Skip to main content

11. Spilldag an der Novotel Ligue

Den 11. Spilldag an der Novotel Ligue huet den Heemmatchsquattro agelaut. Fir eis zwou Equippen war dëst den éischte vun insgesamt 4 Heemmatcher, déi si elo am Championnat viru sech hunn.

 

normal_20170114_JCA_NLH_RSRW-EVBC041.jpg

Foto: Jean-Claude Adler

Bei den Dammen stoung den Opsteiger Amber-Lënster um Menü, déi bis dato nach ouni Sazgewënn op der leschter Tabelleplaz stoungen. D'Auswärtsequippe war nëmme mat sechs Spillerinnen ugereest, an hat domat keng Alternativen op der Bänk. Um Freideg Owend haten eis Meedercher sech nach op Terville deplacéiert, fir en Frëndschaftsmatch géint den franséischen Éischtligist z'absolvéieren. Middegkeet konnt een deene Walfer awer net ugesinn. Si si ganz konzentréiert an de Match gestart a konnte mat engem konstante Spill iwwerzeegen. Vun Ufank un huet ee gesinn, dass eis Meedercher hirem Géigner iwwerleeë wieren, an et konnt een direkt vun enger relativ eesäiteger Partie ausgoen.

Ouni Problemer setzen eis Meedercher sech mat 3-0 (25-5, 25-7, 25-8) duerch. Domat huet et nach ëmmer keng Equippe gepackt eise Meedercher ee Saz ofzehuelen. Nächst Woch kennt et zu Walfer awer zum absoluten Topmatch tëscht eisen Dammen an dem CHEV Diekirch, déi momentan mat enger Defaite op der 2. Plaz stinn.

Bei eisen Hären huet een op eng Reaktioun gewaart. No der onnéideger Defaite géint de VC Bartreng waren d'Supporter gespaant, op eis Jongen sech géint den Escher Volleyball erkréie géingen. Dass dëst awer definitiv keng einfach Affaire géing ginn, haten déi Escher scho leschte Weekend mat hirer 3-2 Victoire géint de VC Stroossen ugedeit.

Eis Hären hirersäits wollte weisen, dass de Match géint Bartreng nëmmen en Ausrutscher war, an dass si och no der Wanterpaus un hiert aalt Spill uknäppe kënnen. Mat engem 6-0 Virsprong am éischte Saz goufen d'Erwaardungen esouguer iwwertraff. Walfer ass mat Vollgas an de Match gestart a konnt di Escher direkt ënner Drock setzen. Eng gutt Block-Feldofwier huet di Escher a Schach gehaalen. No dem groussen Ecart konnten di Escher em den Kapitän Arnaud Maroldt awer nees Punkt fir Punkt gutt maachen, an sech nees un di Walfer eruspillen. An der Endphase war den Ecart dunn ganz geschmolt an di Escher konnte sech esouguer e Sazball erausspillen. Mat ganz vill Engagement an der néideger Reussite konnten eis Jongen de Sazball awer ofwieren, an hunn de Saz mat 28-26 vir sech entscheet.

Am zweete Saz hunn di Walfer méi Konstanz an hiert Spill bruecht an déi Escher méi oder wéineger de ganze Saz iwwer op Distanz gehaalen. Ëmmer erëm war et de Ben Angelsberg, deen duerch eng Rei gutt Servicer, de Walfer Virsprong ausgebaut huet an esou maassgeeblech um Erfolleg bedeelegt war. Mat 25-21 goung och dëse Saz un d'Heemequippe.

Dunn ass et an de geféierlechen 3. Saz gangen. Och zu Bartreng war een 2-0 vir, an huet sech um Enn awer nach mat 3-2 misse geschloe ginn. Dat wollten eis Jongen awer evitéieren a sou sinn si däitlech méi konzentréiert ewéi leschte Weekend an den 3. Saz gangen. Vun Ufank un hu si den Takt uginn an dat Escher Spill schnell ënnerbonnen. Walfer huet näischt méi zougelooss an huet de Match mat enger Serviceserie vum Momo El Farh beim Score vun 25-14 clôturéiert.

Domat weisen eis Jongen déi richteg Reaktioun nom leschte Weekend a kennen elo mat voller Confiance den nächste Géigner empfänken. Den 21.1 kennt och bei den Hären de CHEV Diekirch op Besuch.