P seng Klass ënnerstrach. Walfer konnt sech liicht ofsetzen an hat en Ecart vu 4 Punkten an der 2. techneschter Auszäit. Mat vill Drock um Service huet Walfer verhënnert, dass Bartreng hiert Spill opzéie konnt. De Momo El Fahr an de Matthias Cloot hunn dofir gesuergt, dass den éischte Saz schlussendlech mat 25-17 un d'Haushäre goung.

Am zweete Saz koumen déi Bartrenger besser an de Match a konnten duerch Punkte vun Tunchev a Sabchev en Zeeche setzen. Walfer huet awer weider gutt gespillt a konnt di Bartrenger duerch eng gutt Blockarbescht (insgesamt 9 Blockpunkten am Match) bremsen. De ganze Saz iwwer konnten eis Jongen e Virsprong vu 4 bis 5 Punkte verwalten. Bartreng huet awer nach ëmmer gutt dogéint gehalen an déi jonk Nationalspiller Hoffmann an Erpelding hunn an der Mëtt gewisen, dass och de Jean-Pierre haut awer net grad maache konnt wat e wollt. Op Walfer Säit waren et weider El Fahr (16 Punkten), Cloot (11 Punkten) a Londiniere (11 Punkten) déi hier offensiv Stäerkt ausspille konnten. Dat schnellt Spill, wat op Walfer Säit vum Passeur Gilles Braas opgezu gouf, huet de Bartrenger Block déi eng oder aner Kéier viru Schwieregkeete gestallt an d'Attaquante konnte géint en Eenerblock ofschléissen. Den 2. Saz goung mat 25-20 e bësse méi knapp wéi den éischte Saz un den RSR Walfer.

Am 3. Saz war d'Loft op Säite vun deene Bartrenger dunn awer scheinbar eraus. Walfer hat d'Spillgescheihen vun Ufank un u sech gerappt an huet et bis zum Schluss vum Match och net méi ofginn. D'Walfer Hären hunn den Ecart Punkt vir Punkt vergréissert a konnten de Saz mat 25-14 fir sech entscheeden. Domat stinn eis Häre weiderhin op der éischter Tabelleplaz.

 

Nächste Weekend ass di éischt Ronn vun der Coupe de Luxembourg. Eis Hären hunn e Fräilous a kennen sech hier Géigner gemittlech als Zuschauer ukucken. D'Damme spille géint de VB Amber-Lënster.

Di aktuell Tabellen:

Dammen:

Screen_Shot_2016-10-23_at_22.59.58.png

Hären:

Screen_Shot_2016-10-23_at_22.58.18.png