Skip to main content

''Walfer setzt op Juegend''

Foerderkader"Walfer setzt op Juegend"

Ennert desem Moto sin virun engem gudden Mount 15 Jonk Walferspiller (zweschen 14 an 22 Joer) gefroot ginn ob si un der eischter Letzebuerger Volleybalsschoul wellten Deel huelen an ennert der Form vum "RSR Förderkader 2013" Trainingsenheeten vun je 2,5 bis 3 Stonnen 3x Woch bereet wieren ze absolveieren....

Elo eng kleng Zweschenbilanz no engem gudden Mount,mat vill Schwees,Muskelkater,... awer och Spaas an enger super Stemmung, aus engem Groupe mei oder weineger talenteierter ma bis zur decker Zeiw motiweierter "Weller Jungs" ass eng formidable Band Kollegen an eng Ekippe entstaanen dei et Spaas mecht ze traineieren an mat der dei Walfer Responsables ( mat der Ennerstetzung vun onsem neien Transfert Jean-Pierre) sech net waerten scheien an dei nächst Saison ze goen...

"Walfer setz ob Juegend" ass net nemmen een Slogan ma Walfer gett senger Juegend an Jidderengem och d' Chance ze spillen ob an enger eischter Ekippe oder an enger vun onsen onzieleschen aaneren Ekippen vir Jiddereen waert eppes gebueden ginn dass all Jonken an manner Jonken sech individuell sengem Niveau an Asaatz no entwickelen an spillen kann.

Rdv Iech all ob onsem Juegendturneier ( vir ze kucken, ze supporteieren, an am Beschten eng Hand mat un ze paacken )wou een Deel vun onsem Förderkader an der Kategorie U19 niewt all onsen aaneren Juegendekippen waert untrieden.

Serge Karier 

Retour au menu ...

  • Hits: 2702