Skip to main content

9. Spilldag an der Novotel Ligue

Erfollegräiche Weekend fir eis Dammen an Hären

 

No enger ganz turbulenter Woch beim RSR Walfer mam Highlight Coupe d'Europe huet de Ligaalldag eis Equippen erëm.

 

normal_20161208203318_FM_ChCup_RSRW-CHVB52_066.jpg

Virun allem fir eis Häre war et eng ganz chargéiert Woch. En Donneschdeg ware si nach géint den Tabellenéischten aus Frankräich um Netz. Ee Match, deen si sou schnell netméi vergiesse wäerten. Trotz enger 3-0 Defaite konnt ee virun enger super Kuliss awer weisen, dass een och klenge Lëtzebuerg Volleyball spille kann, an dass een (och wa vläicht nëmmen am éischte Saz) deene grousse Fransousen d'Stir bidde konnt. De Match géint Chaumont haten eis Häre mat Sécherheet nach an de Been, mee deene Luerenzweiler war dat awer egal. Trotz dem Ausfall vun de Luerenzweiler Atanov a Szpak sinn si voll motivéiert an de Match gangen a wollten deene Walfer e Been stellen.

 

Den éischte Saz war zimlech serréiert an et ass vill hin an hier gangen. Keng Equippe konnt sech richteg ofsetzen a sou war et bis zum Schluss vum Saz spannend. Nodeems Luerenzweiler sech dunn en Ecart vun 3 Punkten erausgespillt hat, konnten eis Jongen awer reagéieren an hunn duerch e gudde Block an eng stabil Ofwier de Saz zu hiere Gonschten entscheeden. 25-22 stoung zum Schluss um Tableau.

 

Am 2. an am 3. Saz war de Spilloflaf plus ou moins dee selwechten. Eis Häre konnten hiert Spill opzéien, ouni awer spilleresch iwwert sech erauszewuessen. Si hunn hire Stiwwel erofgespillt an déi Luerenzweiler konnten nëmmen nach zäitweis geféierlech ginn. Och a punkto Score waren d'Säz identesch. Zwee mol hunn eis Hären de Saz op 21 gewonnen a kenne wichteg 3 Punkten am Rennen em d'Playoffplazen doheem halen. Well Stroossen sech e Sonndeg den Owend mat 3-1 géint Fenteng huet misse geschloe ginn, klammen eis Hären op déi 2. Tabelleplaz.

 

Bei eisen Dammen huet de Géigner V80 Péiteng geheescht. Wéi och am Himatch gouf et eng kloer Victoire fir eis Dammen. Mat 3-0 (25-14, 25-9, 25-9) entscheede si hire Match däitlech fir sech a bleiwen och nom 9. Spilldag ongeschloen un der Spëtzt.

 

Nächst Woch steet schonn de leschte Match fir d'Kalennerjoer 2016 fir den RSR Walfer um Programm. An der Coupe de Luxembourg geet et fir eis Hären e Samschden Owend um 19.00 Auer géint den Escher Volleyball Club. Eis Dammen dierfen de wäite Wee bis op Wolz untrieden. Si spillen e Samschden um 14.30 Auer.