Skip to main content

5. Spilldag an der Novotel Ligue - D'Dammen weider ouni Sazverloscht

Spëtzematch an der Novotel Ligue bei den Dammen! Dat war d'Affiche vum 5. Spilldaag! Eis Dammen hunn et mam CHEV Dikrech ze di kritt, der Equippe vun der si lescht Joer an der Halleffinall vum Championnat eliminéiert goufen.

 

normal_20161022191724_FM_NLD_RSRW_GYM_059.jpg

 

Revanche! Dat war dat Wuert, dat wahrscheinlech ville vun de Meedercher virun der Partie duerch de Kapp gaangen ass. Mee iwwermotivéiert hunn si och net dierfe sinn, stoungen déi Dikrecher bis dato dach och nach ouni Defaite punktgläich mat Walfer a Mamer un der Tabellespëtzt.

Mee ei d'Meedercher op de Parquet duerfte war et als eischt emol en ongewinnt Bild fir si. Ongewinnt direkt an zwou Hisiichten. Anescht wei esou oft hunn d'Hären an net d'Dammen nämlech den Ufank zu Dikrech gemaach. Ongewinnt och, well virum Match net de Serge Karier, mee de Max Braas an de Friedrich Rodenberg, op der Bänk souzen. De Max Braas, dee momentan nach eng Knéiverletzung auskuréiert a säit deem als Scout d'Statistike vun de Walfer Hären zesummestellt, souz um Serge senger Plaz op der Bänk an huet d'Jongen opgestallt. Den etatméissege Coach Serge Karier an eng Partie Spiller, déi nach mat der 2. Equippe zu Walfer am Asaz waren, si réicht am Laf vum éischte Saz zu der Equipe gestouss an hu missen nokucken, wei hier Equipe dem Score am éischte Saz weit hannendru gelaf ass.

Nodeems de Match mat engem Ass vum Gilles Braas nach relativ gutt ugefaangen huet, hunn eis Jongen d'Schlappen am éischte Saz iwwerraschenderweis relativ schnell verluer. Héich motivéiert an ouni Drock sinn d'Nordstaater an de Match gaangen an hate vun Ufank un déi néideg Reussite. 18-10 stoung et zwëschenzäitlech fir de CHEV an eis Jonge woussten net wei hinne geschitt wier. Virun allem Vitiuk an Gorbatiouk hu fir hier Faarwen iwwerzeegt a konnten de Gro vun den Dikrecher Punkte verbuchen. Nëmmen duerch eng Serie vum Ex-Dikrecher Rouven Watgen konnten eis Hären nach emol op 23-21 verkierzen. Och e weidere Break bei 24-23 huet Walfer net gehollef an eis Hären hu missen den éischte Saz fir des Saison ofginn.

Am zweete Saz koum dunn awer déi néideg Reaktioun. Vun Ufank un huet eis Equippe em de Matthias Cloot Dikrech ënner Drock gesat an hinne keng Zäit fir ze ootme gelooss. 25-15 huet et um Enn vum zweete Saz zu Gonschte vu Walfer geheescht.

Déi zwee nächst Säz waren nees méi ëmkämpft an d'Supporter kruten e puer flott Aktioune vu béide Säite gebueden. De Momo El Fahr war ab dem zweete Saz virun allem an der Defense an an der Attaque excellent opgeluecht an huet dofir gesuergt, dass Walfer d'Iwwerhand konnt halen.

De Rouven Watgen huet di 5. Victoire am 5. Match fir eis Jonge mat der leschter Aktioun vum Owend besigelt. 3-1 stoung et um Enn.

Nächste Sonndeg kennt et da bei eise Jongen zum Duell tëscht den zwee Tabelleleader Fenteng a Walfer.

Du konnt et endlech lassgoen. De Serge Karier, dee bei den Dammematcher als Coach un der Säitelinn steet huet d'Nathalie Braas, d'Nathalie Welsch, d'Lara Ernster, d'Kelly Sakponou, d'Betty Hoffmann an d'Marina Antova als six de base op den Terrain geschéckt.

Ënnert den Aen vun de Walfer Jongen an enger insgesamt gutt gefelltener Haal hunn eis Damme schnell gewisen, dass si dëse Match ganz serieux huele géingen. Mat alle Mëttel wollten si och aus dësem Match dräi Punkte mat heem huelen. Schnell konnten si sech eng komfortabel Avance erspillen an hunn di Dikrecher Frisch an Stoyanova gutt a Schach gehalen. Si konnten nëmme vereenzelt fir Akzenter suergen an haten net déi Duerchschlagskraaft wei nach an de Matcher virdrun. Mat 25-20 goung den éischte Saz u Walfer.

Den zweete Saz ass ganz ähnlech wei den éischte Saz verlaf. De Serge Karier hat an Zwëschenzäit d'Liz Beffort fir d'Nathalie Welsch an d'Liz Alliaume fir d'Kelly Sakponou op den Terrain bruecht. Och géint si huet Dikrech kee Mëttel fonnt an huet missen nokucken, wéi eis Meedercher Punkt fir Punkt fortgezu sinn. Um Samschden Owend sollt kee Kraut géint si gewuess sinn. Dikrech huet einfach keng Léisung fir déi präzis Walfer Attaque fonnt. 25-19 war dunn och de verdéngte Score am zweete Saz. 2-0 fir Walfer a vun engem Spëtzematch war net ze schwätzen. Ze eesäiteg ass et zu Dikrech hiergaangen.

Den drëtte Saz war nëmmen nach Formsaach. Eis Meedercher hunn hiert Spill duerchgezunn an och den drëtte Saz mat 25-22 fir sech entscheet.

Domat stinn si als eenzeg Equippe an der héchster lëtzebuerger Liga ouni Sazverloscht un der Tabellespëtzt. Nächste Weekend kënnt awer direkt déi nächst Erausfuerderung. Um Samschden treffen si mat Mamer op e weideren Titelaspirant. De Gewënner aus der Partie iwwerhëllt d'Tabellespëtzt des Saison da fir eng éischte Kéier ganz eleng.