Skip to main content

4. Spilldag an der Novotel Ligue

(Foto: Jean-Claude Adler)

Nom Coupeweekend hunn eis Seniorsequippen dëse Samschden nees am Championnat missen untrieden. Um Spillplang stoung fir d'Dammen den nämmlechte Géigner, ewéi schonn an der Coupe. Dem VC Amber-Lënster hate si leschte Weekend an der Competitioun absolut keng Chance gelooss, a sou sinn si och dëse Weekend als klore Favorit an de Match gangen. D'Hären hunn et iwwerdeems mam Escher Volleyball Club ze di gehat, déi dëst Joer de Wee an déi héchst lëtzebuergesch Liga gange sinn.

Zum Dammematch gëtt et dëse Weekend relativ wéineg ze schreiwen. D'Resultat schwätzt fir sech a léisst och keng Excusen zou. Mat 3-0 (25-5, 25-12, 25-12) setzen eis Dammen sech méi wéi kloer géint den Opsteiger am Dammechampionnat duerch. D'Trainerin Marina Antova konnt all de Meedercher Spillzäit zougestoen, soudass och déi Meedercher, déi net ëmmer d'Chance hunn sech ënner Spillbedingungen ze beweisen, hier volleyballeresch Kënscht konnte weisen. D'Tabellesituatioun bei den Dammen ass deemno och onverännert. Walfer steet mat 12 gewonne Sätz, bei kengem verluerenen op der éischter Plaz.

 normal_20161022191054_FM_NLD_RSRW_GYM_048.jpg

(Foto: volleyball.lu)

D'Hären haten et do scho bësse méi schwéier. Den ambitionéierten EVBC huet sech bis elo als gudden Opsteiger gewisen a konnt de groussen Nimm am Championnat jeeweils e Saz ofhuelen. Eng Victoire géint de VC Bartreng konnten si sech souguer och schonn erspillen. Leschte Weekend hu si duerch en 3-1 géint de VC Belair och den Ticket fir den nächsten Tour an der Coupe de Luxembourg gezunn. Mat hirem eegenen Hashtag "#icicestesch" ënnersträiche si hier Verbonnenheet zu der Heemechtsstad vun engem Groussdeel vun hire Spiller an zéien och ëmmer vill Escher an d'Haal. E besonnesche Match ass et awer och gewiescht, well ee mam Max Kiffer op en Ex-Walfer Spiller getraff ass, dee säit dëser Saison de gréngen Escher Trikot undeet.

Ënnert den Aen vun ongeféier 150 Zuschauer an der Lallenger Haal gouf de Match ugepaff. No enger schneller Walfer Féierung vun 2-3 Punkten, konnten d'Escher Jonge besser an de Match fannen an hunn de Score ganz equilibréiert gehalen. Schlag em Schlag goufen d'Bäll mol op der enger Säit, mol op der anerer Säit an den Terrain gesmasht. Keng Equipe konnt sech richteg ofsetzen, trotzdeem hat een ëmmer d'Impressioun, wéi wann eis Walfer Jongen de Match an der Hand haten, an e Gank eropschalte konnten, wann déi Escher emol ze geféierlech goufen. Den éischte Saz ass no engem Block-Out vum Ben Angelsberg mat 25-23 knapp, awer verdéngt un d'Walfer Biere gangen.

Am zweete Saz hunn sech d'Fehler op béide Säite geheeft an de Match huet u Qualitéit ofgeholl. Déi vill Walfer Fehler konnten den Escher Haushär weider iwwer Waasser halen. Ënnert den Aen vum Nationaltrainer Dieter Scholl konnten den Arnaud Maroldt an de Franz Vosahlo fir e puer Escher Akzenter suergen. Gréissten Deels konnt de Walfer Block si awer scho frei stoppen. De Matthias Cloot a seng Jonge konnten am zweete Saz dann en Ecart vu 6 Punkten erausspillen an et huet ausgesinn, wéi wann si dëse Saz kloer kéinte fir sech entscheeden. Beim Score vun 22-16 koum dunn awer den Ex-Walfer Max Kiffer op de Service a konnt mat enger gudder Serie vu 5 Punkten op 22-21 verkierzen. No engem Fehler op Escher Säit ass d'Walfer Experienz hinnen ze gutt komm an si hunn de Sak bei 25-22 zougemaach. 2-0 stoung et deemno beim zweete Säitewiessel.

Den 3. Saz war en Ebebild vum 1. Saz. Vill Fehler op deenen zwou Säiten hunn déi zwou Equippe beienee gehaal an de Match ass Punkt fir Punkt a Richtung Moneytime gangen. Méi wéi 2 Punkten Ecart konnten eis Jongen sech an dësem Saz och nees net erausspillen. Bei 24-22 koum de Momo El Fahr beim Matchball fir Walfer op de Service. E bësse signifikativ fir de Match goung dee Service awer gutt zwee Meter hannert Grondlinn an den Aus. Bei 24-23 konnt Esch nach emol zerwéieren. Elo kënnt dir rode wéi de Match op en Enn gangen ass..

..mat enger Attack vum Momo El Fahr war déi 4. Victoire fir den RSR Walfer besigelt. Genau wéi d'Damme sti si ouni Sazverloscht un der Tabellespëtzt.

 

Nächste Weekend kënnt den éischten Härtetest fir eis Dammen. Déi zwou Equippe spillen auswäerts géint de CHEV Diekirch.