Skip to main content

10. Spilldag an der Novotel Ligue

D'Häre rutschen onerwaart um Bartrenger Glaateis aus, eis Dammen wannen iwwerdeems verdéngt mat 3-0 géint d'Gym Bouneweg.

 

20170108214300_AZ8_9094.jpg

 

Fänke mir vir un. Eis Damme waren e Samschde bei der Bouneweger Gym op Besuch. No der Wanterpaus, déi fir eis Nationalspillerinnen Nathalie Braas, Betty Hoffmann a Maryse Welsch, duerch den traditionellen Novotel Cup mat der Nationalequippe, relativ kuerz ausgefall ass, war dëst nees den éischte Championnatsmatch. Éischter ongewinnt fir eis Meedercher ass de Match schonn um 16:00 Auer ugepaff ginn. Dëst sollt si awer net weider beaflossen, an sou sinn eis Dammen 100 à l'heure an d'Partie gestart. Mat 8-0 sinn si an den éischten techneschen Temps-mort gangen. Duerch drockvoll Servicer konnten eis Dammen de Virsprong weider ausbauen a konnte bei 16-5 nach eng Kéier an den Temps-mort goen. Um Enn clôturéieren di Walfer de Saz bei 25-11.

Den 2. Saz war nees vu gudde Servicer gepräägt a sou konnt och hei séier en Ecart geschaaft ginn. Di Bouneweger hunn nëmme schwéier an de Match fonnt an Hoffmann a Co. konnten dem Match weider hire Stempel opdrécken. Um Enn geet och den 2. Saz relativ kloer mat 25-14 un eis Meedercher.

Am 3. Saz huet d'Gym dunn nach emol Gas ginn a souguer mat engem Sazgewënn geflirt. Bei eise Meedercher war e Relachement ze gesinn, d'Konzentratioun war net méi esou wéi se an de Säz virdru war an d'Dominanz war net méi präsent. Dëst wier den éischte Saz gewiescht, deen eis Meedercher an der lafender Saison hätte missen ofginn. Esouwäit koum et awer net. Am richtege Moment konnten eis Dammen nach emol eng Schëpp zouleeën a konnten di Bouneweger dovun ofhalen de Saz fir sech z'entscheeden. Mat 25-23 geet den 3. a leschte Saz och un eis Meedercher.

Mam 3-0 verteidegen eis Meedercher hier Poleposition. Nächste Weekend sollt dës dann am Normalfall géint den Opsteiger Amber-Lënster och net a Gefor geroden.

Um Sonnden Owend hunn eis Hären sech mam Volley Bartreng gemooss. Den Himatch haten eis Hären zu Walfer mat 3-0 fir sech entscheeden. Duerch déi iwwerraschend Defaite vum Doublégewënner VC Stroossen géint den Escher Volleyball Club, wier eng Victoire géint Bartreng e grousse Schrëtt a Richtung vun enger sécherer 2. Tabelleplaz gewiescht. Déi éischt 2 Säz huet och alles dono ausgesinn, wéi wann eis Hären déi 3 Punkte souverän mat op Walfer brénge géingen. Mat 25-17 a 25-14 goungen déi 2 Säz kloer u Walfer a Bartreng hat zu kengem Moment e richtegen Zougrëff op d'Spillgeschéien.

Am 3. Saz war et genau ewéi scho bei den Dammen e Relachement dat eisen Hären zum Verhängnes gi sollt, an se schlussendlech och ganz deier bezuele sollten. Et huet een déi Bartrenger besser an de Match komme gelooss an eis Hären hunn net méi déi Souveränitéit un den Dag geluecht, déi si nach an den éischte Säz gewisen haten. Mat 25-20 geet den 3. Saz u Bartreng.

No engem 4-0 fir Walfer am 4. Saz hat ee gemengt, dass eis Hären den Eescht vun der Lag erkannt hätten a sech bewosst gi wieren, dass ee Bartreng net am Schoungang bezwénge kéint. Allerdéngs sollt déi kuerz Euphorie schlagaarteg gebremst ginn. D'Bartrenger, bei deenen Tunchev, Sabchev a Valov ëmmer méi opgedréit hunn, an déi eis Walfer net an de Greff kruten, hunn den 0-4 an en 9-4 zu hire Gonschte gedréit a bei Walfer ass dat ganzt Spill zesummegebrach. Näicht goung méi an et huet ee gemengt et wier eng aner Equippe um Terrain, ewéi nach an de Säz virdrun. Den Equipegeescht, deen eis Jongen 2016 esou staark gemaach huet, war net méi ze erkennen a Bartreng huet eis Jonge regelrecht virgefouert. Relativ schnell hunn d'Supporter sech op e 5. Saz missen astellen.

An dass dëst ewéi eng Lotterie ass, dat muss een de Volleyballamateuren net erklären. Nom verluerene 4. Saz ass e klenge Ruck duerch di Walfer Equipe gangen an si sinn de leschte Saz voll motivéiert ugangen. Bis zum Score vu 5-5 war alles komplett ausgeglach, du konnten di Bartrenger sech awer liicht ofsetzen an hunn bei 8-5 d'Säite gewiesselt. Eis Jonge sinn dësem Ecart nogelaf mais hunn awer weider versicht Punkt fir Punkt nees erunzekommen. No 5-10 ass hinnen dat och esouwäit gelongen a si konnten de Réckstand nees op 2 Punkte verkierzen. Mat 15-13 musse si sech awer um Enn iwwerraschend géint Bartreng geschloe ginn a kennen net vum Stroossener Ausrutscher profitéieren. Domat sinn d'Chancen op déi éischt Tabelleplaz an domat op déi wuel beschten Ausgangspositioun fir d'Playoffs leider drastesch zréckgaangen. Elo mussen eis Jongen hier Leier aus der Defaite zeien an zesummen nees an déi richteg Spuer fannen.