Skip to main content

6. Spilldag an der Novotel Ligue

(Photo: Christian Kemp)

De 6. Spilldag hat et fir eis zwou Equippen nees esou richteg a sech. Direkt zweemol war et en Duell tëscht dem Éischten an dem Zweeten, woubäi déi jeeweileg Zweet ëmmer punktgläich mam Éischte waren an nëmmen duerch dat méi schlecht Sazverhältnis op der zweeter Plaz stoungen. Bei den Dammen huet de Géigner VC Mamer geheescht; eis Hären hunn et iwwerdeems mam VC Fenteng ze di gehat.

 

20161120192455_AZ8_5458.jpg

Den Ufank hunn d'Dammen e Samschden zu Mamer gemaach. Scho virum Match war gewosst, dass déi Mamer Haaptattaquante Diana Voelz aus perséinleche Grënn net konnt um Match sinn. Domat waren déi Mamer Meedercher vu vir era scho geschwächt an eis Meedercher konnten als kloren Favorit bezeechent ginn. Dass et um Enn awer esou kloer géing ginn, hätt wahrscheinlech keen sech erdreemt. Mat 3-0 (25-8; 25-13; 25-13) iwwerrennen eis Meedercher de bis dato Zweetplazéierten a stinn elo eleng un der Tabellespëtzt. Eis Meedercher ware Mamer an alle Punkten iwwerleeën an hunn dem Géigner zu kengem Moment Loft fir ze ootme gelooss. Der Bezeechnung Spëtzematch konnt des Partie op alle Fall net gerecht ginn.

E Sonnden Owend war et dunn un den Hären. Si ware beim VC Fenteng op Besuch, déi sech virun der Saison mat zwee Ex-Profie verstäerkt hunn. Deen een aus der franséischer Pro B, deen aneren aus der 1. däitscher Bundesliga. Et ass em déi éischt Plaz an der Novotel Ligue gangen a béid Equippe wollten dëse Match onbedéngt gewannen. Entspriechend intensiv a spannend sollt de Match och ginn.

Eng Iwwerraschung haten eis Jongen awer och am Gepäck. Déi néi Trikoten sinn endlech ukomm an eis Jongen konntes dës eng éischte Kéier no der Sponsorsnight prsentéieren.

Am éischte Saz waren eis Jongen direkt hellwaakreg a konnten hire Géigner duerch vill Drock um Service an der néideger Reussite an der Attaque a Schach halen. Virun allem de Jean-Pierre Londiniere war immens gutt opgeluecht an huet ee Punkt nom anere markéiert. Souwuel Receptioun ewéi och Defense stounge gutt a Walfer konnt sech eng éischte Kéier e bëssen ofsetzen. 8-6 an dono 15-10 stoung et aus Walfer Siicht an et konnt een optimistesch sinn, dass den éischte Saz un déi Walfer géing goen. Mat 25-17 konnte si dat och confirméieren.

Am zweete Saz hunn déi Fentenger besser an de Match fonnt. Virun allem Lomacz a Karanovic hunn dat Fentenger spill belieft a konnte Londiniere a Co Paroli halen. Anescht ewéi am éischte Saz sinn eis Jongen dem Score ëmmer hannendru gelaf. Mat engem Fehler um Service vum Momo El Fahr ass den zweete Saz zu Gonschte vu Fenteng op en Enn gaangen.

1-1 an de Säz, an domat nees komplett ausgeglach. Den drëtte Saz war bis zur Endphase e Copie Paste vum éischte Saz. Eis Häre konnte fréi en Ecart hirstellen, deen si bis 20-15 hale konnten. Du koum eng Schwächephase, déi si bal deier bezuelt hunn. Fenteng huet 5 Punkten um Stéck gemaach a konnt bei 22-22 souguer egaliséieren. Deen scho sécher gemengten zweete Sazgewënn stoung nees op der Kipp. An enger extrem spannender Endphase hat keng Equipe der anerer eppes ze schenken. Bei 24-23 hat Walfer en éischte Sazball, deen awer ofgewiert konnt ginn. Den nächste Punkt war dunn nees fir Walfer a bei 25-24 koum et zu engem zweete Sazball. No enger Defense vum Walfer Libero Philippe Glesener, deen och e ganz gudden Dag erwëscht hat, konnt de Ben Angelsberg mat enger präziser Finte an d'Mëtt vum Terrain fir de Sazgewënn suergen. De Walfer Jongen huet een ugesinn, dass dee Moment eng grouss Laascht vun hire Schëllere gefall ass. Wann ee sou wéit fir war an de Géigner dann de Score nees egaliséiert, ass et mental immens schwéier den Dréih nees ze kréien.

Mat enger 2-1 Avance ass et an de véierte Saz gangen, deen dunn awer nees ähnlech wéi den zweete Saz sollt verlaafen. No der emkämpftener Schlussphase vum drëtte Saz hun eis Jongen sech immens schwéier gedoen a Fenteng konnt d'Rudder u sech räissen. Et huet ausgesinn, wéi wann Walfer kee Ball méi op de Buedem kréich a Fenteng konnt sech hirer säits ofsetzen. Bis zum Schluss vum Saz sinn eis Jongen net méi erukomm an hunn de Saz missen ofginn.

Tiebreak! De Serge Karier huet de Stefan Lafontaine an d'Startformatioun fir de leschte Saz gesat an domat fir eng Iwwerraschung gesuergt. Dës Decisioun sollt sech awer direkt bezuelt maachen. De Stefan ass als éischten op de Service komm a konnt mat engem gudden Opschlag fir en éischte Break suergen a Walfer ass direkt mat 2-0 an den Tiebreak gestart. Mat der Confiance vun den éischte Punkten am Réck war déi Walfer Maschinn lancéiert. De Jean-Pierre Londiniere huet am Block fir weider Punkte gesuergt a mat engem komfortabelen Avantage vu véier Punkte sinn d'Säite gewiesselt ginn. Direkt nom Säitewiessel konnt Walfer op 10-4 erhéijen an hu fir eng Virentscheedung gesuergt. Fenteng konnt zwar nach puer Punkten erzielen, sinn awer net méi erukomm. Mat 15-10 hunn eis Hären de leschte Saz an domat och de Match fir sech entscheeden a stinn elo eleng un der Tabellespëtzt.

Nächst Woch gëllt et di gutt Leeschtung géint Stroossen ze widderhuelen, fir sech eng gutt Ausgangspositioun fir d'Playoffen se sécheren.